Educatioun, Sport, Kultur, Fräizäitaktivitéiten

Educatioun

Hei fannt Dir déi sanitär Mesuren am Beräich Educatioun.

CovidCheck

De CovidCheck System ass ee System, dee fir Privatpersounen a privat an ëffentlech Etablissementer (z.B. Restauranten, Baren, Fitnesszenteren, Butteker, Administratiounen, Entreprisen, asw.) oder Evenementer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) gëllt, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt nëmmen deene Persounen (Clienten, Gäscht, Spectateuren) erlaabt ass, déi geimpft oder geheelt sinn, esou wéi deene Persounen, déi e Certificat virleeë kënnen, dass si wéinst Konterindicatiounen net geimpft kënne ginn. An dësem Fall mussen déi Persounen dann zousätzlech en negativen Test-Certificat virweisen oder e Schnelltest op der Plaz maachen.

Persounen, déi

  • en Impfcertificat hunn, dee virun 180 Deeg oder manner ausgestallt gouf
  • e Certificat vun engem Impf-Rappel (Booster) hunn
  • oder e Geheelt-Certificat hunn, dee bis 180 Deeg gülteg ass

si vun dëser Testflicht net betraff.

Persounen ënnert 12 Joer an 2 Méint brauche kee Certificat virzeweisen.

Fir méi Informatiounen iwwert de CovidCheck-System an d'Prozedur fir de System ze deklaréieren, besicht eis Säit zum Thema CovidCheck-System.

Sportlech Aktivitéiten

Sportshalen a Sportsanlagen am Fräie sinn erëm fir d'Ëffentlechkeet zougänglech.

D'Ausübung vu sportlechen Aktivitéiten ass ënnert bestëmmte Konditiounen erlaabt:

  • d'Sportaktivitéit duerf eenzel oder maximal zu 10 ausgeüübt ginn, ouni d'Obligatioun eng Mask ze droen oder e physeschen Ofstand vun 2 Meter anzehalen
  • d'Sportaktivitéit a Gruppe vu méi wéi 10 Persoune muss ënnert dem CovidCheck-Plus-System ("2G+") oflafen
  • pro Persoun déi un der Sportaktivitéit deelhëlt, mussen d'Sportsinfrastrukturen eng Mindestfläch vun 10m2 virgesinn

An de Piscinnen a Waassersport-Zenteren dierf geschwomme ginn. D'Kapazitéit vun de Basengen ass op 1 Persoun pro 10m2 limitéiert.

Och den Zougang zu de Vestiairen an Duschen ass streng gereegelt. Et si maximum 10 Persoune pro Vestiär oder Duschberäich zougelooss. An de Vestiaire mussen d'Persounen entweder eng Mask droen oder eng physesch Distanz vun 2 Meter anhalen. An den Dusche muss déi physesch Distanz vun 2 Meter och agehale ginn.

Déi allgemeng Restriktioune vun der maximal zougeloossener Zuel u Persounen déi gläichzäiteg d'Vestiairen oder Dusche benotzen dierfen, sou wéi d'Fläch déi mindestens pro Persoun garantéiert muss sinn, gëllt net fir Sportsgruppen, déi am nämmlechte Stot wunnen oder am Kader vu schouleschen an ausserschoulesche Sportsaktivitéiten.

Folgend Persounen dierfen um Training a Gruppe vu méi wéi 10 Persounen an u Kompetitiounen deelhuelen, wann si ee Geimpft-, ee Geheelt- oder een Test-Certificat virweise kënnen, also ënnert dem "3G" System:

  • Jonk Sportler an Arbitteren am Alter tëscht 12 Joer an 2 Méint an ënner 19 Joer, déi engem Veräin oder engem Sportverband ugehéieren
  • Sportler an Trainer, déi duerch en Aarbechtsvertrag un ee Veräin oder ee Sportverband gebonne sinn an hir Aktivitéit haaptberufflech oder reegelméisseg ausféieren, a generell, Sportler an Trainer, déi an dësem Kontext haaptberufflech bei der Sécurité sociale ugemellt sinn

Folgend Persoune kënne bei Traininge vu Gruppe vu méi wéi 10 Persounen a Sportskompetitiounen ënnert dem "2G+"-System deelhuelen: Sportler an Arbitteren iwwert 19 Joer, déi engem Veräin oder Sportverband ugehéieren.

Persoune mat engem Certificat vun enger Konterindicatioun fir geimpft ze gi mussen ëmmer zousätzlech zu dësem Certificat en negatiivt Testresultat oder dat negatiivt Resultat vun engem SARS-CoV-2 Schnelltest op der Plaz virweisen. 

Kultur

D'Kulturhaiser si fir d'Ëffentlechkeet op. Déi Reegelen déi hei gëllen ënnerleie prezise Recommandatiounen an Direktive vum Kulturministère. 

Kulturell Aktivitéiten

Kulturell Aktivitéiten, déi eenzel oder maximal zu 10 ausgeüübt ginn, duerfen ouni d'Obligatioun eng Mask ze droen oder e physeschen Ofstand vun 2 Meter anzehalen ausgefouert ginn.

Bei Gruppe vu méi wéi 10 Persounen, déi gläichzäiteg eng kulturell Aktivitéit ausféieren, gëllt de CovidCheck-System "2G+".

Dës Restriktioune gëllen net fir Gruppen déi ausschliisslech Persounen aus engem Stot bestinn, oder am Kader vu schouleschen an ausserschoulesche musikaleschen Aktivitéiten. 

Aner Fräizäitaktivitéiten

D'Gesetz gesäit keng spezifesch Bestëmmunge méi vir, déi sech op Fräizäitaktivitéite bezéien. Et gëllen an deem Fall déi allgemeng Reegele fir Versammlungen.

FAQ

Ka COVID-19 duerch Schweess iwwerdroe ginn?

Bis haut gëtt et keng wëssenschaftlech Beweiser, datt de Virus duerch Schweess iwwerdroe gëtt.

Och wann de Virus net sou iwwerdroe gëtt, kann de Virus a Sportinfrastrukturen duerch Kontakt mat kontaminéierten Objeten (z.B. Fitnessausrüstung) iwwerdroe ginn.

Kann ee sech beim Schwamme mat COVID-19 infizéieren?

Aktuell gëtt et keng Etüd zum Iwwerliewe vum SARS-CoV-2 am Waasser vun enger Schwämm. D'Waaser an der Schwämm schéngt awer keng gutt Plaz fir d'Iwwerliewen an d'Enwécklung vum Virus ze sinn.

Ech hunn en Ticket fir en Evenement kaaft, deen awer opgrond vun der Corona-Epidemie huet missen ofgesot ginn. Wéi eng Méiglechkeeten hunn ech?

Wann een Evenement opgrond vun de Mesurë vun der Regierung am Kader vun der Corona-Epidemie ofgesot gëtt, da kann den Ticket rembourséiert ginn.

Wann een Evenement opgrond vun de Mesurë vun der Regierung am Kader vun der Corona-Epidemie verluecht gëtt, da sinn d'Ticketen a priori net remboursabel, ausser de Keefer vum Ticket huet keng Méiglechkeet um verluechten Evenement deelzehuelen.

 

Ech si Gerant vun engem Bowlingzenter. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Bowling gëllt als Sportaktivitéit. Deementspriechend gëllen och d'Reegele fir d'Ausübung vu sportlechen Aktivitéiten. 

Ech si Gerant vun engem Bowlingzenter an ech hunn eng Horeca-Lizenz. Dierf ech béid Aktivitéiten ausüben a wa jo, ënnert wéi enge Reegelen?

Jo. Béid Aktivitéiten ënnerstinn dem CovidCheck-System ("2G+"). 

Mir gehéiert eng Indoor-Spillplaz. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Indoor-Spillberäicher (Trampolin, Laser Game, etc.) gëllen als Sportaktivitéit. Deementspriechend gëllen och d'Reegele fir Sportaktivitéiten, nämlech den 2G+-System. 

Ech si Gerant vun engem Wellnesszenter. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Hei gëllen d'Reegele fir d'Ausübung vu Sport- a Fitnessaktivitéiten. Deementspriechend, muss pro Persoun eng Mindestfläch vun 10m2 vun der Gesamtfläch vun Ärem Etablissement (Saunaberäich, Hammam, etc.) virgesi ginn. Bei méi wéi 11 Persounen gëtt den "2G+"-System applizéiert. Falls Dir och eng Schwämm an Ärem Wellnesszenter hutt, musst Dir och oppassen. Och hei ass d'Kapazitéit vum Baseng op eng Persoun pro 10m2 limitéiert, fir z'evitéieren dass ze vill Leit gläichzäiteg am Waasser sinn. 

Ech géif gären eng Sport- oder Fitnessaktivitéit am Fräie maachen. Wéi eng Reegele gëllen?

Sport- a Fitnessaktivitéiten (Yoga, Bootcamp, Joggen, Nordicwalking) kënnen am Fräien (am Park oder am Bësch) ouni Mindestofstand oder Maskeflicht ausgeüübt ginn, an dëst individuell oder a Gruppe vu bis zu 10 Persounen.

Bei Gruppe vu méi wéi 10 Leit, gëtt den "2G+"-System applizéiert.

Wéi eng Reegele gëllen, wann ech spadséiere goe wëll?

Hei muss een ënnerscheeden tëschent Wanderen am Bësch (wéi beim Nordicwalking oder engem Fitnessparcours) oder gemittlech duerch d'Stad spadséieren.

Am 1. Fall, muss een d'Reegelen fir d'Ausübung vu Sportaktivitéiten respektéieren.

Am 2. Fall, gëllen d'Reegele fir Versammlungen. 

Last update