CovidCheck Certificaten

De CovidCheck-Certificat (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) bestätegt digital oder op Pabeier, dass eng Persoun:

  • géint de COVID-19 geimpft ass
  • negativ op de COVID-19 getest ginn ass
  • no enger COVID-19-Infektioun erëm gesond ass

Fir sécher ze goen, dass de QR-Code op de CovidCheck-Certificaten liesbar ass, gëtt recommandéiert eng digital Versioun vum Dokument (PDF) oder den Original op Pabeier ze presentéieren. Evitéiert Fotoen oder Fotokopien.

De CovidCheck-Certificat kréien

  • Impfung
    • D'Impfcertificaten, déi an den Impfzenteren erstallt ginn an op MyGuichet.lu verfügbar sinn, enthalen ee gesécherte QR-Code. Dëse ka mat Hëllef vun entspriechenden Applikatiounen an deene verschiddene Memberstaate gelies ginn an iwwerpréift d'Authentizitéit vum Certificat.
  • Geheelt-Certificat
    • No engem positive PCR-Test stellen d'Laboratoiren Iech d'Resultat vun Ärem Test an de Certificat dovun op hirer Plattform zur Verfügung, an Dir kritt eng digital Kopie vum Certificat an Ärem private Beräich op MyGuichet.lu zur Verfügung gestallt.
  •  Negative COVID-19 Test-Certificat (vun engem Laboratoire ausgestallt)
    • D'Laboratoirë stellen Iech d'Resultat vun Ärem Test an den entspriechende Certificat mat QR-Codeop hire Plattformen zur Verfügung. Dir kritt eng digital Kopie vum Certificat an Ärem private Beräich op MyGuichet.lu zur Verfügung gestallt.
  • Negative COVID-19 Test-Certificat (vun Dokteren, verschiddene Gesondheetsberuffler, Apdikter certifiéiert)
    • Persounen, déi berechtegt sinn ee COVID-19-Test ze certifiéieren, benotzen eng elektronesch Prozedur an hirem professionelle Beräich op MyGuichet.lu, fir de Certificat ze generéieren. Dëse Certificat gëtt der getester Persoun an digitaler Form oder op Pabeier mat QR-Code matginn a si kritt eng digital Kopie dovunner an hirem private Beräich op MyGuichet.lu zur Verfügung gestallt.
  • Certificat vu Konterindicatioune fir d'Impfung, ausgestallt vum Direkter vun der Santé oder engem Delegéierten
    • Op Är Demande hin, muss Ären Dokter en Attest vun der Konterindicatioun fir d'COVID-19-Impfung un den Direkter vun der Santé virureechen, deen op Basis vun enger Lëscht vu Konterindicatioune fir d'Impfung en entspriechende Certificat ausstellt. Hei fannt Dir de Formulaire iwwert d'Konterindicatioun, dee vun Ärem Dokter ausgefëllt muss ginn.
  • Negative COVID-19 Test-Certificat fir Kanner a Jugendlecher (certifiéiert vum autoriséierte Personal vun der Éducation nationale), oder vun engem Member vun der Lëtzebuerger Arméi
    • Dës Certificaten hu kee QR-Code, mee si weiderhi gülteg fir den Zougank zu Evenementer oder Etablissementer ënnert dem CovidCheck-System.

Kanner iwwer 16 Joer kënnen op eng digital Kopie vun hirem Certificat (ausser déi vun der Éducation natioanle) iwwert hire private Beräich op MyGuichet.lu eroflueden.

Eltere vu mannerjärege Kanner kënnen an hirem private Beräich op MyGuichet.lu eng digital Kopie vum Certificat (ausser déi vun der Éducation natioanle) fir hir Kanner eroflueden.

Gültegkeet vun de CovidCheck-Certificaten zu Lëtzebuerg

  • Impfcertificat
    • Gültegkeet:
      • Komplett Impfung: 270 Deeg no der leschter Dosis
      • Impfrappel "Booster": onbegrenzt
    • Akzeptéiert Impfstoffer: BioNTech/Pfizer / Moderna / AstraZeneca (Vaxzevria) / Johnson & Johnson (JCOVDEN)
    • Impfung mat 2 Dosissen
      • ab dem Dag vun der 2. Dosis
      • oder ab dem 14. Dag no der 1. Dosis, wann déi geimpfte Persoun bannent 180 Deeg virun der Impfung infizéiert war
    • Impfung mat 2 Dosissen - JCOVDEN + mRNA
      • ab dem 14. Dag no der 1. Dosis
      • oder ab dem Dag vun der 2. Dosis
    • Impfung mat 3 Dosissen - "Booster"
      • ab dem Dag vun der 2. Dosis
      • oder ab dem Dag vun der 3. Dosis
    • Impfung mat 1 Dosis: 14 Deeg no der Impfung
  • Geheelt-Certificat
    • De Geheelt-Certificat ass tëschent dem 11. an dem 180. Dag nom Datum vum Resultat vun engem positive PCR-Test gülteg
  • Negative COVID-19 Test-Certificat
    • PCR-Test, 48 Stonne gülteg
    • Certifiéierten Antigène-Schnelltest, 24 Stonne gülteg

Perséinlech Donnéeën

De Certificat enthält just déi absolut noutwendeg perséinlech Donnéeën, an dëst am Respekt vun der europäescher Dateschutzreglementatioun (RGPD). Dës Donnéeë ginn net tëschent de Länner ausgetosch. Just de Schlëssel, mat deem d'Authentizitéit vum Certificat iwwerpréift ka ginn, gëtt weidervermëttelt. D'Konservéiere vu perséinlechen Donnéeën an den Zil- oder Transit-Länner ass verbueden.

FAQ

Ech kann aus medezinesche Grënn net geimpft ginn. Hunn ech trotzdeem Zougank zu "3G" Etablissementer?

Persounen, déi aus medezinesche Grënn net geimpft kënne ginn, kënnen ee Certificat vu Konterindicatioune fir d'Impfung kréien, mat deem si Zougank zu Etablissementer oder Evenementer ënnert dem "3G" System kréien. Zousätzlech zu dësem Certificat, mussen déi betraffe Persounen awer nach e negative COVID-19-Test-Certificat virweisen oder en Selbsttest op der Plaz maachen, deen negativ ass. 

Wéi kann ech beweisen dass ech mäin Impf-Rappel ("Booster") scho krut?

Vous devez montrer votre certificat de vaccination qui indique le nombre de doses reçues.

Wéi kann ech ee Certificat vu Konterindicatioune fir d'Impfung kréien?

Op Är Demande hin, muss Ären Dokter en Attest vun der Konterindicatioun fir d'COVID-19-Impfung areechen. Den Direkter vun der Santé validéiert dësen Attest dann op der Basis vum Avis vum Contrôle médical de la sécurité sociale a stellt esou ee Certificat aus. 

Den Direkter vun der Santé stellt esou e Certificat op Basis vun enger Lëscht vu Konterindicatioune fir d'Impfung aus. 

Wéi eng Impfstoffer ginn zu Lëtzebuerg akzeptéiert?

Lëtzebuerg an all déi aner Memberlänner, déi um EU DCC deelhuelen, si verflicht d'Areese vun all Persoun z'autoriséieren, déi mat engem vun deene 4 Impfstoffer geimpft ass, déi op europäeschem Niveau zougelooss sinn: BioNTech/Pfizer, Moderna, AstraZeneca (Vaxzevria), Johnson&Johnson (JCOVDEN) an Novavax (Nuvaxovid).

Verschidde Memberstaate kënnen - ouni dozou verflicht ze sinn - och Persounen zouloossen, déi mat engem Impfstoff geimpft sinn, dee just a verschidden EU-Länner zougelooss ass (z. B. de russesche Sputnik, deen an Ungarn benotzt gëtt), oder mat engem Impfstoff dee vun der WHO homologéiert ass (wéi de chineesesche Sinopharm).

Am Kader vun der Unerkennung vun Impf-Certificaten aus Drëttstaaten, huet Lëtzebuerg, niewent den autoriséierten Impfstoffer op europäeschem Niveau, 3 zousätzlech Impfstoffer zougelooss:

  • Covishield (produzéiert vu Serum Institute of India Pvt. Ltd (SII))
  • R-Covi (poduzéiert vun R-Pharm)
  • Covid-19 vaccine (recombinant) (produzéiert vu FIOCRUZ)

Et handelt sech heibäi em déi selwecht Impfstoffer wéi déi, déi zu Lëtzebuerg genotzt ginn, mee déi an Drëttstaaten ënnert aneren Nimm produzéiert ginn. 

Virun der Rees ass et wichteg déi entspriechend Reegelung vum Zilland ze consultéieren.

Befreit de Certificat säin Titulaire vun der Quarantäneflicht bei senger Arrivée am Zilland?

Am Prinzip, jo. Allerdéngs si verschidden Ausname virgesinn, am Fall wou d'Situatioun an der Hierkonftsregioun oder am Hierkonftsland vum Reesende sech verschlechtere géif, wéi z. B. beim Optriede vun enger neier Variant.

An dësem Fall, kann d'Zilland 48 Stonnen am Viraus déi aner Memberstaaten an d'Kommissioun iwwert déi nei Restriktiounen an hir Dauer informéieren.

Virun der Rees ass et wichteg déi entspriechend Reegelung vum Zilland ze consultéieren.

Ass de Certificat fir eppes aneres nëtzlech ausser fir ze reesen?

Dës europäesch Reegelung betrëfft dee fräie Persouneverkéier, mee d'Memberstaate kënnen dësen europäesche Certificat och zu aneren Zwecker notzen (Concerten, Festivallen, etc.), entspriechend hirem nationale gesetzleche Kader.

Wéi vill Länner si betraff?

De System wäert an 30 Länner a Kraaft trieden (déi 27 EU-Memberstaaten, esou wéi Island, Norwegen a Liechtenstein).

De Reglement, deen den digitale Certificat aféiert, trëtt den 1. Juli fir d'Dauer vun engem Joer a Kraaft.

Allerdéngs ass eng Iwwergangsphas vu 6 Woche virgesinn, fir all déi Länner déi net rechtzäiteg prett si fir d'Ausstelle vun de Certificaten nom europäesche Modell. Wärend dëser Phas, mussen all déi aner Memberstaaten déi national Dokumenter akzeptéieren, virausgesat dass si déi Donnéeën enthalen, déi op europäeschem Niveau noutwendeg sinn.

Wat ass mat Persounen déi aus Drëttstaaten areesen?

Déi Europäesch Unioun ass zurzäit a Verhandlunge mat enger Rei Drëttstaat-Länner, a mat internationalen Organisatiounen, wéi d'WHO an Associatioune vu Fluchgesellschaften, fir eng géigesäiteg Unerkennung an d'Interoperabilitéit vun de Systemer unzestriewen.

An dësem Kontext, sinn Impf-Certificaten aus Drëttstaaten schonn als equivalent zu den EU DCC Certificaten unerkannt, sou dass si, genau wéi d'Certificaten aus der Europäescher Unioun, gülteg sinn.

D'Memberstaate kënnen och Certificaten aus Drëttstaaten akzeptéieren. Dës Certificate musse bestëmmte Bedéngungen erfëllen. Dës Unerkennung gëllt nëmme fir d'Arees op Lëtzebuerg a befreit déi geimpfte Persoun z. B. vun der Obligatioun, een negatiivt Resultat vun engem COVID-19-Test virzeweisen. 

Wou kréien ech d'Test- oder Geheelt-Certificate fir meng mannerjäreg Kanner?

  • Negative COVID-19 Test-Certificat (vun engem Laboratoire ausgestallt)
    • Op de Plattforme vun de Laboratoirë kritt Dir d'Testresultat an den entspriechende Certificat zur Verfügung gestallt.
  • Negative COVID-19 Test-Certificat (vun Dokteren, verschiddene Gesondheetsberuffler, Apdikter certifiéiert)
    • Persounen, déi berechtegt sinn ee COVID-19-Test ze certifiéieren, benotzen eng elektronesch Prozedur an hirem professionelle Beräich op MyGuichet.lu fir de Certificat ze generéieren. Dëse Certificat gëtt der getester Persoun an digitaler Form oder op Pabeier zur Verfügung gestallt.
  • Geheelt-Certificat
    • Bei engem positive PCR-Test, kritt Dir d'Testresultat an den entspriechende Certificat op de Plattforme vun de Laboratoiren zur Verfügung gestallt.

Jugendlecher vu 16 Joer oder méi kënnen och iwwert hire private Beräich op MyGuichet.lu op déi digital Kopie vun hire Certificaten zougräifen.

Eltere vu mannerjärege Kanner, déi op der nämmlechter Adress ugemellt sinn, hunn deemnächst d'Méiglechkeet eng digital Kopie vun de Certificate vun hire Kanner erofzelueden.

Wéi generéieren ech ee CovidCheck-Certificat mat QR-Code fir een Antigène-Schnelltest (TAR)?

Den Detail vun der Prozedur fannt Dir op guichet.lu (op Franséisch, Däitsch oder Englesch)

Aktualiséiert