Ëffentlechen Transport

Fir den ëffentlechen Transport goufe verschidde Mesuren agefouert fir d'Verbreedung vum COVID-19 an der Bevëlkerung ze minimiséieren. Dës Mesurë musse vum Personal a vun de Leit, déi den ëffentlechen Transport notzen, agehale ginn, fir d'Gesondheet vun all Reesenden a vun de Chaufferen ze schützen.

D'Droe vun enger Mask ass am ëffentlechen Transport zu all Moment obligatoresch, ausser fir de Chauffer, wann eng tëschemënschlech Distanz vun 2 Meter agehale gëtt oder eng Trennwand hie vun de Passagéier trennt.

Déi viischt Dier vun de Busse bleift zou. Passagéier si gebieden, iwwert déi hënnescht Dieren eran- an erauszeklammen.

Déi éischt Sëtzrei muss, esou wäit et méiglech ass, fräi bleiwen.

De Chauffer verkeeft keng Billjeeën.

Passagéier si gebieden, Ofstand vuneneen ze halen..

FAQ

Dierf ech mech am ëffentlechen Transport nieft eng aner Persoun setzen?

Passt am ëffentlechen Transport wéi op all aner Plaz dorop op, dass Dir, esou wäit et méiglech ass, d'Geste-barrièren anhaalt. Sëtzt Iech eleng a loosst, wa méiglech, eng Plaz niewent Iech fräi.

Wéi kann een evitéieren sech am ëffentlechen Transport mam Coronavirus unzestiechen?

Et ass wichteg Ofstand ze halen an d'Geste-barrièren, sou wäit et méiglech ass, ze respektéieren. Sëtzt Iech eleng a loosst, wa méiglech, eng Plaz niewent Iech fräi.

Last update