Lëtzebuerger am Ausland

D'Lëtzebuerger Bierger an Awunner sinn invitéiert sech iwwert d'Areesbestëmmunge vun hiren Zillänner ze informéieren. Verschidde Länner verlaangen, dass Reesender aus Lëtzebuerg ee rezenten negative COVID-19-Test virweisen oder sech fir eng bestëmmten Zäit ze autoisoléieren / a Quarantän ze setzen.

D'Europësch Kommissioun huet d'Plattform Re-open EU lancéiert. Dës Plattform gëtt "en direct" Informatiounen zu de Grenzen, d'Transportméiglechkeeten, Reesrestriktiounen, d'Sécherheets- a Gesondheetsmesurë (sozial Distanz oder d'Maskeflicht, zum Beispill), an nach weider praktesch Informatiounen fir Reesender.

De Service vun der Assistance consulaire vum Aussen- an Europaministère kann de Lëtzebuerger Bierger an Awunner bei spezifesche Froen zu enger bestëmmter Destinatioun äntwerten. Ausserdem rifft den Aussen- an Europaministère dozou op, dass déi Leit déi an d'Ausland reesen sech um Site Lëtzebuerger am Ausland virun hirer Ofrees aschreiwen.

FAQ

Wee muss een negativen Test fir Reesen op Lëtzebuerg virweisen?

Jiddwereen deen 12 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Folgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema mat engem Impfstoff mat enger Maartzouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence attestéiert (cf. FAQ), also den Impfstoff vun den Entreprisen AstraZeneca, BioNTech/Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna, an dee vun enger ëffentlecher oder medezinescher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf
  • oder ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch)
    • vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) - also duerch PCR (polymerase chain reaction), TMA (transcription-mediated amplification) oder LAMP (loop-mediated isothermal amplification) Methoden, dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit
    • oder vun engem Antigène-Schnelltest (entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11. September 2020, an deen op der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021 steet), dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit

D'Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, entweder an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch, virleien. Et sinn also all Departe Richtung Lëtzebuerg betraff, och déi aus Memberstaate vun der europäescher Unioun an dem Schengeraum.

Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

Dës Obligatioune gëllen net fir Reesen iwwer Land oder Waasser.

Verschidde Kategorië vu Persounen si vun dëser Obligatioun fräigestallt:

  • Gesondheetsberuffler, Chercheuren aus dem Gesondheetsberäich a Fleegepersonal fir eeler Leit am Déngscht
  • Déi Leit déi am Service vum Transportsecteur schaffen
  • Déi Leit déi en Aller-Retour mam Fliger maachen, vu manner ewéi 72 Stonnen, vum Grand-Duché aus an en anert Land wat am Schengenraum läit oder Member vun der europäescher Unioun ass, an ënner der Konditioun, dass se de Schengenraum oder den Terrain vun de Memberstaate vun der EU an der Period net verlooss hunn
  • D'Membere vum diplomatesche Korps, Personal vun internationalen Organisatiounen an Invitéeë vun internationalen Organisatiounen deenen hir Presenz fir de Fonctionnement vun den Organisatiounen néideg ass, Militärpersonal, Personal aus de Beräicher Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef, Personal aus dem Zivilschutz am Kader vun der Ausübung vun hire jeeweilege Funktiounen

Muss ech no menger Arees op Lëtzebuerg a Quarantän goen?

Den Ament gëllt keng Quarantäneflicht bei der Arees.

Jiddwereen deen 12 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding Folgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema mat engem Impfstoff mat enger Maartzouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence attestéiert (cf. FAQ), also den Impfstoff vun den Entreprisen AstraZeneca, BioNTech/Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna, an dee vun enger ëffentlecher oder medezinescher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf
  • oder een Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch)
    • vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) - also duerch PCR (polymerase chain reaction), TMA (transcription-mediated amplification) oder LAMP (loop-mediated isothermal amplification) Methoden, dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit
    • oder vun engem Antigène-Schnelltest (entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020, an deen op der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021 steet), dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit

D'Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, entweder an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch, virleien. Et sinn also all Departe Richtung Lëtzebuerg betraff, och déi aus Memberstaate vun der europäescher Unioun an dem Schengeraum.

Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

Dës Obligatioune gëllen net fir Reesen iwwer Land oder Waasser. 

Gëlt Lëtzebuerg als Risikoland?

Aktuell gëtt Lëtzebuerg vu verschiddene Länner als Risikozon agestuuft a verlaangen vun de Lëtzebuerger Awunner en negative COVID-19-Test oder veruerdnen eng Isolatioun oder Quarantän fir e gewëssen Zäitraum.

Renseignéiert Iech am Viraus iwwert d'Areeskonditioune vun der jeeweileger Destinatioun. De Service vun der Assistance consulaire vum Aussen- an Europaministère kann de Lëtzebuerger Bierger an Awunner bei spezifesche Froen zu enger bestëmmter Destinatioun äntwerten. 

Gëtt um Flughafe Féiwer gemooss?

Nee.

Kann ech mech zu Lëtzebuerg teste loossen?

All Persoun, déi no enger Rees mam Fliger zu Lëtzebuerg ukënnt, ka vun engem gratis PCR-Test um Flughafen um Findel profitéieren. Et sief preziséiert, dass d'Passagéier sech den Dag selwer vun hirer Arrivée am COVID-19-Testzenter um Lux-Airport mussen teste loossen. Dofir mussen si hire Voucher (disponibel mam Gepäck) an hire Fluchbilljee presentéieren. D'Resultater vun de PCR-Tester si bannent 24 Stonne verfügbar.

Wann déi concernéiert Persoune Lëtzebuerg awer per Loftwee besichen, da mussen si een Impf-Certificat, Geheelt-Certificat oder negatiivt Testresultat op SARS-CoV-2 virweisen. (cf. Fro "Wee muss een Impf-Certificat, Geheelt-Certificat oder negatiivt Testresultat op SARS-CoV-2 fir Reesen op Lëtzebuerg virweisen?")​

Wéi soll ee virgoe wann d'Testresultat positiv ass?

Persounen, déi positiv getest goufen, musse sech 10 Deeg laang isoléieren. Wärend dëser Zäit an Isolatioun muss all Kontakt zu anere Leit evitéiert ginn an et muss ëmmer eng chirurgesch Mask gedroe ginn, soubal aner Persoune present sinn. Sech net un eng Isolatiounsmoossnam halen ass eng Infraktioun a kann mat enger Geldbouss bis zu 500 Euro bestrooft ginn. Zëmmere fir Touristen, déi positiv getest goufen, sti fir déi vun der Gesondheetsinspektioun identifizéiert Fäll wann néideg zur Verfügung.

Persounen, déi mat enger positiv getester Persoun a Kontakt waren, mussen a Quarantän goen: Si mussen all soziale Kontakt evitéieren a fir een Zäitraum vu 7 Deeg nom leschte Kontakt mat der positiv getester Persoun doheem oder hirem zäitweilegen Ënnerdaach bleiwen. Dës Persoune kréien eng Ordonnance fir sech ab dem 6. Dag testen ze loossen.

Last update