CovidCheck

De CovidCheck-Certificat (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) wäert dee fräien a séchere Persouneverkéier bannent der EU wärend der COVID-19-Pandemie vereinfachen. De Certificat gëtt an all EU-Memberstaat agefouert. D'Ausstellen an d'Benotzung vum Certificat ass elo schonn an de Länner méiglech. Ab dem 1. Juli, wäert en dann an all Memberstaate vun der EU verfügbar sinn.

D'Bierger mussen entweder eng digital Form (z. B. als PDF op hirem Handy) oder eng Pabeierversioun vum Certificat bei sech hunn.

D'Lëtzebuerger Regierung huet och e CovidCheck-System agerîicht, deen zu Lëtzebuerg fir Etablissementer, Manifestatiounen an Evenementer gëllt.

D'Lëtzebuerger Regierung stellt ausserdeem déi mobil Applikatioun CovidCheck.lu zur Verfügung, fir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun de Certificate geméiss den zoutreffende Reegelungen zu Lëtzebuerg z'iwwerpréiwen. Dir braucht d'App just dann z'installéieren, wann Dir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun engem Certificat iwwerpréiwe musst. Äre CovidCheck-Certificat gëtt net op dëser App gespäichert.

Eroflueden vun der App:

Last update