Sech impfe loossen - ouni Rendez-vous

Wie ka sech impfe loosen?

All Resident oder Net-Resident, ab 18 Joer (ab 12 Joer fir eng Impfung mat engem mRNA-Impfstoff), deen eng Lëtzebuerger Matricule huet, kann ënnert verschiddene Bedéngungen, ouni Rendez-vous mat engem mRNA- oder engem Vektor-Impfstoff geimpft ginn.

Wou kann ech mech impfe loossen?

Am Impfzenter

Nëmme fir déi 1. Dosis kënnt Dir Iech ouni Rendez-vous an den 3 Impfzentren impfe loossen:

  • LuxExpo
  • Ettelbréck
  • Esch-Belval

Wichteg: säin Impf-Rappel (Booster) kann een an den Impfzentere LuxExpo, Esch-Belval an Ettelbréck just nach op Rendez-vous maache loossen. Dir musst also ofwaarden, bis Dir Är Invitatioun per Post geschéckt kritt, fir e Rendez-vous ze huelen.

Ëffnungszäiten

  • Méindeg: 13:00 bis 19:00 Auer
  • Dënschdeg bis Freideg: 07:00 bis 19:00 Auer
  • Samschdeg: 07:00 bis 13:00 Auer

Feierdeeg

  • 31.12: 07:00 bis 14:00 Auer
  • 01.01: zou

Kommt wgl. fréistens 30 Minutten no der Ëffnung vum Impfzenter a spéitstens 30 Minutten ier dësen zou mécht.

Adressen

Esch Belval - Maison des matériaux / Bâtiment Nord
30, Avenue des Hauts-Fourneaux
4365 Esch-sur-Alzette
Luxembourg
Wee bis: Esch Belval - Maison des matériaux / Bâtiment Nord

Ettelbréck - Hall des sports CHNP
Rue du Deich
9012 Ettelbruck
Luxembourg
Wee bis: Ettelbruck - Hall des sports CHNP 

LuxExpo The Box
10, Circuit de La Foire Internationale
1347 Luxembourg
Luxembourg
Wee bis: LuxExpo The Box

Zougang

D'Impfzentere si barrierefräi agriicht a mat Rollstull accessibel. Wann néideg, kann eng Persoun och an den Impfzenter begleet ginn.

An de Pop Up Impfstatiounen

Pop Up Gare Lëtzebuerg
Gare
L-1616 Luxembourg

Méindeg bis Freideg: 10:00 bis 16:00 Auer

Dir kënnt Iech ouni Rendez-vous an Pop Up Impfstatiounen u folgenden Deeg impfe loossen:

19.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Opkorn Differdange 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Cloche d'Or 10:00 - 16:00

20.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Copal Grevenmacher 10:00 - 16:00
Shopping Center Cora Foetz 10:00 - 16:00

21.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Belle Étoile 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Kirchberg 10:00 - 16:00

22.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Bettembourg 10:00 - 16:00
Shopping Center City Concorde 10:00 - 16:00

24.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Opkorn Differdange 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Cloche d'Or 10:00 - 16:00

25.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Copal Grevenmacher 10:00 - 16:00
Shopping Center Cora Foetz 10:00 - 16:00

26.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Belle Étoile 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Kirchberg 10:00 - 16:00

27.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Bettembourg 10:00 - 16:00
Shopping Center City Concorde 10:00 - 16:00

28.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Opkorn Differdange 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Cloche d'Or 10:00 - 16:00

29.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Copal Grevenmacher 10:00 - 16:00
Shopping Center Cora Foetz 10:00 - 16:00

31.01

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Belle Étoile 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Kirchberg 10:00 - 16:00

01.02

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Bettembourg 10:00 - 16:00
Shopping Center City Concorde 10:00 - 16:00

02.02

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Opkorn Differdange 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Cloche d'Or 10:00 - 16:00

03.02

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Copal Grevenmacher 10:00 - 16:00
Shopping Center Cora Foetz 10:00 - 16:00

04.02

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Belle Étoile 10:00 - 16:00
Shopping Center Auchan Kirchberg 10:00 - 16:00

05.02

Event / Plaz Adress Auerzäit
Shopping Center Cactus Bettembourg 10:00 - 16:00
Shopping Center City Concorde 10:00 - 16:00

Wat sinn d'Demarchen an der Impfstatioun?

An den Impfzentren

  • Presentéiert Iech am Impfzenter.
  • Preparéiert folgend Ënnerlage fir se deen Ament virweisen ze kënnen: Carte d'identité, Sozialversécherungskaart (CNS).
  • No der Impfung, kritt Dir Ären Impf-Certificat a, wann néideg, Ären 2. Rendez-vous.
  • Waart wgl. 15 Minutten am Erhuelungsberäich, éier Dir gitt.

An de Pop up Impfstatiounen

  • Presentéiert Iech am Impfzenter.
  • Preparéiert folgend Ënnerlage fir se deen Ament virweisen ze kënnen: Carte d'identité, Sozialversécherungskaart (CNS).
  • Waart wgl. 15 Minutten am Erhuelungsberäich, éier Dir gitt.

Wat sinn d'Demarchë fir meng 1. Dosis?

Dir braucht just Är Carte d'identité an Är CNS-Kaart matzebréngen. 

Wat sinn d'Demarchë fir meng 2. Dosis?

Dir kritt Ären 2. Rendez-vous am Impfzenter matgedeelt.

Wann Dir fir eng 2. Dosis kommt, musst dir ausserdeem den Impf-Certificat vun der 1. Dosis matbréngen (da gëllt och, wann Dir déi 1. Dosis am Ausland krut). 

Wéi maachen ech mäi "Booster" - Impf-Rappel?

Dir braucht just Är Carte d'identité an Är CNS-Kaart matzebréngen.

Wann Dir fir eng Booster-Dosis kommt, musst dir ausserdeem den Impf-Certificat matbréngen (da gëllt och, wann Dir déi anere Dosis am Ausland krut).

Dës Demarche, fir d'Booster-Impfung ouni Rendez-vous ze kréien, gëllt just fir d'Pop Up Impfstatiounen. 

Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, gouf am Regierungsrot decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderna an dem Impf-Rappel (Booster) ze kierzen.

Dir musst folgend Delaie fir den Impf-Rappel anhalen:

  • Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff): 3 Méint no Ärer kompletter Éischtimpfung
  • Impfung mat 2 Dosissen (béid Dosissen AstraZeneca): 3 Méint no Ärer kompletter Éischtimpfung
  • Impfung mat 1 Dosis (Johnson&Johnson): Zousaz-Dosis mat engem RNA-Impfstoff 1 Mount no der Johnson & Johnson Impfung

Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, kréien hire "Booster" 1 Mount nom positive PCR-Test.

Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen an hir Éischtimpfung am Ausland kruten, kënnen ouni Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere LuxExpo, Esch-Belval order Ettelbréck hir Booster-Impfung kréien.

 

Ech loosse mech impfen! An Dir? Maacht och Dir mat a schéckt Är Foto eran!

Klickt hei fir matzemaachen

Last update