5 Grënn, fir sech elo impfen ze loossen

Loost Iech impfe fir d'Spideeler ze entlaaschten

Et ka kee viraussoen, ob de Krankheetsverlaf bei enger COVID-19-Infektioun liicht oder schwéier gëtt. Déi aktuell Impfstoffer schützen zu 75% virun enger symptomatescher COVID-19-Erkrankung an zu 90% virun engem schwéiere Verlaf.

Duerch d'Impfung musse manner Persounen am Spidol oder souguer op der Intensivstatioun behandelt ginn. Dat entlaascht d'Spideeler a léisst d'Intensivbetter fir déi Leit fräi, déi se duerch aner schwéier Krankheeten, Operatiounen oder Accidenter dréngend brauchen.

Och Jonker kënne mat COVID-19 schwéier krank ginn

Och am jonken Alter kënne wéier Krankheetsverleef a Laangzäitfollge wéi schwéier Erschëpfung, Otemschwieregkeeten an neurologesch Schied ("Long-COVID") optrieden.

Ronn all 10. Persoun, déi u COVID-19 erkrankt, leit ënner laangfristege Follgen.

D'Impfstoffer si sécher an effikass

D'Qualitéit an d'Effikassitéit vun den zougeloossenen Impfstoffer si genau esou streng iwwerpréift ginn, wéi bei aneren Impfstoffer a Medikamenter. D'Impfstoffer entspriechen den héijen europäesche Sécherheetsnormen. D'Zouloossungsprozedur ass awer méi séier gaangen, well all d'Schrëtt parallel amplaz noenee gemaach gi sinn. De Risiko vu schwéieren Impf-Niewewierkunge läit bei 0,02%. De Risiko vun engem schwéiere Verlaf bei enger Infektioun läit dogéint bei iwwer 10%.

Mat der Impfung schützt Dir och Iech an déi Aner

D'Impfung reduzéiert och de Risiko, fir de Virus op anerer ze iwwerdroen. Wie geimpft ass, stécht däitlech manner Leit un, an ass och manner laang ustiechend. Sou schützt ee virun allem säin direkt Ëmfeld, déi Leit, déi ee gär huet a mat deenen een zesumme lieft oder den Dag verbréngt, zum Beispill op der Aarbecht oder an der Schoul.

Impfe verhënnert e weidere Lockdown

All Impfung hëlleft, d'Pandemie an de Grëff ze kréien. Wat méi Mënsche geimpft sinn, wat de Virus sech manner kann ausbreeden. Wa mir all zesummen den Impftaux weider eropschrauwen, verhënnere mir, dass nei Restriktioune musse geholl ginn, a schafen d'Grondlag, fir déi bestoend Mesuren no an no opzehiewen. All Dosis bréngt eis dem Enn vun der Pandemie méi no!

Aktualiséiert