CovidCheck-Formulaire

Opepasst! 

Veranstaltunge mat méi wéi 2.000 Persoune mussen

  • iwwert den Online-Formulaire hei drënner ugemellt ginn a
  • per Recommandé bei der Gesondheetsdirektioun deklaréiert ginn!

Veranstaltunge mat 2.000 Persounen oder manner mussen

  • nëmmen iwwert den Online-Formulaire hei drënner ugemellt ginn

Deklaratioun vun enger Veranstaltung mat méi wéi 2.000 Persounen

Fir Veranstaltunge vu méi wéi 2.000 Persoune muss ee Gesondheetsprotokoll agereecht ginn, deen am Virfeld vun der Gesondheetsdirektioun validéiert muss ginn.

De Veranstalter muss de Protokoll als ageschriwwene Bréif, also per Recommandé mat Empfangsbestätegung, un d'Gesondheetsdirektioun schécken.

Nom Empfang vum Dossier, huet d'Gesondheetsdirektioun en Delai vun 10 Schaffdeeg fir de Protokoll ze préiwen. Wann no dësem Delai keng Réckmeldung vun der Gesondheetsdirektioun koum, gëllt de Protokoll als validéiert.

Wann de Protokoll net validéiert gëtt, mécht d'Gesondheetsdirektioun Verbesserungsvirschléi, déi se per Recommandé a mat Empfangsbestätegung zeréck un de Veranstalter schéckt. Dësen huet dann en zousätzlechen Delai vu 5 Deeg, fir de Recommandatiounen nozekommen.

Fir zoulässeg ze sinn, muss de Gesondheetsprotokoll folgend Krittären erfëllen:

  • Benennung vun engem COVID-19-Beoptraagten, dee fir d'Ëmsetzung vum Gesondheetsprotokoll zoustänneg ass an am Fall vun enger Kontroll als Kontaktpersoun agéiert
  • Informatiounen doriwwer, ob d'Veranstaltung am Fräien oder banne stattfënnt, an ob et een eemolegen oder repetitiven Event ass
  • Unzuel vun de Leit, déi gläichzäiteg empfaange kënne ginn
  • Lëscht vun de sanitäre Mesuren, déi souwuel fir d'Personal wéi och fir d'Gäscht virgesinn a virgeschriwwe ginn, an Informatiounen doriwwer, wéi dës Mesurë siichtbar an den Aganksberäicher affichéiert ginn
  • Konzept fir d'Reegelung an d'Iwwerwaachung vun de Persounestréim bei der Entrée, am Banneberäich a bei der Sortie vun der Eventplaz

Fields marked with an asterisk (*) are mandatory.

Heimat informéieren ech,

Organisateur vun:*

den Här Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, dass ech fir déi uewe genannten Veranstaltung / den Etablissement de CovidCheck System auswielen:

Verstéiss géint déi verschidden Aspekter vum CovidCheck System, inklusiv d'Net-anhale vun der Meldeflicht oder de Fakt dass de Bedreiwer d'Participatioun oder den Accès vu Persounen zouléisst, déi weder en Impf-Certificat, nach ee Geheelt-Certificat, nach ee gültegen negative COVID-19 Test-Certificat hunn, oder keen negativen an op der Plaz realiséierte COVID-19 Selbsttest virweise konnten, si strofbar. Dës administrativ Geldstrofe gi bis maximal 4.000 Euro (Artikel 11 vum ofgeännerte Gesetz vum 17 Juli 2020 zu de Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie).

Wann Dir Froen zum Inhalt vun dësem Formular hutt, kënnt Dir eis telefonesch um (+352) 247 - 65533 oder per E-Mail op helpdesk-covidcheck@ms.etat.lu kontaktéieren.

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ beaarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.

Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.

Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt d'Organ op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat.

Zougrëff op Är Donnéeën huet d'Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Beaarbechte vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.

Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux.).

Last update