Contact Tracing

Hutt Dir e COVID-19-Test (PCR, Antigen-Schnelltest oder Antigen-Selbsttest) gemaach an Äert Resultat ass positiv?

Waart Dir an enkem Kontakt mat enger Persoun, déi COVID+ getest gouf?

Ënnerstëtzt d’Contacttracing-Ekipp andeems Dir de Formulaire covidtracing.public.lu ausfëllt.

FAQ

Wat bedeit dat Kontakt mat enger Persoun gehat ze hunn, déi positiv op COVID-19 getest gouf?

Et gëtt tëscht geschützte Kontakter an enken, direkte Kontakter ënnerscheet.

Am Zesummenhang mat der COVID-19-Pandemie schwätzt een am Allgemenge vun engem enken, direkte Kontakt, wann zwou Persounen, wouvun eng positiv op COVID-19 getest gouf, mindestens 15 Minutte laang een direkte Kontakt ouni wierksam Schutzmoossnamen (ouni Mask, ouni Anhale vum Mindestofstand, sech beréieren, sech d'Hand ginn, Kussen, etc.) haten.

E geschützte Kontakt ass e Kontakt tëschent zwou Persounen, inklusiv enger positiver Persoun, bei deem d'Schutzmoossnamen agehale goufen an de Kontakt manner wéi 15 Minutte gedauert huet.

Wärend all Kontakter mat enger infizéierter Persoun potentiell riskant sinn, si verschidde Kontakter méi riskant wéi anerer. Et hänkt alles dovunner of, wéi laang a wéi enk de Kontakt ass. Ënnerschiddlech Kontakter féieren zu ënnerschiddleche Moossnamen.

Wann Dir enken an direkte Kontakt mat enger Persoun hat, déi positiv op COVID-19 getest gouf, ass eng Quarantän néideg. Geimpften oder geheelte Persoune brauchen net a Quarantän ze goen, wa si Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten.

Ab dem 6. Dag musst Dir, nodeems Dir d'Ordonnance krut, Iech teste loossen. Ass d'Resultat negativ, gëtt d'Quarantän automatesch gestoppt. Sollten allerdéngs och no engem negativen Testresultat Symptomer optrieden, da musst Dir direkt nees getest ginn an direkt isoléiert ginn.

Wärend de 7 Deeg no der Quarantän mussen dës Persounen eng Eegen-Iwwerwaachung maachen an eng Mask droen, wa se a Kontakt si mat anere Persounen.

Wann de Kontakt net esou enk an also protegéiert war, da geet et duer, datt Dir 14 Deeg laang eng Eegen-Iwwerwaachung maacht.

D'Eegen-Isolatioun oder Isolatioun gëllt fir Leit, bei deenen eng COVID-19-Infektioun nogewise gouf..

D'Isolatioun gëtt vum Dokter verschriwwen an dauert mindestens fir 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer.

Et geet dorëms d'Infektiounsketten ze duerchbriechen. 

Wéi soll ech meng Isolatioun oder Quarantän organiséieren?

Maacht eng Lëscht mat all de Basis-Produiten, déi Dir wärend der Isolatioun oder der Quarantän brauche wäert (Liewensmëttel, Haushaltsproduiten, verschreiwungsflichteg Medikamenter, etc.) a loosst sech Iech Heem liwweren.

Wann Dir net eleng wunnt,  dann isoléiert Iech eleng an enger Kummer a benotzt, wa méiglech, getrennte Sanitäranlagen (Toilette an Dusch). Wann Dir keng getrennte Buedzëmmer benotze kënnt, da musst Dir no all Gebrauch d'Buedzëmmer desinfizéieren.

Dir musst zu all Ament e Mask droen, wann Dir Är Kummer verloosst an Iech reegelméisseg d'Hänn wäschen oder desinfizéieren.

D'Membere vun Ärem Haushalt sollen op kee Fall an Är Kummer goen oder Iech ze no kommen, souguer wann se Iech z'iesse bréngen. Et gëtt geroden, de Plateau mam Iesse virun d'Kummerdier ze setzen.

Denkt dorun Är Kummer reegelméisseg ze lëften. Botzt an desinfizéiert all Dag d'Uewerflächen, déi reegelméisseg ugepak ginn (Dëscher, Klenschen, Luuchteschalteren, Comptoiren, Grëffer, Büroen, Telephonen, Clavieren, Toiletten, Krinn a Spullsteen).

Benotzt Äert eegent Geschier, dat Dir am beschten an der Spullmaschinn wäscht, well d'Wäschdauer an d'Temperatur vum Waasser méi effikass géint de Virus sinn, wéi wann Dir d'Geschier per Hand spullt.

Benotzt Äert eegent Bettgezei, Dicher a Kleeder, déi am beschte mat Wäschmëttel an der Wäschmaschinn bei 60° bis 90°C gewäsch solle ginn. Aner Membere vum Haushalt sollen Är Wäsch net upaken. Leet Är knaschteg Wäsch an ee waasserdichte Behälter.

Versicht Iech gesond z'ernären a genuch Waasser oder Kraidertéi ze drénken. Moosst reegelméisseg Är Temperatur a rufft Ären Dokter un wann Dir Iech net gutt spiert. Wann Dir Otemproblemer hutt, da kontaktéiert d'Urgencen.

Denkt drun een Telefon oder anert Kommunikatiounsmëttel bei Iech ze halen, sou wéi d'Nummer vu Persounen, déi Dir am Noutfall kontaktéiere kënnt. 

Last update