De Coronavirus

De COVID-19 ass déi ustiechend Krankheet, déi vum Coronavirus SARS-CoV-2 ausgeléist gëtt. D'Coronavire (CoV) bilden eng grouss Famill vu Viren déi Unzeeche vun engem einfache Schnapp bis hin zu méi schlëmmen Otemweekrankheete wéi de Middle East Respiratory Syndrome (MERS) oder de Severe Acute Respiratory Syndrome (SARS) kënnen ausléisen. Een neie Coronavirus (nCov) ass eng nei Zort vu Coronavirus, déi bis ewell nach net beim Mënsch nogewise gouf.

D'Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Vulnerabel Persoune riskéieren awer méi schwéier Symptomer z'entwéckelen. Dofir ass et wichteg fir d'Geste-barrièren ze respektéieren, fir datt de Virus sech net esou séier an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen an zerbriechleche Persoune verbreede kann, well et bis dato och nach keen Traitement fir d'Krankheet gëtt.

Aktualiséiert