Ausgangsspär

Tëschent 23:00 an 6:00 Auer sinn Deplacementer am ëffentlechen Raum verbueden.

Ausname gëlle fir Deplacementer:

  1. fir eng berufflech Aktivitéit, eng Formatioun oder e Cours
  2. fir eng medezinesch Consultatioun oder Versuergung déi net kann verréckelt oder op Distanz gemeet ginn
  3. fir Medikamenter oder gesondheetlech Produiten ze kafen
  4. aus zwengenden familiäre Grënn, fir vulnerabel Leit oder Leit an enger prekärer Situatioun ze hëllefen oder ze fleegen oder fir op Kanner opzepassen
  5. fir enger geriichtlecher, polizeilecher oder administrativer Convocatioun nozekommen
  6. fir op d’Gare oder de Flughafen an zeréck am Kader vun enger Rees an d’Ausland
  7. fir en Transit iwwert den Autobunnsréseau
  8. fir bannend engem Rayon vun 1 Kilometer ronderëm säi Wunnsëtz fir d’Besoinen vun engem Hausdéier
  9. am Fall vun enger force majeur oder drengender Situatioun

Dës Deplacementer dierfen op kee Fall zu enger Versammlung féieren.

Last update