Vulnerabel Persounen

Vulnerabel Persoune* si Leit vu 65 Joer a méi, schwanger Fraen oder déijéineg Persounen, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hunn:

  • Diabetes
  • Kardiovaskulär Krankheeten
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër
  • Kriibs
  • Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie
  • Krankhaft Iwwergewiicht (Body-Mass-Index > 40 kg/m2)

Eng méi detailléiert Definitioun fannt Dir ënnert der Fro "Wie sinn déi ufälleg Persounen?"

Recommandatiounen

Gitt wa méiglech net zur Spëtzenzäit akafen.

Kaaft wa méiglech online an.

Evitéiert Plazen, wou et net méiglech ass, eng Sécherheetsdistanz vun 2 Meter anzehalen.

Evitéiert den ëffentlechen Transport.

FAQ

Wie sinn déi vulnerabel Persounen?

Leit iwwer 65 Joer, schwanger Fraen oder Persounen, déi schonn ënnert enger vun de Krankheeten, déi hei drënner opgelëscht sinn, leiden, presentéieren en héije Risiko fir schwéier Komplikatiounen z'entwéckelen.

Déi betraffe Krankheete sinn:

  • Diabetes: net-equilibréiert insulinofhängeg Diabetiker oder Diabetiker déi sekundär Komplikatiounen zu hirer Krankheet hunn
  • Kardiovaskulär Krankheeten: fréier kardiovaskulär Problemer, komplizéierte Blutthéichdrock, fréieren Hiereschlag oder Coronaropathie, Häerzchirurgie, Häerzinsuffizienz Stade NYHA III oder IV
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër: Persounen, déi eng chronesch Erkrankung vun den Otemweeër hunn an déi ufälleg si fir bei enger viraler Infektioun ze dekompenséieren
  • Kriibs: Kriibspatienten, déi a Behandlung sinn
  • Persoune mat enger ugebuerener Immunschwächt oder enger Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Behandlung
    • medikamentéis: Chimiotherapie géint Kriibs
    • mat Immunosuppresseuren, Biotherapie an/oder eng Kortikotherapie mat immunosuppressiven Dosen
    • vun enger net kontrolléierter Infektioun mat HIV oder mat CD4 <200/mm3
    • Suite vun enger Organtransplantatioun oder enger Transplantatioun vun hämatopoeteschë Stammzellen
    • gebonnen un eng béisaarteg Bluttkrankheet a Behandlung
    • Patienten, déi eng chronesch Niereninsuffizienz hunn an eng Dialys brauchen
    • Persoune mat enger Cirrhose am Stadium B oder C vun der Child-Pugh-Klassifikatioun
  • Persoune mat krankhaftem Iwwergewiicht (Body-Mass-Index >40kg/m2)

Wéi eng Kanner sinn ufälleg?

Beim Kand verleeft d'Infektioun mam COVID-19 ganz anescht ewéi beim Erwuessenen; bei de Kanner triede meeschtens wéineg Symptomer op. Grav Fäll vu COVID-19 bei Kanner si ganz seelen.

Op Basis vun deem, wat mer momentan wëssen, si Kanner mat chronesche Krankheeten aus den heite Kategorien als méiglecherweis ufälleg unzegesinn:

  • verschidde Krankheete vun den Otemweeër;
  • verschidden Häerzprobleemer;
  • verschidden Immunschwächten, duerch Krankheeten oder Traitementer verursaacht.

Wann Dir en Zweifel hutt, dann zéckt net, Äre Kannerdokter ze kontaktéieren.

Aktualiséiert