Geschäfter

D'Geschäfter, och déi déi keng essentiell Wueren an Aktivitéiten ubidden, kënnen erëm de Public empfänken. Dës Reouverture bréngt awer nei sanitär Mesurë mat sech. Deementspriechend gëllt d'Limitatioun vun engem Client pro 10m2 fir all ëffentlech zougänglech Geschäfter, onofhängeg vun der Verkafsfläch. Kleng Geschäfter mat enger Verkafsfläch vu manner wéi 20m2 duerfe just nach 2 Clientë gläichzäiteg empfänken.

Akafszentere mat Geschäfter a mat enger Verkafsfläch vu 400m2 oder méi, mussen ausserdeem e Gesondheetsprotokoll erstellen, dee vun der Gesondheetsdirektioun ugeholl muss ginn. 

Maskeflicht gëllt bei all Aktivitéit dobannen, déi fir de Public op ass.

Versicht eng Distanz vun 2 Meter zu aner Persounen anzehalen.

Denkt un d'Geste-barrièren

Verzicht drop, eppes direkt an d'Hand ze ginn.

Wee keng Mask an de Geschäfter dréit muss mat Sanktioune rechnen a kann als Client refuséiert ginn.

Fir all Geschäft gëllt eng Limitatioun vun engem Client pro 10m2. Geschäfter mat enger Verkafsfläch vu manner wéi 20m2 duerfe maximal 2 Clientë gläichzäiteg empfänken. 

Last update