Äre CovidCheck System deklaréieren

De CovidCheck-System ass ee System, dee fir Privatpersounen a privat an ëffentlech Etablissementer (z.B. Restauranten, Baren, Fitnesszenteren, Butteker, asw.) oder Evenementer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) gëllt, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt nëmme Persounen (Clienten, Gäscht, Spectateuren, Personal, Opsiichtspersonal) virenthalen ass, déi geimpft, geheelt oder negativ getest goufen (entweder duerch ee Selbsttest op der Plaz oder duerch een zertifiéiert negatiivt Resultat). Kanner vu manner wéi 6 Joer musse kee Selbsttest op der Plaz maachen oder COVID-19-Zertifikat virweisen. 

Wann Dir méi wéi 10 Persounen op Äre privaten Event aluede wëllt, ouni dobäi d'Maskeflicht oder d'Distanzreegel vun 2 Meter oder och eng Sëtzplaz-Flicht anhalen ze mussen, da musst Dir Iech fir de CovidCheck-System entscheeden. 

D'Schnelltester musse certifiéiert sinn, fir tëschent 01:00 a 06:00 Auer moies valabel an zougelooss ze sinn. 

CovidCheck-Formulaire

Wéi mellen ech mäi CovidCheck-Event un?

FAQ

Mir géife gäre mat eisem Veräin oder eisem Betrib e Grillfest ouni Caterer organiséieren. Ass dat méiglech? An dierfe mir Spiller fir d'Kanner virgesinn?

Jo, awer ënnert der Bedéngung dass Dir mam CovidCheck-System schafft. Mat dësem System kënnt Dir selwer grillen an och Aktivitéite fir d'Kanner organiséieren. De CovidCheck-System erméiglecht Iech Är Veranstaltung ouni Restriktiounen z'organiséieren, och wann dës weiderhi recommandéiert sinn. Kanner ënner 6 Joer brauche keen Test ze maachen a keen negativen Test-Certificat virzeweisen. 

Mir si professionell Organisateure vu Konferenzen. Dierfe mir eise Clienten de CovidCheck-System ubidden?

Jo.

Mir si professionell Psychologen a wëlle Seminairen / Seancen ënnert dem CovidCheck-System organiséieren. Ass dat méiglech? Kënne mir an deem Fall Iessen a Gedrénks ubidden?

Jo.

Last update