FAQ Impfung

Asazstrategie

Wéi ass d'Prozedur vun der Impfung?

Persounen, déi unhand vun der Prioritéitereiefolgen an där si zougeuerdent goufen, identifizéiert goufen, gi per Post agelueden sech impfen ze loossen.

All Invitatioun enthält e personaliséierten Zougangscode, deen et dem Empfänger erméiglecht, online e Rendez-vous ze huelen.

De Bierger kann online een Impfzenter an eng preferéiert Zäitfënster wielen (jee no Disponibilitéit vun de Rendezvousen). Deen Ament wou de Bierger e Rendezvous hëlt, muss en Informatiounen zu sengem Gesondheetszoustand uginn.

Doriwwer eraus kann de Bierger sech un d'Helpline Santé (+352 247 65533) wennen, fir Ënnersetëtzung beim Huele vun engem Rendez-vous ze kréien.

Um Dag vun der Impfung mellt de Patient sech mat hirem Bestätegungsschreiwes, enger Carte d'identité a senger Sozialversécherungskaart an der Rezeptioun vum Impfzentrum, déi d'Donnéeën iwwerpréift a wann néideg vervollstännegt. De Patient geet da bei den Dokter, deen d'Informatioune vum Patient mat dësem beschwätzt. Den Dokter fëllt deen zweeten Deel vum Impf-Froebou aus, wielt de gëeegenten Impfstoff aus an druckt d'Impfzertifikat aus. Sollt de Patient no der Impfung am Erhuelungsberäich onerwënschte Wierkunge verspieren, da gëtt d'Persoun vum Personal betreit an d'Auswierkunge vun der Impfung dokumentéiert.

Rendez-vouse fir medezinesch vulnerabel Persoune ginn an Ofsprooch mam Dokter vun der betraffener Persoun gemaach.

Wou kann ech mech impfe loossen?

Zu Lëtzebuerg ginn d'Impfungen an Impfzenteren duerchgefouert. 

Am Moment ginn d'Impfungen a folgenden Impfzenteren duerchgefouert:

  • Site Regioun Zentrum - Victor Hugo Hal um Lampertsbierg
  • Site Regioun Süden - Esch-Uelzecht - 30, Avenue des Hauts-Fourneaux
  • Site Regioun Osten - Munneref - Scouts-Chalet Badboeschelchen 
  • Site Regioun Norden - Ettelbréck - Sportshal CHNP

Nieft den Impfzentere gëtt och an de Klinicken a mat mobillen Ekippen an den Alters- a Fleegehemmer geimpft. 

Ech si Frontalier a schaffen zu Lëtzebuerg, wou ginn ech geimpft?

All EU-Memberstaat kritt Impfstoffer a Funktioun vun der Unzuel vu Residenten zur Verfügung gestallt. Dir gitt also an deem Land geimpft, wou Dir wunnt.

Allgemeng

Sinn d'Impfzentere wärend de Feierdeeg op?

Jo, d'Impfzentere si wärend folgende Feierdeeg op:

  • 13. Mee – Christi Himmelfaart
  • 24. Mee – Päischtméindeg
  • 23. Juni – Nationalfeierdag

Wéi eng Impfstoffer gëtt et aktuell géint de COVID-19?

4 Impfstoffer géint Coronaviren hunn d'Maartzouloossung vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) a gréng Luucht vun der Europäescher Kommissioun fir hir Uwennung kritt. Dëse Prozess ass ganz wichteg, well en d'Sécherheet an d'Qualitéit vun den Impfstoffer souwéi hir Wierksamkeet garantéiert.

Den 21. Dezember 2020 huet d'EMA ee positiven Avis fir den Impfstoff vu BioNTech/Pfizer ofginn, deen doropshi vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert gouf. Dësen Impfstoff gouf den 28. Dezember 2020 fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg aginn. An der Tëschenzäit gouf och den Impfstoff vu Moderna de 6. Januar 2021 zougelooss an eist Land war deen éischten EU-Memberstaat, deen eng Moderna-Impfstoff-Liwwerung krut, Den Impfstoff vun AstraZeneca gouf den 29. Januar 2021 vun der EMA zougelooss. Den Impfstoff vu Janssen gouf den 11. Mäerz zougelooss a gëtt demnächst zu Lëtzebuerg an an aneren EU-Memberstaate verdeelt. Domat huet eist Land den Ament 3 sécher Coronavirus-Impfstoffer zur Verfügung, déi am Kader vu senger Impfstrategie administréiert kënne ginn.

Aner COVID-19-Impfstoffer befanne sech nach an der Zouloossungsprozedur vun der EMA. Dozou gehéiere Curevac, Novavax oder nach de Sputnik V. 

Wat muss een iwwert déi aktuell verfügbar Impfstoffer wëssen? - De Comirnaty Impfstoff

Beim Comirnaty Impfstoff vu BioNTech/Pfizer handelt et sech ëm een Impfstoff, deen d'Coronavirus-Krankheet bei Persoune vu 16 Joer a méi verhënnere soll.

De Comirnaty Impfstoff gëtt an 2 Dosissen an den ieweschten Aarmmuskel gesprëtzt, an engem Ofstand vu mindestens 3 Wochen.

Dësen Impfstoff enthält net de Virus selwer, mee baséiert op Nucleinseier ("mRNA"). Dës Moleküll enthält een Deel vun den Instruktioune vum Virus, dee fir de COVID-19 verantwortlech ass. Wann eng Persoun mat dësem Impfstoff geimpft gëtt, ginn d'Instruktioune vun der Moleküll vun enger Rei Zelle vum Organismus gelies. Mat dësen Informatioune kënnen d'Zelle vum Organismus eng Protein produzéieren, déi spezifesch fir de Virus ass. Wann eng Persoun geimpft ass, erkennt hiren Immunsystem dës Protein wéi e Friemkierper un a produzéiert Antikierper. Wann déi geimpfte Persoun dann dono mam SARS-CoV-2-Virus a Kontakt kënnt, erkennt hiren Immunsystem dat an ass dann an der Lag den Organismus géint de Virus ze verdeedegen.

Den Comirnaty Impfstoff léist kee COVID-19 aus.

An de klineschen Etüde weist de Comirnaty Impfstoff eng héich Effikassitéit vun ongeféier 95%.

D'EMA huet e positiven Avis fir den Comirnaty Impfstoff ginn, well

  • den Impfstoff eng héich Protektioun géint de COVID-19 bitt,
  • déi meescht Niewewierkunge liicht oder moderat sinn a no e puer Deeg vum selwe verschwannen,
  • d'Verhältnes tëscht Notzen/Risiko kloer fir den Impfstoff schwätzt.

Persounen, déi schonn eng COVID-19-Infektioun haten, kënne mat dësem Impfstoff geimpft ginn.

Den Impakt vun der Comirnaty Impfung op d'Verbreedung vum Virus ënnert de Leit ass nach net bekannt. Op Basis vu rezente klineschen Etüden an Erfarungen um Terrain, schéngt den Impfstoff géint verschidden aktuell Variante wierksam ze sinn. Jiddefalls géif dësen Impfstoff de Risiko vu schwéiere Krankheetsverleef verhënneren.

Wéi laang genau dësen Impfstoff eng Protektioun garantéiere kann, ass zurzäit net gewosst.

Weider Informatioune fannt dir um Site vun der EMA.

Wat muss een iwwert déi aktuell verfügbar Impfstoffer wëssen? - Den AstraZeneca COVID-19-Impfstoff

Beim AstraZeneca COVID-19-Impfstoff vun Oxford/AstraZeneca handelt et sech ëm en Impfstoff géint de COVID-19 fir Persoune vun 18 Joer oder méi. Den AstraZeneca Impfstoff kann och u Persounen iwwert 65 Joer administréiert ginn. Rezent Etüde weisen dass den Impfstoff och bei Persoune vu méi wéi 65 Joer effikass ass a schwéier Krankheetsverleef verhënnere kann. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), sou wéi eng sëllege sanitär Autoritéiten, dorënner de Conseil supérieur des maladies infectieuses luxembourgeois (CSMI), hunn d'Zouloossung vun dësem Impfstoff fir eeler Persoune bestätegt.

Den AstraZeneca Impfstoff gëtt an 2 Dosissen an den ieweschten Aarmmuskel gesprëtzt. Déi 2. Dosis gëtt an engem Ofstand vu 4 bis 12 Wochen no der 1. Dosis aginn.

Den AstraZeneca Vaccin ass e virale Vektorimpfstoff. Dësen notzt net de Virus selwer, mee en aneren, harmlose Virus fir d'Instruktioune vum Virus, dee COVID-19 verursaacht, ze transportéieren. Esou kann den Organismus e Protein produzéieren, dee spezifesch fir de Virus vum COVID-19 ass. Wéi bei den Impfstoffer op Nucleinseier-Basis, bréngt och dësen Impfstoff den Immunsystem vun der geimpfter Persoun a Schwong, andeems en Antikierper produzéiert.

Den AstraZeneca Impfstoff léist kee COVID-19 aus.

An de klineschen Etüde weist dësen Impfstoff eng Effikassitéit vun ongeféier 60%.

Persounen, déi schonn eng COVID-19-Infektioun haten, kënne mat dësem Impfstoff geimpft ginn.

Den Impakt vun der AstraZeneca Impfung op d'Verbreedung vum Virus ënnert de Leit ass nach net bekannt. Och wa seng Effikassitéit net esou grouss ass, kann dësen Impfstoff de Risiko vun deene schwéierste Krankheetsverleef verhënneren.

D'EMA huet e positiven Avis fir den AstraZeneca Impfstoff ginn, well

  • den Impfstoff eng gutt Protektioun géint de COVID-19 bitt,
  • déi meescht Niewewierkunge liicht bis moderat sinn a no e puer Deeg vum selwe verschwannen,
  • d'Verhältnes tëscht Notzen/Risiko kloer fir den Impfstoff schwätzt.

Wéi laang genau dësen Impfstoff eng Protektioun garantéiere kann, ass zurzäit net gewosst.

De grousse Virdeel vum AstraZeneca Impfstoff géintiwwer deem vu BioNTech ass logistescher Natur. En ass méi einfach ze transportéieren an z'administréieren.

Weider Informatioune fannt dir um Site vun der EMA.

Wat muss een iwwert déi aktuell verfügbar Impfstoffer wëssen? - De Moderna COVID-19-Impfstoff

Beim Moderna COVID-19-Impfstoff vum Produzent Moderna handelt et sech ëm een Impfstoff géint de COVID-19, fir Persoune vun 18 Joer oder méi.

Wéi beim Impfstoff vu BioNTech/Pfizer, baséiert dësen Impfstoff op Nucleinseier ("ARNm") a funktionéiert d'selwecht. De Moderna Impfstoff enthält net de Virus selwer a léist kee COVID-19 aus.

Dësen Impfstoff gëtt an 2 Dosissen an den ieweschten Aarmmuskel gesprëtzt, an engem Ofstand vun 28 Deeg.

An de klineschen Etüde weist dësen Impfstoff eng Effikassitéit vun 94,1%.

Persounen, déi schonn eng COVID-19-Infektioun haten, kënne mat dësem Impfstoff geimpft ginn.

Den Impakt vun der Moderna Impfung op d'Verbreedung vum Virus ënnert de Leit ass nach net bekannt an et gi nach keng Donnéeën iwwert d'Effikassitéit vun dësem Impfstoff géint déi nei Varianten. Mee och wa seng Effikassitéit net esou grouss ass, kann dësen Impfstoff de Risiko vu schwéiere Krankheetsverleef verhënneren. Moderna huet allerdéngs bekannt ginn, dass si den Ament un enger Optimiséierung vum Impfstoff schaffen, fir seng Effikassitéit bei verschidde Varianten ze verbesseren. Déi éischt klinesch Etüde lafe säit e puer Wochen.

D'EMA huet e positiven Avis fir de Moderna Impfstoff ginn, well

  • den Impfstoff eng héich Protektioun géint de COVID-19 bitt,
  • déi meescht Niewewierkunge liicht bis moderat sinn a no e puer Deeg vum selwe verschwannen,
  • d'Verhältnes tëscht Notzen/Risiko kloer fir den Impfstoff schwätzt.

Wéi laang genau dësen Impfstoff eng Protektioun garantéiere kann, ass zurzäit net gewosst.

Am Géigesaz zum Impfstoff vu BioNTech/Pfizer, dee virum Asprëtze nach zesummegesat muss ginn, ass de Moderna Impfstoff direkt asazfäeg.

Weider Informatioune fannt dir um Site vun der EMA.

Ass de Coronavirus-Impfstoff sécher?

COVID-19-Impfstoffer ginn no de gläiche streng reglementéierten Ufuerderungen vu pharmazeutescher Qualitéit, Sécherheet a Wierksamkeet entwéckelt, wéi all anert Medikament.

Ier een Impfstoff op de Marché kënnt, duerchleeft e verschidden Etappen, ugefaange bei strengen Tester, bei deenen d'Qualitéit vum Impfstoff kontrolléiert gëtt, iwwert d'Zouloossung duerch d'Europäesch Medikamentenagence (EMA) bis hin zu enger wëssenschaftlecher Bewäertung duerch d'Opsiichtsautoritéiten (EMA an aner Opsiichtsautoritéiten an den EU/EWR-Länner), ier seng Wierksamkeet duerch d'Fuerschung als éischt am Labo a spéider u Fräiwëllege getest gëtt. Es sief ugemierkt, datt klinesch Testprogrammer an Accord mat de vun den Zouloossungsautoritéite festgeluechte Prozeduren a Protokollen duerchgefouert musse ginn. Donieft mussen dës all vun enger medezinescher Ethikkommissioun approuvéiert ginn.

Wéi gesäit et mat de Niewewierkungen aus?

Wéi bei all Impfstoff, an effektiv wéi bei all anert Medikament och, gëtt et sou eppes wéi e "Nullrisk" net. Niewewierkunge kënnen ni ausgeschloss ginn. Wann Niewewierkungen optrieden, si se meeschtens liicht an/oder nëmme vu kuerzer Dauer. De Risk vu schwéieren Niewewierkungen ass relativ kleng.

Méiglech liicht Niewewierkunge sinn ë. a. Reaktiounen op der Plaz vun der Injektioun (z. B. eng rout Plaz) oder grippenänlech Symptomer wéi Muskelpéng, Kappwéi oder Féiwer. Dës Reaktiounen si bekannten Niewewierkunge vun all Impfung, a besonnesch vu COVID-19-Impfungen. Si si ganz normal a weisen op eng Aktivéierung vum Immunsystem hin. Si verschwannen an der Reegel no e puer Deeg.

Am Fall vu COVID-19-Impfung sief ze bemierken, dass d'Niewewierkunge bei mRNA-Impfstoffer (Pfizer/BioNTech a Modern) méi heefeg no der 2. Dosis gemellt goufen, iwwerdeems beim AstraZeneca Impfstoff, dës Niewewierkungen éischter no der 1. Sprëtz opgetruede sinn.

Wéi fir all Impfung, kann de Risiko vu méi schwéieren Niewewierkungen net ausgeschloss ginn. En ass allerdéngs relativ kleng, an d'Verhältnes tëscht Notzen a Risiko schwätzt kloer fir eng Impfung. Zu de méi schwéieren Niewewierkungen zielen z. B. schwéier allergesch Reaktiounen oder Häerzrhythmus-Stéierungen.

Et sief ze bemierken, dass effektiv nëmmen Impfstoffer zougelooss ginn, deenen hier Wierksamkeet, Qualitéit a Sécherheet nogewise goufen. Dowéinst spille klinesch Etüden eng wichteg Roll. Bei dësen Etüde ginn d'Impfstoffer a verschiddene Phasen u gréissere Persounegruppe getest, déi an der leschter Phas Zéngdausende vu Mënschen ëmfaasse kann. Fir ee COVID-19-Impfstoff ass d'Zuel vu Persounen, un deenen den Impfstoff getest gouf, vill méi grouss wéi bei de meeschten aneren Impfstoffer a läit tëschent 30.000 a 60.000 Persounen.

Doriwwer eraus gouf e speziellen europäeschen Iwwerwaachungssystem fir Coronavirus-Impfstoffer opgestallt, sou datt séier reagéiert ka ginn, sollt et awer zu Problemer kommen.

Wien ass responsabel am Fall vun negativen Auswierkunge vu COVID-19-Impfstoffer op déi ëffentlech Gesondheet?

Wéi och bei all anerem Impfstoff ass am Prinzip den Hiersteller vum Impfstoff responsabel, sollt et zu onerwënschten Auswierkungen op déi ëffentlech Gesondheet kommen. Déi onerwënschte Wierkung muss allerdéngs e Problem mam Produit selwer sinn, deen op seng Zesummesetzung oder seng Hierstellung zeréckzeféieren ass.

Den Dokter, deen d'Impfung mécht, ass och zivilrechtlech responsabel, wa bei der Manipulatioun oder beim Agi vum Impfstoff eppes schif leeft an dëse Feeler d'Ursaach fir d'Niewewierkungen ass.

Wann eng Impfung duerch eng legal oder reglementär Dispositioun virgeschriwwen oder vum Staat recommandéiert gouf an dës Impfung den Doud vu geimpfte Persoune verursaacht oder zu laangfristege kierperleche Schied féiert, kënnt de Staat fir de Schued op, ouni Konsequenz fir Aktiounen déi entspriechend dem Allgemengrecht gëllend gemaach kënne ginn, an an deem Mooss, wéi de Schued net duerch de Code vun de Sozialversécherungen z'entschiedegen ass.

Wäert d'Impfung géint de COVID-19 obligatoresch sinn?

Nee. Wéi bei de meeschten Impfungen zu Lëtzebuerg berout och d'Impfung géint de COVID-19 op fräiwëlleger Basis. 

Ech hat schonn eng COVID-19-Infektioun, kann ech mech trotzdeem impfe loossen?

Persounen, déi schonn a Kontakt mam Coronavirus waren, kënnen dogéint geimpft ginn. Et ass aktuell net méiglech ze soen, ob eng Persoun, déi a Kontakt mat COVID-19 war, immun géint d'Krankheet bleift. Och d'Dauer vun enger méiglecher Immunitéit kann net virausgesot ginn. Leider goufen Neiinfektioune gemellt.

Muss een e COVID-19-Test virun der Impfung maachen?

Nee, et ass net noutwenneg, sech virun der Impfung géint de COVID-19 testen ze loossen. Souguer wann een onwëssentlech infizéiert ass, kann den Impfstoff sécher agi ginn.

Schützt den Impfstoff och viru Mutatioune vum Virus?

Mutatioune beaflossen net onbedéngt d'Wierksamkeet vun Impfstoff géint de Virus.

Déi wëssenschaftlech Communautéit an d'Opsiichtsautoritéiten iwwerwaachen, ob sech de Coronavirus am Laf vun der Zäit verännert an ob d'Impfstoffer Mënsche virun enger Infektioun mat neie Variante schütze kënnen. Wa sech erausstellt, datt Upassungen néideg sinn, wäert d'Wëssenschaft eng Äntwert op dës Fro ginn, wéi se et och bei anere Vire mécht, un déi mir eis ugepasst hunn.

Es si schwanger oder nieren - kann ech mech impfe loossen?

Schwangerschaft:

A sengem Avis vum 29. Mäerz 2021 mécht de Conseil supérieur des maladies infectieuses folgend Recommandatiounen:

  • Eng Schwangerschaft ass keng Kontraindikatioun fir eng COVID-19-Impfung;
  • D'Impfung vu schwangere Frae wärend der Phas 5b vun der Impf-Strategie géint de COVID-19 ass opgrond vun hirer Ufällegkeet fir eng SARS-CoV-2-Infektioun ze recommandéieren;
  • D'Impfung vu schwangere Frae sollt prioritär sinn, wann d'Avantagë vun enger Impfung méi grouss si wéi déi méiglech Niewewierkungen:
    • Bei schwangere Frae mat Comorbiditéiten déi de Risiko vun engem schwéiere Krankheetsverlaf erhéijen (krankhaft Fettleibegkeet, chronesch Otemweeerkrankungen, héije Bluttdrock, etc.);
    • Bei héijem Infektiounsrisiko aus beruffleche Grënn (Gesondheets- a Fleegesecteur).

Zurzäit gëllt des Recommandatioun just fir mRNA-Impfungen, bis dass méi Donnéeën zu deene virale Vektorimpfstoffer virleien.

Nieren:

D'Impfung géint de COVID-19 mat engem mRNA- oder virale Vektorimpfstoff ass och bei Frae recommandéiert, déi nieren, soudass d'Impfung géint de COVID-19 beim Nieren net muss ausgesat ginn.

Kënne Kanner och geimpft ginn?

Aktuell ginn et nëmme wéineg Donnéeën iwwert d'Sécherheet an Immunogenitéit (d'Fäegkeet Antikierper ze bilden) vum Impfstoff bei Kanner. Aus dësem Grond gi COVID-19-Impfstoffer aktuell net systematesch fir Kanner recommandéiert (z.B. Pfizer-Impfstoff fir Jugendlecher ënner 16 Joer, Moderna-Impfstoff fir 18-Järeger).

Muss ech mech all Joers géint de Coronavirus impfe loossen?

Aktuell ass et net méiglech dës Fro ze beäntwerten, well net genau gewosst ass, wéi laang déi mam Impfstoff erziilten Immuniséierung unhält, ob se déi verschidde Mutatioune vum Virus ofdeckt oder ob dës eng reegelméisseg Upassung vun der Zesummesetzung vum Impfstoff fuerderen, wéi et z.B. de Fall bei der saisonaler Gripp ass. 

Sinn ech no der Impfung direkt immun?

Ongeféier 2 Wochen no der éischter Dosis ass een opgrond vun enger initialer Immunreaktioun deelweis géint eng Infektioun geschützt. Awer eréischt 2 Wochen no der zweeter Dosis vum Impfstoff ass d'Immunreaktioun vollstänneg an de Schutz géint eng Infektioun optimal.

Wéi bei aneren Impfstoffer och, bitt den Impfstoff géint de COVID-19 och no der 2. Impfung keen 100%ege Schutz. Et ass trotzdeem méiglech sech z'infizéieren. D'Impfung hëlleft, d'Symptomer vun der Krankheet ze reduzéieren.

Et ass weiderhi wichteg d'Geste-barrièren ze respektéieren fir Infektiounen z'evitéieren.

Muss ech no der Impfung d'Geste-barrièren nach respektéieren?

Jo. Och no der Impfung musst Dir weiderhin d'Geste-barrièren an aner Virsiichtsmoossname respektéieren, an zwar sou laang, bis d'Gesondheetskris besonnesch duerch d'Häerdenimmunitéit wierksam ënner Kontroll bruecht gouf. Et kann aktuell net ausgeschloss ginn, datt eng geimpfte Persoun nach Träger vum Virus ka sinn. Et wäert allerdéngs nach eng Zäit daueren, bis dës Häerdenimmunitéit erreecht wäert sinn. Se stellt sécher, dass d'Zuel vun de Leit, déi immuniséiert sinn, grouss genuch ass. 

Wann ech geimpft gouf, kann ech trotzdeem aner Leit ustiechen?

D'Resultater vun de bis elo duerchgefouerten Etüde weisen, dass COVID-19-Impfstoffer virun enger Infektioun a virun der Krankheet an den deementspriechende Komplikatioune schützen. D'Fro, ob eng geimpfte Persoune manner warscheinlech aner Persounen ustécht gëtt aktuell nach ënnersicht. Baséierend op Experimenter mat Afe schéngt d'Impfung d'Unzuel un Deeg ze beaflossen, un deenen eng Persoun ustiechend ass. Doriwwer eraus huet d'Impfung duerch d'Beaflosse vu Symptomer wéi néitsen oder Houscht och een Afloss op d'Iwwerdroung.

Eng Persoun aus mengem Familljekrees ass net capabel, säin Averständnis ze ginn, ka si trotzdeem geimpft ginn?

Jo, awer d'selwecht wéi bei all anerer Impfung oder Traitement och, muss, wann eng Persoun net capabel ass hiert Averständnis ze ginn, d'Zoustëmmung z. B. vum gesetzleche Vetrieder vun der betreffender Persoun oder hirem Hausdokter gefrot ginn. 

Wéi gi meng perséinlech Donnéeë verschafft?

D'Impfcampagne ass op d'Sammelen an d'Traitéiere vu perséinlechen Donnéeën ugewisen. Dësen Dateschutzhiweis (Pdf, 89 Kb) erkläert, wéi déi perséinlech Donnéeë vun den invitéierte Persounen an de Participantë benotzt ginn a wou Dir Iech mat Äre Froen zum Dateschutz melle kënnt.

Ech loosse mech impfen! An Dir? Maacht och Dir mat a schéckt Är Foto eran!

Klickt hei fir matzemaachen

Last update