Ech sinn ee COVID-19 Kontakt/ Ech sinn COVID+ getest ginn

Hutt Dir e COVID-19-Test gemaach an Äert Resultat ass positiv?

Waart Dir an enkem Kontakt mat enger Persoun, déi COVID+ getest gouf?

Ënnerstëtzt d’Contact-Tracing-Ekipp andeems Dir de Formulaire covidtracing.public.lu ausfëllt.

FAQ

Wéi soll ech meng Isolatioun oder Quarantän organiséieren?

Maacht eng Lëscht mat all de Basis-Produiten, déi Dir wärend der Isolatioun oder der Quarantän brauche wäert (Liewensmëttel, Haushaltsproduiten, verschreiwungsflichteg Medikamenter, etc.) a loosst sech Iech Heem liwweren.

Wann Dir net eleng wunnt,  dann isoléiert Iech eleng an enger Kummer a benotzt, wa méiglech, getrennte Sanitäranlagen (Toilette an Dusch). Wann Dir keng getrennte Buedzëmmer benotze kënnt, da musst Dir no all Gebrauch d'Buedzëmmer desinfizéieren.

Dir musst zu all Ament e Mask droen, wann Dir Är Kummer verloosst an Iech reegelméisseg d'Hänn wäschen oder desinfizéieren.

D'Membere vun Ärem Haushalt sollen op kee Fall an Är Kummer goen oder Iech ze no kommen, souguer wann se Iech z'iesse bréngen. Et gëtt geroden, de Plateau mam Iesse virun d'Kummerdier ze setzen.

Denkt dorun Är Kummer reegelméisseg ze lëften. Botzt an desinfizéiert all Dag d'Uewerflächen, déi reegelméisseg ugepak ginn (Dëscher, Klenschen, Luuchteschalteren, Comptoiren, Grëffer, Büroen, Telephonen, Clavieren, Toiletten, Krinn a Spullsteen).

Benotzt Äert eegent Geschier, dat Dir am beschten an der Spullmaschinn wäscht, well d'Wäschdauer an d'Temperatur vum Waasser méi effikass géint de Virus sinn, wéi wann Dir d'Geschier per Hand spullt.

Benotzt Äert eegent Bettgezei, Dicher a Kleeder, déi am beschte mat Wäschmëttel an der Wäschmaschinn bei 60° bis 90°C gewäsch solle ginn. Aner Membere vum Haushalt sollen Är Wäsch net upaken. Leet Är knaschteg Wäsch an ee waasserdichte Behälter.

Versicht Iech gesond z'ernären a genuch Waasser oder Kraidertéi ze drénken. Moosst reegelméisseg Är Temperatur a rufft Ären Dokter un wann Dir Iech net gutt spiert. Wann Dir Otemproblemer hutt, da kontaktéiert d'Urgencen.

Denkt drun een Telefon oder anert Kommunikatiounsmëttel bei Iech ze halen, sou wéi d'Nummer vu Persounen, déi Dir am Noutfall kontaktéiere kënnt. 

Last update