COVID-19: Presentatioun vum Avis vum Experterot iwwert d'Impfflicht

De 14. Januar 2022 huet den Experterot säin Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19 presentéiert.

Den Experterot, dee sech aus folgende Memberen zesummesetzt:

  • Dr. Vic Arendt, Medezinner-Infektiolog, Service national des maladies infectieuses, Centre hospitalier de Luxembourg;
  • Prof. Dr. Claude P. Muller, Professer, Universität des Saarlandes, Universität Trier; Expert vun der Virologie an Immunologie, Luxembourg Institute of Health;
  • Dr. Gérard Schockmel, Medezinner a Spezialist fir Infektiounskrankheeten, Hôpitaux Robert Schuman; Expert bei der EMA;
  • Dr. Thérèse Staub, Chefdoktesch vum Service national des maladies infectieuses, Centre hospitalier de Luxembourg; Presidentin vum Conseil supérieur des maladies infectieuses;
  • Prof. Dr. Paul Wilmes, Professer fir "Systems Ecology”, Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, Uni Lëtzebuerg;

gouf vun der Regierung beoptraagt fir ee medezinesch-wëssenschaftlechen Avis iwwert eng méiglech Impfflicht géint COVID-19 auszeschaffen, dat am Kontext vun der aktueller Entwécklung vun der Pandemie an der Verbreedung vun der Omikron-Variant vum Virus an ënner Berécksiichtegung vun der Progressioun vun der Impfcampagne. 

Dokumenter

Aktualiséiert