COVID-19: Ongültegkeet vun de COVID-19 Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen

Am Géigesaz zu Behaaptungen, déi den Ament op de sozialen Netwierker kurséieren, huet de Gesondheetsministère säin Accord ni ginn fir eng Validéierungs-Prozedur vu COVID-19-Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen.

Et sief dorun erënnert, dass dës Tester op der Plaz mussen duerchgefouert oder iwwerwaacht ginn, an dëst vu spezifeschem medezineschem Fachpersonal, deen am Fall vun engem negative Resultat autoriséiert ass en digitalen europäeschen Certificat mat QR-Code auszestellen. Et sief och nach drop higewisen, dass dëse Certificat 24 Stonne laang gülteg ass.

Dat negatiivt Resultat vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 kann nëmme vu folgede Persoune certifiéiert ginn:

  • Dokter, Apdikter, Aide-Soignant, teschnesch-medezineschen Assistent, Infirmier, Anästhesie- a Reanimatiouns-Infirmier, Pediatrie-Infirmier, Psychiatrie-Infirmier, Infirmier gradué, Hiewan, Assistent an der sozialer Hygiène ("assistant d'hygiène sociale"), Laborant, Masseur-Kiné, Osteopath, deen eng Zouloossung huet fir zu Lëtzebuerg ze schaffen,
  • e Fonctionnaire oder staatlechen Employé, deen am Kader vun den Tester, déi an der Primärschoul an am Lycée gemaach ginn, zu dësem Zweck vum Regional-Direkter, vum Schouldirekter, vum Direkter vum Secondaires-Etablissement oder vum Lycée ernannt ginn ass. D'Lëscht vun de Staatsbeamten oder -employéen gëtt vum Direkter vun der Santé validéiert.

De COVID-19-Test-Certificat, dee vun de Persounen déi ënnert a) opgelëscht sinn, ausgestallt gëtt, huet ee QR-Code.

De Verkaf vu Certificaten op Internet ass e Verstouss géint d'Gesetz a setzt d'Persounen déi se verkafen a kafen méigleche juristesche Konsequenzen aus.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert