CovidCheck.lu App

D'Lëtzebuerger Regierung stellt eng Applikatioun zur Verfügung, fir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun de CovidCheck-Certificaten (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) z'iwwerpréiwen: CovidCheck.lu.

D'Applikatioun ka gratis iwwert den Apple App Store oder de Google Play Store installéiert ginn. Si kann op engem Smartphone oder Tablet installéiert ginn

Déi mobil Applikatioun CovidCheck.lu an d'Gültegkeet vun de Certificaten

CovidCheck.lu ass déi lëtzebuergesch Applikatioun, mat där een d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun engem CovidCheck-Certificat (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) entspriechend de gëllende Reegelungen hei am Land iwwerpréiwe kann. Ausserdeem kënnt Dir d'Validitéit vun engem Certificat entspriechend de Reegelen an anere Länner, déi beim europäesche System matmaachen, iwwerpréiwen. 

Mat der App kënne Certificaten um Pabeier oder an digitaler Form (z. B. PDF) iwwerpréift ginn.

Fonctionnement vun der Applikatioun an der Praxis

E Certificat par rapport zu de Reegelen zu Lëtzebuerg (3G) iwwerpréiwen

  • D'Applikatioun opmaachen
  • De CovidCheck-System auswielen (aktuell gëtt just 3G applizéiert)
    • 3G: ee gültegen Impfcertificat, Geheelt-Certificat oder en negative COVID-19 Test-Certificat muss presentéiert ginn
    • 2G: gëtt aktuell net applizéiert
    • 2G+: gëtt aktuell net applizéiert
  • De QR-Code scannen, deen op engem CovidCheck-Certificat op Pabeier oder an digitaler Form (Smartphone, Tablet) drop ass
  • De Validitéit-Status gëtt affichéiert:
    • Gréng: authenteschen a gültege Certificat
    • Rout: net-authenteschen oder ongültege Certificat

E Certificat par rapport zu de Reegelen am Ausland iwwerpréiwen

  • D'Applikatioun opmaachen
  • "Voyage/Travel" auswielen
  • De QR-Code scannen, deen op engem CovidCheck-Certificat op Pabeier oder an digitaler Form (Smartphone, Tablet) drop ass
  • D'Land auswielen, andeems een op de Fändel klickt
  • De Validitéit-Status gëtt affichéiert:
    • Gréng: authenteschen a gültege Certificat
    • Rout: net-authenteschen oder ongültege Certificat

Opgepasst: D'Fonctionnalitéit "Voyage/Travel" iwwerpréift de Certificat par rapport zu de Reegelen, fir an d'Zilland anzereesen. Et kënnen awer och zousätzlech Reegelen an deem Land gëllen, z. B. fir an e Restaurant ze goen oder d'Benotzung vun enger Seelbunn.

Aktualiséierung vun der App a Synchronisatioun mam nationale System

Fir sécherzestellen dass déi national an europäesch Certificaten (EU DCC) vun der CovidCheck.lu-App richteg gelies ginn, musst Dir:

  • reegelméisseg iwwerpréiwen, ob Dir déi neiste Versioun vun der App installéiert hutt (iwwert den Apple App Store oder de Google Play Store)
  • wann ee Problem ass, deeglech d'App mam nationale System synchroniséieren, deen alleguerten déi technesch Donnéeë vun den EU-Memberstaaten enthält. Dës Donnéeë sinn noutwendeg fir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun den europäeschen EU DCC Certificaten ze préiwen. Dofir musst Dir Äert Gerät mam Internet verbannen, d'App opmaachen, ënnen op "Paramètres" an dono op "Synchroniser avec le système national" klicken.

FAQ

Wee kann d'App installéieren?

D'App ass fräi a gratis am Apple App Store an am Google Play Store verfügbar. 

Wéini brauch ech d'App?

Dir braucht d'App just dann z'installéieren, wann Dir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun engem Certificat iwwerpréiwe musst. 

Ech muss ee gültege Certificat presentéieren. Brauch ech dofir d'App?

Et geet duer, wann Dir Äre Certificat op Pabeier oder digitaler Form (z. B. PDF) dobäi hutt. Dir braucht dofir net d'App. D'App ass just do fir d'Authentizitéit an d'Gültegkeet vun engem Certificat z'iwwerpréiwen.  

Brauch ech eng Internetverbindung (mobil oder Wifi) fir CovidCheck.lu kënnen ze notzen?

Dir braucht eng Internetverbindung fir d'App erofzelueden an installéieren ze kënnen. D'App brauch keng Internetverbindung fir d'Authentizitéit vun engem Certificat ze iwwerpréiwen.

D'App brauch reegelméisseg Accès zum Internet fir sech mam nationale System ze synchroniséieren an déi kryptografesch Schlëssele vun deenen anere Länner erofzelueden. 

Muss ech d'Updates vun der App installéieren, wann dës proposéiert ginn?

Jo, et ass wichteg d'Updates ze installéieren, well dës wichteg nei Funktionalitéiten oder Ännerunge vun den nationale Reegele betreffe kënnen.

Wat sinn d'Viraussetzunge fir d'App z'installéieren?

Fir d'App opmaachen a benotzen ze kënnen, muss den Notzer folgendes hunn:

  • ee kompatibelt Multimedie-Gerät, also:
    • entweder ee Smartphone mat engem Fotoapparat a mam Betribssystem iOS 13.0 oder Android 5.0 oder all spéider Versiounen
    • oder een Tablet mat engem Fotoapparat a mam Betribssystem iOS 13.0 oder Android 5.0 oder all spéider Versiounen
  • een Notzer-Konto op de Plattformen Apple App Store oder Google Play Store
  • Accès op den Internet

Aktualiséiert