Impfung

D'Impfung ass de wierksaamste Wee fir Infektiounskrankheeten entgéintzewierken. Se erméiglecht et eis, eis selwer an och eis Matbierger ze schützen. Unhand vun de kollektive Beméiunge vun der weltwäiter medezinescher Communautéit, kënne mir eis elo glécklech schätzen, Zougang zu SARS-CoV-2-Impfstoffer ze hunn. Dëst ass ee wesentlecht Element am Kampf géint de COVID-19 a wäert eis hëllefen d'Pandemie an hier Auswierkungen op ons Gesondheet an ons Gesellschaft anzedämmen.

Entdeckt eis 5 gutt Grënn, fir sech elo impfen ze loossen

Déi lëtzebuergesch COVID-19-Impfstrategie ënnerstëtzt den Zougang zu sécheren an effikassen Impfstoffer an hirer Disponibilitéit, esou bal se op de Marché kommen.

Dës wäert déi gesondheetlech, sozial a wirtschaftlech Konsequenze vun der COVID-19-Pandemie reduzéieren. Den Impfstoff wäert dozou bäidroen, Liewen ze retten an eis Ressourcen sou gutt wéi méiglech ze notzen.

Et bleift weiderhi wichteg, wärend der Ëmsetzung vun der Impfstrategie déi sanitär Mesuren ze respektéieren an e Mask ze droen.

Wéi maachen ech mäi "Booster" - Impfrappel

D'Immunitéit no enger Impfung géint COVID-19 léisst mat der Zäit no. Et ass dofir wichteg, seng Immunitéit mat engem Impfrappel ("Booster") opzefrëschen.

Persounen, déi hir Éischtimpfung mat den Impfstoffer vu Moderna, BioNTech/Pfizer an AstraZeneca gemaach kruten, kënnen ee RDV fir en Impfrappel géint de COVID-19 (ënnert der Bedéngung dass d'Éischtimpfung zu Lëtzebuerg gemaach ginn ass an dass si Residentë sinn) huelen.

Fir Persounen, déi mat Johnson & Johson geimpft goufen, gëlle follgend Bedéngungen an Delaien:

  • 1 Mount no der Impfung mat Johnson&Johnsen kréie si eng Invitatioun per Post fir eng Zousazdosis

Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, kënnen den Impfrappel (Booster) fréistens 1 Mount no hirem positiven PCR-Test kréien. 

D'Lëscht vun den Dokteren an den Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir hei.

 

Wie kann eng 4. Dosis vum Impfstoff kréien?

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), ass eng 4. Dosis vun der COVID-19-Impfung fir folgend Persoune recommandéiert:

  • Persounen ab 60 Joer,
  • Persounen tëschent 12 an 59 Joer mat Komorbiditéiten an héijem Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19,
  • immungeschwächte Persounen,
  • schwanger Fraen,
  • a Personal aus dem Gesondheetssecteur.

Déi 2. Opfrëschungsdosis kann ausserdeem un all aner Persoun am Alter vun 12 bis 59 Joer ouni Risikofacteur, déi net viru kuerzem eng Infektioun haten, op Wonsch aginn ginn.

Bei gesonde Persounen, déi no der 1. Opfrëschungsdosis eng Infektioun mam SARS-COV-2 (bestätegt duerch ee PCR oder Antigen-Test) haten, gëtt dës 4. Dosis allerdéngs net recommandéiert.

Déi 4. Dosis gëtt mindestens 4 Méint no der leschter Booster-Dosis administréiert.

Den Impfstoff dee benotzt gëtt ass op Basis vun engem bivalenten mRNA-Impfstoff (Comirnaty Wuhan/B.A.1 oder Spikevax Wuhan/B.A.1 oder Comirnaty Wuhan/B.A. 4-5 je no Disponibilitéit).

Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Fir dës 2. Opfrëschungsdosis eligibel ze sinn, muss d'Persoun:

  • 3 Dossisen Impfstoff, dat heecht ee kompletten Impfschema mat engem vaccin vun 2 Dossisen + 1 sougenannten "Booster"; oder 
  • 2 Dossisen, dat heecht ee kompletten Impfschema mat engem vaccin vun 1 Dosis (JCOVDEN Impfstoff - Johnson & Johnson) + 1 Dosis sougenannten Booster",

kritt hunn.

Déi betraffen Leit kënnen sech beim Dokter oder an der Apdikt impfen ze loossen. D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten déi Impfungen maachen sinn op covid19.lu ze fannen.

Certificat vu Konterindicatioune fir d'Impfung aus gesondheetleche Grënn

Jiddereen (Resident a Frontalier), deen aus gesondheetleche Grënn net geimpft ka ginn, ka säin Dokter froe fir e Certificat vu Konterindicatioune fir d’Impfung géint COVID-19 ze kréien. Dëse Formulaire muss vum Dokter ausgefëllt ginn. Wann d‘Demande accordéiert gouff, gëtt de Certificat zesumme mat enger Rei vu gratis Bonge fir PCR-Tester dann un de Patient geschéckt.

D‘Konterdicatioune fir d’COVID-19-Impfung gi vun der Gesondheetsdirektioun definéiert.

FAQ

A wéi enge Fäll kann ech den impfstoff Nuvaxovid (Novavax) kréien?

Den Impfstoff Nuvaxovid ka bei Erwuessenen iwwer 18 Joer benotzt ginn, mat engem Impfschema vun 2 Dosisse vu 5 μg (0,5 ml) an engem Intervall vun 28 Deeg.

Weider kann e benotzt ginn:

  • als 3. Dosis, wann eng Éischtimpfung (mat Nuvaxovid) bei immungeschwächte Persounen, Beneficiairë vun enger Organtransplantatioun an Dialyse-Patienten gemaach gouf (Recommandatioune vum CSMI vun Dezember 2021 a Januar 2022), mat engem Impfschema vun 0, 28 a 84 Deeg (0, 4 an 12 Wochen);
  • als Zousazdosis (Booster) no enger Eenzeldosis vum COVID-19-Impfstoff vu JCOVDEN, ab dem 28. Dag no der Impfung mat JCOVDEN;
  • als homologen Impfrappel (Booster), fir all Persounen, déi fir déi komplett Éischtimpfung Nuvaxovid kruten, an dat 3 Méint no der leschter Dosis;
  • als heterologen Impfrappel fir all Persounen, déi medezinesch relevant onerwënschten Niewewierkungen no enger Éischtimpfung mat engem mRNA- oder Vektorimpfstoff haten;

Op den Impfstoff Nuvaxovid dierf och am Kader vun engem heterologen Impfschema ("Mix and Match") zeréckgegraff ginn, besonnesch (Recommandatioun vum CSMI vum Juli 2021 a Mäerz 2022):

  • bei Persounen, déi een Impfschema mat Vaxzevria ugefaang hunn, mat abegraff déi Persounen, déi no enger 1. Dosis Vaxzevria eng schwéier Thromboemolie mat Thrombozytopenie entwéckelt hunn;
  • bei Persounen, déi no enger 1. Dosis mat engem mRNA-Impfstoff, eng Myokarditt, Perikarditt, oder soss eng schwéier Niewewierkung entwéckelt hunn;
  • bei enger Infektioun mat SARS-CoV-2 bannent 6 Méint no der Impfung, oder bei enger tëschenzäitlech optriedender Infektioun, gëtt den Nuvaxovid analog zum Schema, dee vum CSMI am Januar 2022 fir mRNA-Impfstoffer recommandéiert gouf, gesprëtzt.

Well nach keng Donnéeën zur Sécherheet vun dësem Impfstoff bei schwangere Frae virleien, recommandéiert den CSMI een mRNA-Impfstoff fir d'Éischtimpfung an den Impfrappel bei schwangere Fraen ze benotzen.

Wann Dir fir Är 1. Injektioun den Novavax-Impfstoff kréie wëllt, musst Dir:

  • dat direkt melle wann Dir am Impfzenter ukommt
  • am Virfeld, wann Dir de Rendez-vous huelt, mat Ärem Apdikter oder Dokter ofkläeren, ob dësen Impfstoff verfügbar ass

Wéi eng Impfstoffer gëtt et aktuell géint de COVID-19?

5 Impfstoffer géint Coronaviren hunn d'Maartzouloossung vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) a gréng Luucht vun der Europäescher Kommissioun fir hir Uwennung kritt. Dëse Prozess ass ganz wichteg, well en d'Sécherheet an d'Qualitéit vun den Impfstoffer souwéi hir Wierksamkeet garantéiert.

Wat ass d'Prozedur, fir eng Maartzouloossung vun engem Corona-Impfstoff ze kréien?

COVID-19-Impfstoffer ginn no de gläiche streng reglementéierten Ufuerderungen vu pharmazeutescher Qualitéit, Sécherheet a Wierksamkeet entwéckelt, wéi all anert Medikament.

Ier een Impfstoff op de Marché kënnt, duerchleeft e verschidden Etappen, ugefaange bei strengen Tester, bei deenen d'Qualitéit vum Impfstoff kontrolléiert gëtt, iwwert d'Zouloossung duerch d'Europäesch Medikamentenagence (EMA) bis hin zu enger wëssenschaftlecher Bewäertung duerch d'Opsiichtsautoritéiten (EMA an aner Opsiichtsautoritéiten an den EU/EWR-Länner), ier seng Wierksamkeet duerch d'Fuerschung als éischt am Labo a spéider u Fräiwëllege getest gëtt. Es sief ugemierkt, datt klinesch Testprogrammer an Accord mat de vun den Zouloossungsautoritéite festgeluechte Prozeduren a Protokollen duerchgefouert musse ginn. Donieft mussen dës all vun enger medezinescher Ethikkommissioun approuvéiert ginn.

Wien ass responsabel am Fall vun negativen Auswierkunge vu COVID-19-Impfstoffer op déi ëffentlech Gesondheet?

Wéi och bei all anerem Impfstoff ass am Prinzip den Hiersteller vum Impfstoff responsabel, sollt et zu onerwënschten Auswierkungen op déi ëffentlech Gesondheet kommen. Déi onerwënschte Wierkung muss allerdéngs e Problem mam Produit selwer sinn, deen op seng Zesummesetzung oder seng Hierstellung zeréckzeféieren ass.

Den Dokter, deen d'Impfung mécht, ass och zivilrechtlech responsabel, wa bei der Manipulatioun oder beim Agi vum Impfstoff eppes schif leeft an dëse Feeler d'Ursaach fir d'Niewewierkungen ass.

Wann eng Impfung duerch eng legal oder reglementär Dispositioun virgeschriwwen oder vum Staat recommandéiert gouf an dës Impfung den Doud vu geimpfte Persoune verursaacht oder zu laangfristege kierperleche Schied féiert, kënnt de Staat fir de Schued op, ouni Konsequenz fir Aktiounen déi entspriechend dem Allgemengrecht gëllend gemaach kënne ginn, an an deem Mooss, wéi de Schued net duerch de Code vun de Sozialversécherungen z'entschiedegen ass.

Wäert d'Impfung géint de COVID-19 obligatoresch sinn?

Nee. Wéi bei de meeschten Impfungen zu Lëtzebuerg berout och d'Impfung géint de COVID-19 op fräiwëlleger Basis. 

Wat maache wann ech mech no der Impfung net gutt spieren?

No Ärer Impfung, kënne sougenannten "onerwënschten" Niewewierkungen optrieden. Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op dëser Säit: https://covid19.public.lu/lb/impfung/niewewierkungen.html

Ech hat schonn eng COVID-19-Infektioun, kann ech mech trotzdeem impfe loossen?

Persounen, déi schonn a Kontakt mam Coronavirus waren, kënnen dogéint geimpft ginn. Et ass aktuell net méiglech ze soen, ob eng Persoun, déi a Kontakt mat COVID-19 war, immun géint d'Krankheet bleift. Och d'Dauer vun enger méiglecher Immunitéit kann net virausgesot ginn. Leider goufen Neiinfektioune gemellt.

Schützt den Impfstoff och viru Mutatioune vum Virus?

Mutatioune beaflossen net onbedéngt d'Wierksamkeet vun Impfstoff géint de Virus.

Déi wëssenschaftlech Communautéit an d'Opsiichtsautoritéiten iwwerwaachen, ob sech de Coronavirus am Laf vun der Zäit verännert an ob d'Impfstoffer Mënsche virun enger Infektioun mat neie Variante schütze kënnen. Wa sech erausstellt, datt Upassungen néideg sinn, wäert d'Wëssenschaft eng Äntwert op dës Fro ginn, wéi se et och bei anere Vire mécht, un déi mir eis ugepasst hunn.

Muss ech mech all Joers géint de Coronavirus impfe loossen?

Aktuell ass et net méiglech dës Fro ze beäntwerten, well net genau gewosst ass, wéi laang déi mam Impfstoff erziilten Immuniséierung unhält, ob se déi verschidde Mutatioune vum Virus ofdeckt oder ob dës eng reegelméisseg Upassung vun der Zesummesetzung vum Impfstoff fuerderen, wéi et z.B. de Fall bei der saisonaler Gripp ass. 

Sinn ech no der Impfung direkt immun?

Ongeféier 2 Wochen no der éischter Dosis ass een opgrond vun enger initialer Immunreaktioun deelweis géint eng Infektioun geschützt. Awer eréischt 2 Wochen no der zweeter Dosis vum Impfstoff ass d'Immunreaktioun vollstänneg an de Schutz géint eng Infektioun optimal.

Wéi bei aneren Impfstoffer och, bitt den Impfstoff géint de COVID-19 och no der 2. Impfung keen 100%ege Schutz. Et ass trotzdeem méiglech sech z'infizéieren. D'Impfung hëlleft, d'Symptomer vun der Krankheet ze reduzéieren.

Et ass weiderhi wichteg d'Geste-barrièren ze respektéieren fir Infektiounen z'evitéieren.

Muss ech no der Impfung d'Geste-barrièren nach respektéieren?

Jo. Och no der Impfung musst Dir weiderhin d'Geste-barrièren an aner Virsiichtsmoossname respektéieren, an zwar sou laang, bis d'Gesondheetskris besonnesch duerch d'Häerdenimmunitéit wierksam ënner Kontroll bruecht gouf. Et kann aktuell net ausgeschloss ginn, datt eng geimpfte Persoun nach Träger vum Virus ka sinn. Et wäert allerdéngs nach eng Zäit daueren, bis dës Häerdenimmunitéit erreecht wäert sinn. Se stellt sécher, dass d'Zuel vun de Leit, déi immuniséiert sinn, grouss genuch ass. 

Aktualiséiert