Testing

Dir hut eng Ordonnance fir een COVID-19-Test (PCR-Test) kritt?

Opgepasst: D'Ordonnance kann net an enger Teststatioun vum Large Scale Testing ageléist ginn.

Kontaktéiert wannechglift ee vun dësen Laboratoiren: 

  • Bionext Lab
  • Laboratoires Ketterthill
  • Laboratoires Réunis (P&R Junglinster) 

Dir hut Symptomer déi op eng COVID-19-Infectioun hindéiten? Evitéiert den Kontakt mat anere Mënschen a rufft Ären Dokter un.  Waart net op Är Invitatioun fir den Large Scale Testing.

Dir hutt en COVID-19 Test am Kader vum Large Scale Testing gemaach?

Äert Resultat ass 24 bis 36 Stonnen nom Datum vum Test accessibel. (Den Dag vum Test, de Samschdeg ab 12h an de Sonndeg sinn aus dësem Delai ausgeholl.)

Fir Accès zu Ärem Resultat ze kréien, haalt Är Matricule bereet a klickt op dëse Link: https://www.covid19-test.lu/access

Beuecht dass Dir e Sécherheetscode op déi Handysnummer geschéckt kritt, déi Dir bei der Prise de Rendez-vous uginn hutt. Dëse Code ass indispensabel fir Accès zum Resultat ze kréien.

E strukturéierte, cibléierte a flexibelen Testing

D'Lëtzebuerger Regierung trëtt an eng nei Phas vum Screening an. Zil ass et, representativ Stéchprouwe vun der Bevëlkerung ze testen, fir esou d'Entwécklung ze verfollegen a bei enger Hausse vun de Fäll flexibel reagéieren ze kënnen. Dëst ass dee beschte Wee, fir Infektiounsketten ze duerchbriechen an esou d'Kontakter vun den Infizéierten effektiv zeréckzeverfollegen.

De COVID-19-Test op Invitatioun vun der Lëtzebuerger Regierung betrëfft souwuel Awunner wéi och Frontalieren. Den Test ass gratis.

Wann Dir Symptomer hutt, déi méiglecherweis a Relatioun mat enger COVID-19-Infektioun stinn, da kontaktéiert direkt Ären Dokter fir Iech een Test verschreiwen ze loossen.

D'Strategie an d'Prozedur

Rendez-vouse ginn nëmmen op Invitatioun mat engem eemolegen, fir 2 Woche gëltege Reservatiounscode no folgender Verdeelung verginn:

  • Kontinuéierlech Stéchprouwentester vun der Populatioun
  • Tester vun besonnesch exponéierte Persounen
  • Tester fir Areesender
  • Reaktiv Tester
  • Serologesch Tester

D'PCR-Tester ginn ausschliisslech per Ofstréch am Hals duerchgefouert, déi serologesch Tester per Bluttanalys.

D'Helpline

Fir Froen zum Large Scale Testing steet d'Helpline Iech Méindes bis Sonndes vun 8:00 bis 19:00 Auer zur Verfügung.

  • Aus Lëtzebuerg: 8002 19 19 (Festnetz an Handy)
  • Aus der Belsch: 0800 14 3 75 (Festnetz an Handy)
  • Aus Däitschland: 0800 18 09 028 (Festnetz an Handy)
  • Aus Frankräich: 0805 321 023 (Festnetz an Handy)

FAQ

Firwat gëtt de Large Scale Testing gemaach?

De Large Scale Testing huet d'Zil, d'Entwécklung vun der COVID-19-Infektioun an der Bevëlkerung z'iwwerwaachen. D'Zil ass dobäi net de Virus auszerotten, mee éischter en anzedämmen an den Infektiounstaux op engem ganz niddregem Niveau ze halen. Dëst gëtt duerch reegelméisseg Tester a representativ Stéchprouwe vun der Populatioun erméiglecht.

Firwat krut ech keng Invitatioun?

D'Strategie vum Large Scale Testing deelt d'Populatioun a representativ Gruppen an, zum Beispill no Branche, Alter a Wunnuert. Dëst bedeit, datt Membere vum nämmlechten Haushalt, Bewunner aus der nämmlechter Noperschaft oder Aarbechtskolleegen hir Invitatiounen, je no Grupp, där se zougeuerdent goufen, absichtlech ëm e puer Woche versat kréien. Dës Demarche erméiglecht et och weiderhi kontinuéierlech ze testen. D'Strategie berout deemno op enger grouss ugeluechter Stéchprouwenprozedur. Dës organiséiert Duerchféierung erméiglecht et, den Infektiounstaux kontrolléiert op ganz nidderegem Niveau ze halen a sou de Schutz vun Allen ze garantéieren. Den Test gëtt zu enger Geste vun der Solidaritéit, déi ons alleguer schützt. 

Firwat soll ech mech teste loossen, wann ech ageluede ginn, och wann ech keng Symptomer hunn?

D'Zil vu Large Scale Testing ass et, d'Gesondheet vun alle Leit wärend der Pandemie esou gutt wéi méiglech ze schützen. Nom Prinzip: Mir sinn all Deel vun der Léisung.

Mam Large Scale Testing sollen infizéiert Persounen, déi keng Symptomer opweisen (asymptomatesch) an déi onwëssentlech aner Leit ustieche kéinten, detektéiert an isoléiert ginn. Mam Deelhuelen um Large Scale Testing erméiglecht Dir also, asymptomatesch Fäll z'identifizéieren an d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen. Dëst geschitt, andeems Persounen, mat deenen Dir viru kuerzem a Kontakt waart, séier detektéiert an isoléiert kënne ginn.

Opgepasst: Déi meescht infizéiert Persounen, déi wéineg oder guer keng Symptomer hunn, si schonns ustiechend ier dass se Symptomer opweisen. Dofir ass et méiglech, Träger vum Virus a soumat ustiechend ze sinn, ouni datt een sech däers bewosst ass.

Well och elo PCR-Tester fir Persounen ouni Symptomer zur Verfügung stinn, ass et méiglech, méi infizéiert Persounen z'identifizéieren an sou schnell wéi méiglech déi noutwendeg Moossnamen z'ergräifen, fir d'Ustieche vun aneren z'evitéieren. Op dës Aart a Weis dreet all Test dozou bäi, d'Pandemie ënner Kontroll ze halen a verhënnert, dass weider Andämmungsmoossnamen ergraff musse ginn, déi dat soziaalt a wirtschaftlecht Liewe staark aschränke géifen.

Wat geschitt wann den Test negativ ass an d'Persoun e puer Deeg méi spéit infizéiert gëtt?

Een negative PCR-Test heescht net, datt d'Persoun immun ass. Si ka sech spéider infizéieren. Dofir soll jiddereen, och Persoune mat engem negativen Testresultat, weiderhin déi üblech Geste-barrièrë respektéieren. Well de Large Scale Testing allerdéngs zäitlech gestaffelt ass, stellen d'Tester net nëmmen eng Momentopnam duer. D'Tatsaach, datt ëmmer eng Persoun aus enger bestëmmter Grupp getest gëtt, erméiglecht et, zu all Zäitpunkt Infektiounsketten z'identifizéieren, zu deenen dës Persoun gehéiere kéint. Och wann net all Neiinfektioune verhënnert kënne ginn, kann déi kollektiv Participatioun un den Tester eng nei Well verhënneren.

Last update