Wéi huelen ech e Redenz-vous

Rendez-vous fir d'Impfung huelen

Huelt wgl. Äre Rendez-vous fir d'Impfung online.

Wann et Iech technesch net méiglech ass, e Rendez-vous online ze huelen, kënnt Dir och d'Helpline Santé kontaktéieren. Eis Ekippe si frou Iech bei Ärem Rendez-vous fir d'Impfung weiderzehëllefen. D'Helpline ass all Dag, vu Méindes bis Sonndes, tëscht 08:00 a 19:00 Auer fir Iech do, um +352 247-65533.
Dréckt dono d'3 fir mat engem Mataarbechter ze schwätzen.

Etappen

  • Dir gitt per Post fir d'Impfung invitéiert.
  • D'Invitatioun enthält e personaliséierten Zougangscode mat limitéierter Gültegkeet. Opgepasst, dës Invitatioun kann net verlängert ginn!
  • Mat dësem Code kënnt Dir online Rendez-vous huelen. E Rendez-vous huele fir d'Impfung.
  • Befollegt d'Consignë fir e Rendez-vous ze huelen.
  • Fir verschidden Impfstoffer ass eng 2. Dosis vum Impfstoff noutwendeg. Dir kritt dann Ären 2. Rendez-vous am Impfzenter matgedeelt.

Waardelëscht

Dir gehéiert zu de Persoune vun der Phas 4 vun der Impfcampagne, konnt Iech awer am entspriechenden Zäitraum net impfe loossen? Da schreift Iech tëschent dem 19. an dem 25. Abrëll op d’Waardelëscht an: guichet.lu/vaccination-liste-d-attente

Video-Guide

Opgepasst: D'Impfung kann net an enger Dokteschpraxis oder an engem Spidol (ausser fir Spidolspersonal) duerchgefouert ginn. Falls et Iech technesch net méiglech ass, e Rendez-vous online ze huelen, kontaktéiert wgl d'Helpline Santé: +352 247-65533, erreechbar vu Méindeg bis Sonndeg, vun 08:00 bis 19:00 Auer.

Ech loosse mech impfen! An Dir? Maacht och Dir mat a schéckt Är Foto eran!

Klickt hei fir matzemaachen

Last update