COVID-19-Impfung: "Booster" fir Jonker ab 12 Joer a Kierzung vum Delai fir d'"Booster"-Impfung op 3 Méint

Opgrond vun der aktueller epideemescher Well an de Risike vun der Omikron-Variant, huet de Regierungsrot op senger Sëtzung vum 7. Januar 2022 decidéiert, den Delai tëscht der "Booster"-Impfung no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer) an enger "Mix & Match"-Impfung (AstraZeneca als 1. Dosis an RNA-Impfstoff als 2. Dosis) op 3 Méint ze kierzen, an d'"Booster"-Impfung fir Jugendlecher ab 12 Joer opzemaachen.

Et sief drun erënnert, dass follgend Delaie fir de "Booster" agehale musse ginn:

  • Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff): 3 Méint no enger kompletter Éischtimpfung, ab dem 10. Januar 2022
  • Impfung mat 2 Dosissen (2 Mol AstraZeneca): 3 Méint no enger kompletter Éischtimpfung, ab dem 10. Januar 2022
  • Impfung mat 1 Dosis (Johnson&Johnson): Zousaz-Dosis mat engem RNA-Impfstoff 1 Mount no der Johnson & Johnson Impfung

Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, kënnen de "Booster" ee Mount no hirem positiven PCR-Test kréien.

Et sief drop higewisen, dass säit dem 1. Dezember d'Booster-Dosissen an de 5 Impfzentere Victor Hugo (temporär säit dem 3. Januar an d'Luxexpo verluecht), Esch-Belval, Ettelbréck, Findel (LAR) a Kierchbierg (Luxexpo) just op Rendez-vous gemaach kënne ginn.

Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem vun de 5 Impfzenteren oder bei hirem Dokter ze huelen.

Et sief och drun erënnert, dass Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen an hir Éischtimpfung am Ausland kruten, ouni Rendez-vous an engem vun den Impfzenteren hir Booster-Impfung kréie kënnen.

D'Lëscht vun den Impfzenteren an Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit www.covid19.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert