Isolatioun, Quarantän a Behandlung

Zu Lëtzebuerg gëtt ënnerscheet tëschent Isolatioun, Quarantän an Eegen-Iwwerwaachung.

Isolatioun

D'Isolatioun gëtt bei all Persoun mat enger confirméierter COVID-19-Infektioun ugewannt. Se muss doheem isoléiert bleiwen an déi Persounen, déi an hirem Haushalt liewen oder mat deene se eng intim Bezéiung huet, musse sech fir 7 Deeg a Quarantän setzen. Dës Mesure ziilt dorop of et ze verhënneren, datt déi infizéiert Persoun, déi ustiechend ass, d'Infektioun op hiren Entourage iwwerdréit.

D'Isolatioun gëtt vun der Gesondheetsdirektioun (Direction de la santé) verschriwwen an dauert op d'mannst 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Fir asymptomatesch Persoune fänkt d’Isolatioun um Dag vum Test un. Wärend dëser Period, wou d'Persoun doheem isoléiert gëtt, muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn an eng chirurgesch Mask muss ëmmer gedroe ginn, wann Sie sech bei anere Persounen ophält. Sech net un eng Isolatiounsmoossnam halen ass eng Infraktioun a kann mat enger Geldbouss bestrooft ginn.

Quarantän

D'Quarantän gëtt bei Persounen applizéiert, déi enke Kontakt mat enger Persoun haten, bei där d'COVID-19-Infektioun confirméiert gouf, d.h. méi ewéi eng Véierelstonn vis-à-vis vun hir gewiescht sinn oder en ongeschützte physesche Kontakt gehat hunn. Geimpften oder geheelte Persoune brauchen net a Quarantän ze goen, wa si Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten.

Dës Persoune musse wärend 7 Deeg doheem bleiwen, vun deem Dag un, wou si fir d'lescht Kontakt mat der infizéierter Persoun haten. D’Inspection sanitaire stellt wann néideg e Certificat fir d’Aarbecht aus. An der Quarantän muss all net protegéierte Kontakt mat anere Persounen evitéiert ginn.

Ab dem 6. Dag soll se sech, nodeems se eng Ordonnance geschéckt krut, an engem selwer gewielte Laboratoire teste loossen. Wann den Test negativ ass, hält d’Quarantän op.

Déi 7 Deeg no der Quarantän muss déi Persoun sech selwer iwwerwaachen an eng Mask droen, soubal se mat anere Persounen zesummen ass. Wa Symptomer optrieden, muss se direkt en neien Test maachen a sech isoléieren. Sech net un eng Quarantän halen gëtt och mat enger Geldbouss bestrooft.

Eegen-Iwwerwaachung

D'Eegen-Iwwerwaachung dauert 14 Deeg a gëtt bei Persounen applizéiert, déi e Kontakt zu enger infizéierter Persoun haten, ouni datt si dobäi a grousser Gefor waren, fir sech unzestiechen. Zil ass et, d'Symptomer vun der Infektioun direkt am Ufank ze erkennen.

D'Persoun moosst wärend der Eegen-Iwwerwaachung hir Temperatur zwee mol pro Dag fir sécherzestellen, datt se keen Houscht oder Otemproblemer huet a ka wärend der Eegen-Iwwerwaachung hiren normalen Aktivitéiten nogoen.

Behandlung

Fir de Moment gëtt et keng spezifesch Behandlung, d’Fuerschunge lafen awer. Den Traitement ass haaptsächlech symptomatesch, d.h. se gläicht der Behandlung vun Houscht, Otemproblemer oder ze héijer Temperatur. D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert, datt een net selwer soll Medikamenter huelen, och net Antibiotika, weeder als Preventioun vun der Krankheet, nach fir se ze heelen.

FAQ

Wéi soll ech meng Isolatioun oder Quarantän organiséieren?

Maacht eng Lëscht mat all de Basis-Produiten, déi Dir wärend der Isolatioun oder der Quarantän brauche wäert (Liewensmëttel, Haushaltsproduiten, verschreiwungsflichteg Medikamenter, etc.) a loosst sech Iech Heem liwweren.

Wann Dir net eleng wunnt,  dann isoléiert Iech eleng an enger Kummer a benotzt, wa méiglech, getrennte Sanitäranlagen (Toilette an Dusch). Wann Dir keng getrennte Buedzëmmer benotze kënnt, da musst Dir no all Gebrauch d'Buedzëmmer desinfizéieren.

Dir musst zu all Ament e Mask droen, wann Dir Är Kummer verloosst an Iech reegelméisseg d'Hänn wäschen oder desinfizéieren.

D'Membere vun Ärem Haushalt sollen op kee Fall an Är Kummer goen oder Iech ze no kommen, souguer wann se Iech z'iesse bréngen. Et gëtt geroden, de Plateau mam Iesse virun d'Kummerdier ze setzen.

Denkt dorun Är Kummer reegelméisseg ze lëften. Botzt an desinfizéiert all Dag d'Uewerflächen, déi reegelméisseg ugepak ginn (Dëscher, Klenschen, Luuchteschalteren, Comptoiren, Grëffer, Büroen, Telephonen, Clavieren, Toiletten, Krinn a Spullsteen).

Benotzt Äert eegent Geschier, dat Dir am beschten an der Spullmaschinn wäscht, well d'Wäschdauer an d'Temperatur vum Waasser méi effikass géint de Virus sinn, wéi wann Dir d'Geschier per Hand spullt.

Benotzt Äert eegent Bettgezei, Dicher a Kleeder, déi am beschte mat Wäschmëttel an der Wäschmaschinn bei 60° bis 90°C gewäsch solle ginn. Aner Membere vum Haushalt sollen Är Wäsch net upaken. Leet Är knaschteg Wäsch an ee waasserdichte Behälter.

Versicht Iech gesond z'ernären a genuch Waasser oder Kraidertéi ze drénken. Moosst reegelméisseg Är Temperatur a rufft Ären Dokter un wann Dir Iech net gutt spiert. Wann Dir Otemproblemer hutt, da kontaktéiert d'Urgencen.

Denkt drun een Telefon oder anert Kommunikatiounsmëttel bei Iech ze halen, sou wéi d'Nummer vu Persounen, déi Dir am Noutfall kontaktéiere kënnt. 

Firwat gëtt een 2. Test no der Isolatioun net ugeroden?

D'Ustiechungsgefor ass bei enger Persoun, déi keng Symptomer méi opweist, nom 10. Dag immens reduzéiert. Allerdéngs kann d'Persoun awer och iwwer déi Period eraus positiv sinn.

Dëst ass de Grond firwat d'Gesondheetsdirektioun keen 2. Test no der Isolatiounsphas recommandéiert.

Last update