Klinicken an Dokteren

D'Organisatioun vum Gesondheetssystem gouf adaptéiert, fir esou déi gesondheetlech Sécherheet ze garantéieren.

Preventiounsmesuren

Allgemeng Preventiounsmesuren

D'Teleconsultatioun ass ëmmer méiglech, besonnesch am Verdacht op COVID-19.

Respektéiert d'Schutzmoossnamen, déi vun Ärem Dokter virgeschriwwe ginn.

Maacht ëmmer ee Rendez-vous per Telefon aus.

COVID-19-Screening per Telefon.

Decisioun vum Dokter:

  • perséinlech Consultatioun
  • Teleconsultatioun
  • Urgence

Gidd alleng bei den Dokter oder, wann noutwendeg, mat maximal 1 Begleedung.

Sidd zur ofgemaachter Zäit do fir z'evitéiren, datt Dir mat anere Patienten a Kontakt kommt.

Beim Eragoen: Desinfizéiert Iech d'Hänn an dot eng Mask un.

Haalt 2 Meter Ofstand am Wartesall. 

An de Klinicken

Testflicht an der Entrée vun der Klinick

Ab 6 Joer muss jiddereen, fir an eng Klinick dierfen eranzegoen, een Antigène-Selbsttest op der Plaz maachen, an d'Resultat muss negativ sinn. Dat gëllt:

  • wann Dir ee Patient an der Klinick besicht
  • wann Dir fir eng Consultatioun, eng Ënnersichung, Fleeg oder medezinesch Behandlungen an d'Klinick gitt
  • wann Dir eng Persoun an d'Klinick begleet, déi fir eng Consultatioun, eng Ënnersichung, Fleeg oder medezinesch Behandlungen an d'Klinick geet
  • wann dir eng Persoun fir hiren Openthalt an der Klinick begleet (z. B. een Elterendeel, dee wärend der Hospitalisatioun vu sengem mannerjärege Kand beim Kand bleift)

Geimpften, geheelten oder Persoune mat engem negativen Test, an engem entspriechende Certificat, musse keen esou een Test op der Plaz maachen.

  • Impf-Certificat
    • Akzeptéiert Impfstoffer: BioNTech/Pfizer / Moderna / AstraZeneca (Vaxzevria) / Johnson & Johnson (Janssen)
    • Impf-Schema mat 2 Dosissen:
      • ab dem Dag vun der 2. Dosis
      • oder ab dem 14. Dag no der 1. Dosis, wann déi geimpfte Persoun bannent 180 Deeg virun der Impfung infizéiert war
    • Impf-Schema mat 1 Dosis: 14 Deeg no der Impfung
  • Negative COVID-19 Test-Certificat
    • PCR-Test (oder NAT), 72 Stonne gülteg
    • Antigène-Schnelltest, 48 Stonne gülteg
  • Geheelt-Certificat
    • De Geheelt-Certificat ass tëschent dem 11. an dem 180. Dag nom Datum vum Resultat vun engem positive PCR-Test gülteg.

Persounen, déi wéinst enger Urgence an d'Klinick kommen a Persounen déi COVID-positiv sinn a behandelt oder hospitaliséiert musse ginn, dierf den Accès an d'Klinick net verweigert ginn.

Aner Preventiounsmesuren

Nieft dem Screening an der Entrée, gëllt och eng Maskeflicht an Dir musst Iech d'Hänn an der Entrée vun der Klinick desinfizéieren. Fir datt net e puer Leit zesummen op Besuch an engem Zëmmer mat zwee Better sinn, gëtt e System vu Rendez-vousen applizéiert.

E Besuch bei engem Patient dee COVID-19 huet oder wou de Verdacht dorobber besteet ass net méiglech, ausser a spezielle Fäll, z. B. wann een am Stierwe läit oder wann et eng grav psychologesch Noutlag gëtt, déi vun engem Dokter zertifiéiert ass.

Vulnerabel Persounen däerfe keng Visitten am Spidol maachen, ausser wa si dofir eng begrënnten Autorisatioun vun hirem Dokter hunn.

D'Spidol kann all Visitt verbidden, wann d'Ëmstänn vun der Epidemie dat néideg maachen. 

FAQ

Ech sinn eng erwuesse Persoun an ech mengen, ech hunn de Coronavirus. U wie kann ech mech wenden fir Gewëssheet ze kréien?

Wann Dir Symptomer vum COVID-19 opweist, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwert d'Teleconsultatiouns-Plattform eConsult. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

Kontaktéiert am Noutfall den 112 oder d'Urgence vun enger Klinick.

Ech sinn en Elterendeel oder legale Vertrieder vun engem Kand wat COVID-19-Symptomer opweist, u wien kann ech mech mat mengem Kand wenden?

1. Fall: d'Kand huet méi wéi 6 Joer

Wann Ärt Kand méi wéi 6 Joer huet, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwert d'Teleconsultatiouns-Plattform eConsult. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

Kontaktéiert am Noutfall den 112 oder d'Urgence vun enger Klinick.

2. Fall: d'Kand huet manner wéi 6 Joer

Kanner, déi méi jonk si wéi 6 Joer, musse vun hirem pediatreschen Dokter oder Generalist oder bei enger Urgence an enger Klinik, wéi zum Beispill d'Kannerklinik vum CHL, versuergt ginn.

COVID-19-Tester bei Kanner ënner 2 Joer ginn op Rendez-vous an der Kannerklinik duerchgefouert. Dir kënnt Iech e Rendez-vous huelen iwwert hire Site: https://kannerklinik.chl.lu/fr/service/prise-de-sang-chl-kannerklinik.

Tester bei Kanner vu méi wéi 2 Joer ginn a Privatlaboen an dem Service Picken Doheem duerchgefouert. (Fir méi Informatiounen, gitt wgl op hir Websäit https://www.pickendoheem.lu).

Fir Kanner tëschent 2 a 6 Joer ass et méiglech e COVID-19-Test (PCR-Test) duerchzeféieren. Dës Tester gi vun der Ligue médico-sociale an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS)duerchgefouert.

D'Prouwe kënnen a folgende Centre-médico-socialë geholl ginn:

  • CMS Luxembourg (2, rue G.C. Marshall; L-2181 Luxembourg)
  • CMS Ettelbruck (2A, avenue Lucien Salentiny; L-9080 Ettelbruck)
  • CMS Dudelange (56, rue du Parc; L-3542 Dudelange)

De Rendez-vous kann iwwert d'Websäit www.ligue.lu, respektiv ënner folgendem Link https://ligue.lu/home/tracing-reservation-en-ligne-1 geholl ginn..

Eng Ordonnance vum Dokter ass Flicht. Rendez-vouse kënne vun 8.30 Auer bis 12 Auer stattfannen. 

Ka mäin Hausdokter mir e Labostest fir COVID-19 verschreiwen?

Jo.

Ee vum Dokter verschriwwene Labostest erméiglecht et eng Infektioun festzestellen. Ären Dokter kann am beschten aschätzen, ob een Test an Ärem Fall gemaach soll ginn.

Wann néideg, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwert d'Teleconsultatiouns-Plattform eConsult. Gitt net an eng Dokteschpraxis!

MAT ORDONNANCE

Wann Dir eng Ordonnance vum Dokter hutt, da kënnt Dir Iech op folgende Plazen teste loossen:

Accès a Lag: 

Centre de prélèvement Diddeleng
1, rue Louis Rech
L-3555 Diddeleng

Kanner vu méi wéi 6 Joer kënnen och bei den LNS goen.

!Oppassen! Beim LNS musst Dir e Rendez-vous huele fir Iech testen ze loossen. Dir kënnt iwwert de Site vum LNS e Rendez-vous huelen https://rdv.lns.lu/

Wat maachen ech, wann ech e gesondheetleche Problem hunn?

  • Am Fall vun enger Urgence, rufft ëmmer den 112 un!
  • Dir kënnt Ären Dokter uruffen oder iwwer Teleconsultatioun (eConsult) kontaktéieren.
  • Dir kënnt och an d'Urgence vun enger Klinick goen.
  • Ausserhalb vun den Ëffnungszäiten (vun 20 bis 24 Auer) a wärend Weekender a Feierdeeg (vun 8 bis 24 Auer) kënnt Dir an eng vun den 3 Maisons-médicalë vum Land goen. Fir e Rendez-vous, rufft um Telefonsnummer 20 33 31 11 un.

D'Maison-médicalë vun der Stad Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht an Ettelbréck huele just Patienten un déi keng COVID-19 Symptomer hunn. Dir sidd gebieden, alleng a mat enger Mask ze kommen.

Wann Dir COVID-19-Symptomer hutt,  kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwert d'Teleconsultatiouns-Plattform eConsult. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

Kontaktéiert am Noutfall den 112 oder d'Urgence vun enger Klinick.

Wéi funktionéiert d'Teleconsultatioun?

D'Teleconsultatioun ass eng medezinesch Praxis ewéi all aner. En Dokter, en Zänndokter oder eng Hiewan kann op déi Aart a Weis op Distanz beroden, an zwar iwwer d'Informatiouns- an d'Kommunikatiounstechnologien.

Fir ze verstoen, wéi d'Teleconsultatioun fonctionéiert, konsultéiert d'FAQs vun der Agence eSanté.. 

Wéi kann ech mäin Hausdokter consultéieren?

D'Teleconsultatioun funktionéiert gutt. Zéckt net, déi Form vu Consultatioun op Distanz ze benotzen. Ären Dokter kann da séier aschätzen, ob Dir sollt bei hien an d'Praxis kommen oder Dir op enger anerer Plaz méi effikass versuergt sidd. Den Dokter däerf elo erëm an senger Praxis schaffen an sech ëm Är gesondheetlech Probleemer këmmeren.

Wann Dir an d'Praxis gitt, da sollt Dir wa méiglech eleng goen, an och d'Zäit vum ausgemaachte Rendez-vous anhalen, fir net mat anere Patienten am Wartesall zesummenzesëtzen.

Wann Dir ukommt, gitt Dir gebieden, Iech d'Hänn ze desinfizéieren, an Dir kritt eng medezinesch Mask fir opzesetzen. Et gëtt och direkt kontrolléiert, ob Dir keng COVID-19-Symptomer hutt.

Et ass och esou, datt d'Raimlechkeete vun der Praxis ekipéiert sinn, fir esou gutt ewéi méiglech d'Sécherheet vum Personal, vum Dokter a vun de Patienten ze garantéieren. Alles gëtt reegelméisseg desinfizéiert; am Wartesall leien och keng Zäitschrëften, Bicher oder Spillsaache méi.

Wéi eng Moossname goufe fir Spideeler geholl?

D'Spideeler si virbereet drop, COVID-19-Patienten opzehuelen, an den normalen Zëmmeren an op den Intensivstatiounen. Et geet virun allem dorëm, no an no méi Patiente am ganze Land kënnen opzehuelen, an dobäi ze vermeiden, datt Behandelungen an Operatioune fir aner Patienten annuléiert musse ginn.

An der éischter Phas gi COVID-19-Patienten am Service fir Infektiounskrankheete vum Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) opgeholl. An der zweeter Phas setzt all Spidol seng Kapazitéite fir COVID-19-Patienten an.

Annulatioune vu Behandelungen an Operatioune fir aner Patiente ginn eréischt néideg ab der Phas 3. Fir dat esou laang wéi méiglech z'evitéieren, kënne Patiente vun engem Spidol an en anert verluecht ginn.

Wann et an der Phas 4 ganz vill COVID-19-Patiente gëtt, kann d'Zuel vun de Better eropgesat ginn, souwuel fir déi normal Krankenzëmmeren ewéi op den Intensivstatiounen.

Wat de Suivi vun de COVID-19-Patienten ugeet, no hirem Openthalt am Spidol, ginn et eng Partie zousätzlech Méiglechkeeten, déi aktivéiert ginn, wann dat néideg ass.

Wat geschitt, wann ech refuséiere fir ee valabele Certificat an der Entrée ze presentéieren a wann ech kee Selbsttest op der Plaz wëll maachen?

An deem Fall dierft Dir net an d'Klinick eragoen. 

Dierf ech an d'Klinick goen, fir mech do behandelen ze loossen, wann ech COVID-positiv sinn?

Eng Persoun, déi COVID-positiv ass a sech an der Klinick wëll behandelen oder hospitaliséiere loossen, kann den Accès net refuséiert kréien. Dëst gëllt fir COVID wéi och fir all aner Krankheet, Pathologie oder Symptomer. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi wéinst enger Urgence an d'Klinick ginn. 

Meng Fra wäert deemnächst eist Kand kréien an ech wëll si an d'Maternité begleeden. Ass dat méiglech?

Jo, dat ass méiglech, ënnert der Konditioun, dass Dir geimpft, geheelt oder negativ getest sidd, entweder op der Plaz via Selbsttest, oder am Viraus via Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 oder een NAAT-Test. Den Test muss certifiéiert sinn. 

Last update