COVID-19-Consultatiounszenteren

Wann Dir Symptomer vum COVID-19 opweist, kënnt Dir Iech ouni Rendez-vous un déi 2 COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC - Centre de consultation COVID-19)um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht wenden.

D'Consultatioun ass gratis. Bréngt Är Carte d'identité an Är Krankekeesskaart mat, wann Dir eng hutt. All Persoun iwwer 6 Joer kann hei traitéiert ginn.

Dir kënnt och Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwert d'Teleconsultatiouns-Plattform eConsult kontaktéieren. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

Kontaktéiert am Noutfall den 112 oder d'Urgence vun enger Klinick.

Ëffnungszäiten

  • 7/7 Deeg op
  • Vun 9:00 bis 15:00 Auer

Last update