Kontakt an Iwwerdroung

De COVID-19 ka vun enger Persoun op déi aner iwwerdroe ginn duerch ganz kleng Partikelen, sougenannten Aerosollen, oder kleng Drëpsen, déi beim Ootmen entstinn, an duerch d'Nues oder de Mond ausgestouss ginn, wann eng Persoun houscht oder néitscht. Fir ze vermeiden dës ausgestousse Partikelen anzeootmen, ass et wichteg, en Ofstand vun iwwer 2 Meter zu enger Persoun ze halen, déi krank ass, an déi allgemeng Moossname vun der Hygiène ze respektéieren.

Och op Objeten oder Uewerflächen kënnen déi kleng Drëpsen eng gewëssen Zäit hänke bleiwen, falls een dës beréiert an dono seng Aen, seng Nues oder säi Mond upeekt, kann ee sech mat COVID-19 ustiechen.

Esoulaang ewéi et keen effikassen Traitement a keng Impfung gëtt, musse mir léieren, mam Virus ze liewen.

Dofir gëllt et nach ëmmer, Är Sortien a Kontakter ze limitéieren, d'Geste-barrièren ze respektéieren an d'Mask unzedoen, esoubal ee keng Distanz vun 2 Meter zu Leit, déi net mat Iech am selwechte Stot wunnen, kënnt anhalen.

Fir ee weidert Confinement ze vermeiden ass jidderengem seng eege Responsabilitéit a säin Disziplin gefrot, andeems een d'Sécherheetsmoossnamen anhält an domat Solidaritéit virun allem géintiwwer ufällege Persoune weist.

Sech richteg verhalen

Haalt 2 Meter Ofstand.

Houscht oder néitscht an den Ielebou oder e Nuesschnappech aus Pabeier.

Dot eng Mask un.

Last update