Impfzentren

  • Hall Victor Hugo
    60 Avenue Victor Hugo
    1750 Luxembourg
    Luxembourg
    Route to :  Hall Victor Hugo
  • Esch-Uelzecht
    30, Avenue des Hauts-Fourneaux
    4362 Esch-sur-Alzette
    Luxembourg
    Route to :  Esch-Uelzecht
  • Ettelbruck - Sportshal CHNP
    Rue du Deich
    9012 Ettelbruck
    Luxembourg
  • Mondorf - Scouts-Chalet Badboeschelchen
    1, route de Burmerange
    5659 Mondorf-les-Bains
    Luxembourg
  • Luxembourg Air Rescue
    Luxembourg Airport - Gate E13
    1110 Findel
    Luxembourg
    A partir du 12 avril 2021

Ëffnungszäiten

Méindeg bis Samschdeg vu 07:00 bis 19:00 Auer

Zougang

D’Impfzentere si barrierefräi agriicht a mat Rollstull accessibel. Wann néideg, kann eng Persoun och an den Impfzenter begleet ginn.

Den Oflaf am Impfzenter

  • Presentéiert Iech zum ofgemaachten Datum am Impfzenter.
  • Preparéiert folgend Ënnerlage fir se deen Ament virweisen ze kënnen: Carte d'identité, Sozialversécherungskaart (CNS) an Är Confirmatioun vum Rendez-vous.
  • Wann Dir bei Prozedur fir Äre Rendez-vous op d'mannst eng Fro vum Formulaire mat Jo beäntwert hutt, hutt Dir virun der Impfung eng Consultatioun bei engem Dokter.
  • Am anere Fall, gitt Dir direkt geimpft.
  • No der Impfung, kritt Dir Ären Impfcertificat a, wann néideg, Ären 2. Rendez-vous.
  • Waart wgl. 15 Minutten am Erhuelungsberäich, éier Dir gitt.

Ech loosse mech impfen! An Dir? Maacht och Dir mat a schéckt Är Foto eran!

Klickt hei fir matzemaachen

Last update