Symptomer

D'Symptomer variéiere vun enger moderater bis uerger Infektioun vun den Otemweeër, begleet vu Féiwer, Houscht, Otemproblemer a Middegkeet.

De Verloscht vum Gerochssënn an/oder vum Geschmaach, Verdauungsproblemer, de Schnapp oder och Ausschlag op der Haut sinn aner Symptomer vun der Krankheet.

Eeler Leit a Persounen, déi ënner chronesche Krankheete leiden, si méi ufälleg an de Risiko fir Komplikatiounen ass méi héich.

D'Inkubatiounszäit, also d'Zäit tëschen dem Moment wou ee sech ustécht an den éischte Symptomer, läit bei der Infektioun COVID-19 bei maximal 14 Deeg.

Video zum Thema

Last update