Äre CovidCheck System deklaréieren

De CovidCheck-System ass ee System, dee fir Privatpersounen a privat an ëffentlech Etablissementer (z.B. Restauranten, Baren, Fitnesszenteren, Butteker, Administratiounen, Betriber, asw.) oder Evenementer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) gëllt, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt nëmmen deene Persounen (Clienten, Gäscht, Spectateuren, Personal, Opsiichtspersonal) erlaabt ass, déi geimpft, geheelt oder negativ getest (Certificat mat QR-Code oder certifiéiert vun der Éducation nationale) goufen. Kanner vu manner wéi 12 Joer an 2 Méint musse kee COVID-19-Zertifikat virweisen. 

Wann Dir méi wéi 10 Persounen op Äre privaten Event aluede wëllt, ouni dobäi d'Maskeflicht oder d'Distanzreegel vun 2 Meter oder och eng Sëtzplaz-Flicht anhalen ze mussen, da musst Dir Iech fir de CovidCheck-System entscheeden. 

Opgepasst! All Entreprise oder ëffentlecht Organ, déi sech dozou entscheet hunn, fir an hire Raimlechkeeten oder just dengem Deel dovun de CovidCheck-System z'applizéieren, muss dëst iwwert de Formulaire hei drënner umellen an den zoustännegen Administratiounen domat matdeelen.

CovidCheck-Formulaire

Checklist fir Eventer mat méi wéi 2.000 Persounen

FAQ

Mir géife gäre mat eisem Veräin oder eisem Betrib e Grillfest ouni Caterer organiséieren. Ass dat méiglech? An dierfe mir Spiller fir d'Kanner virgesinn?

Jo, awer ënnert der Bedéngung dass Dir mam CovidCheck-System schafft. Mat dësem System kënnt Dir selwer grillen an och Aktivitéite fir d'Kanner organiséieren. De CovidCheck-System erméiglecht Iech Är Veranstaltung ouni Restriktiounen z'organiséieren, och wann dës weiderhi recommandéiert sinn. Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint brauche keen Test ze maachen a keen negativen Test-Certificat virzeweisen. 

Mir si professionell Organisateure vu Konferenzen. Dierfe mir eise Clienten de CovidCheck-System ubidden?

Jo.

Mir si professionell Psychologen a wëlle Seminairen / Seancen ënnert dem CovidCheck-System organiséieren. Ass dat méiglech? Kënne mir an deem Fall Iessen a Gedrénks ubidden?

Jo.

Last update