Restauranten, Baren a Caféen

Restauranten, Baren a Caféë kënne Clientë bannen an op der Terrass empfänken.

Den Accueil vun de Clienten hänkt vum System of, ënnert deem d'Lokal funktionéiert.

Exploitante vu Restauranten, Baren a Caféë kënne wielen, ob si de CovidCheck-System applizéieren oder net. 

CovidCheck

De CovidCheck-System ass ee System, dee fir Etablissementer (z.B. Restauranten, Baren, Fitnesszenteren, Butteker, asw.), Manifestatiounen oder Evenementer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) gëllt, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt nëmme Persounen (Clienten, Spectateuren, Personal, Opsiichtspersonal) virenthalen ass, déi geimpft, geheelt oder negativ getest goufen (entweder duerch ee Selbsttest op der Plaz oder duerch een zertifiéiert negatiivt Resultat). Kanner vu manner wéi 6 Joer musse kee Selbsttest op der Plaz maachen oder COVID-19-Zertifikat virweisen. 

Fir méi Informatiounen iwwert de CovidCheck-System an d'Prozedur fir de System ze deklaréieren, besicht eis Säit zum Thema CovidCheck-System.

CovidCheck-System

De Restaurant, Bar oder Café muss keng speziell sanitär Mesurë respektéieren, wéi z. B. Maskeflicht fir d'Personal a Kontakt mam Client oder fir d'Clienten, d'Consommatioun um Dësch, d'Distanz tëschent den Dëscher. D'Terrasse musse strikt delimitéiert ginn. 

Bei Etablissementer, déi no 01:00 Auer moies nach Clienten empfänken an déi vum CovidCheck-System profitéiere wëllen, mussen d'Schnelltester, fir tëschent 01:00 a 06:00 Auer moies valabel an zougelooss ze sinn, certifiéiert sinn. 

System ouni CovidCheck

Wann den Exploitant sech net fir de CovidCheck-System entscheet, da muss e prezis sanitär Mesurë respektéieren.

Ënnert Terrasse versteet een en Espace am Fräien, dee mindestens op 3 Säiten op ass, sou dass d'Loft fräi zirkuléiere kann an eng natierlech Belëftung garantéiert ka ginn. 

Nëmme Sëtzplaze sinn erlaabt an et muss um Dësch consomméiert ginn. 

Bannen si maximal 4 Persoune pro Dësch erlaabt, ausser se gehéieren zu engem selwechte Stot.

Op der Terrass si maximal 10 Persoune pro Dësch erlaabt, ausser se gehéieren zu engem selwechte Stot.

De Comptoir zielt net als Dësch.

D'Dëscher mussen op d'mannst 1,5 Meter ausernee stoen oder si ginn duerch eng physesch Trennung oder Barrière vunenee getrennt, fir den Infektiounsrisiko ze limitéieren.

Fir d'Clientë gëllt eng Maskeflicht, soubal se net um Dësch sëtzen. Och d'Personal, dat an direktem Kontakt mam Client ass, muss eng Mask droen.

FAQ

Ech si Gerant vun enger Diskothéik an ech hu mech fir de CovidCheck-System entscheet. Mussen d'Clienten, déi virun 01:00 Auer moies mat engem Selbsttester op der Plaz erakomm sinn, d'Etablissement um 01:00 Auer verloossen?

Jo, Selbsttester, déi net certifiéiert sinn, sinn no 01:00 Auer net valabel an net zougelooss. Clienten, déi mat esou engem Test erakomm sinn, mussen d'Etablissement verloossen. Wa si dat net maachen, da kënne si mat enger Geldbouss vun tëschent 500 an 1.000 Euro bestrooft ginn. 

Ech si Gerant vun engem Etablissement, dat no 01:00 Auer moies nach Clienten empfänkt, an ech hu mech fir de CovidCheck-System entscheet. Wéi eng Schnelltester kann ech, dem Gesetz no, nach akzeptéieren?

Dir kënnt negativ COVID-19 Test-Certificaten acceptéieren, wann dës certfiéiert sinn oder vun engem Laboratoire ausgestallt goufen, mat oder ouni QR-Code.

Fir méi Informatiounen iwwert de CovidCheck-System an d'Prozedur fir de System ze deklaréieren, besicht eis Säit zum Thema CovidCheck-System.

Ech si Restaurateur/Cafetier an ech wëll mech fir de CovidCheck-System entscheeden. Heescht dat, dass ech a mengem Betrib just geimpften, geheelten oder negativ geteste Persounen, oder Persounen, déi op der Plaz e Antigène-Schnelltest maache mat negativem Resultat, empfänken dierf?

Jo. Ab deem Moment wou Dir Iech dofir entscheet ënnert dem CovidCheck-System ze funktionéieren, da mussen dës Reegelen ouni Ausnam respektéiert ginn. D'Reegele vum CovidCheck gëlle souwuel fir Clientë wéi fir d'Personal. 

Ech si Restaurateur/Cafetier an ech wëll mech fir de CovidCheck-System entscheeden, mee just owes, u verschiddenen Deeg vun der Woch oder een Deel vum Etablissement. Ass dat méiglech?

Jo. En Etablissement dierf sech dofir entscheeden de CovidCheck-System just fir ee bestëmmte Service (z. B. mëttes oder owes), u verschiddenen Deeg (z. B. Samschdeg a Sonndeg) oder bestëmmten Evenementer (z. B. Hochzäiten oder Gebuertsdagsfeieren) z'applizéieren. Se kënnen sech och dofir entscheeden, just een Deel vum Etablissement ënnert dem CovidCheck-System funktionéieren ze loossen, z. B. den Iessberäich. Wann den Etablissement e puer getrennte Säll huet, kann en sech och dofir entscheeden, de CovidCheck-System just a bestëmmte Säll z'applizéieren. Dat awer ënnert der Konditioun, dass déi betraffe Säll kloer ofgetrennt sinn. Allerdéngs, ab deem Moment wou de Choix getraff gouf, mussen d'Reegele vum CovidCheck-System ausnamslos respektéiert ginn. Wat d'Personal ugeet, esou dierf just d'Personal dat d'Modalitéite vum CovidCheck-System respektéiert, deen Deel vum Etablissement zerwéieren, deen ënnert dee System fält. D'Maskeflicht gëllt fir d'Personal esoubal si an e Beräich vum Etablissement geet, deen net ënnert dem CovidCheck-System funktionéiert. 

Ech si Restaurateur an hu mech fir de CovidCheck-System entscheet, mee ech wëll nees op mäin ale Choix zeréckgräifen. Ass dat méiglech?

Jo, natierlech. Et muss ee just oppassen, dass dat fir d'Clienten och kloer ass an dass d'Reegele fir Restauranten ouni CovidCheck-System respektéiert ginn. 

Ech si Restaurateur an hunn eng iwwerdaachte Veranda an hu mech net fir de CovidCheck-System entscheet. Kann ech do Clienten empfänken?

Verandae si fix un Haiser ugebaute Raimlechkeeten. Well dës Raim am Prinzip Fënsteren hunn an zou sinn, kann d'Loft hei net fräi zirkuléieren, wéi op enger Terrass. Dofir kënnen hei keng Clienten empfaange ginn, et sief dann, all d'Fënstere sinn op 3 Surfacen op. Ënnert Surface sinn d'Säiten (Wänn) an den ieweschten Deel (Plaffong) ze verstoen. 

Ech si Cafetier/Restaurateur an ech hunn eng Terrass. Ech hu mech net fir de CovidCheck-System entscheet. Kann ech do ee Schutz géint d'Sonn, de Reen oder de Wand installéieren?

Jo. Et ass duerchaus méiglech esou ee Schutz virzegesinn, dat ënnert der Konditioun dass dës déi fräi Loftzirkulatioun awer net beanträchtegen an eng natierlech Belëftung garantéiert ka ginn. Een Zelt (oder all aner zoue Raimlechkeet), dat virum Lokal opgeriicht gëtt, zielt als Extensioun vum Lokal a gëllt net als Terrass, et sief dann d'Toille oder all anert Material sinn op mindestens 3 Säiten op, sou dass d'Loft fräi zirkuléiert.

Ech si Cafetier/Restaurateur an op menger Terrass sti Panneauen oder fix Elementer, oder d'Reglement vun der Gemeng, an där mäi Lokal steet, imposéiert d'Verwendung vu Panneauen, wann d'Terrass am ëffentleche Raum läit. Meng Terrass funktionéiert net ënnert dem CovidCheck-System. Kann ech trotzdeem do Clienten empfänken an z. B. e Sonneschutz virgesinn?

Verschidde Gemengen imposéieren effektiv d'Verwendung vu Panneauen, wann d'Terrass am ëffentleche Raum läit.

D'Ufuerderung, dass Beräicher, déi als Terrass benotzt ginn, op mindestens 3 Säite mussen op sinn, huet als Zil déi fräi Loftzirkulatioun an eng optimal Belëftung ze garantéieren. Esou soll vermeit ginn, dass dës Beräicher mat Panneauen oder anere Schutzdispositiffen zougemaach ginn, wouduerch de Bausseberäich kaum nach oder net méi vun engem Banneberäich ze ënnerscheede wier.

Wann d'Panneauen oder d'Elementer déi fräi Loftzirkulatioun an déi natierlech Belëftung vum Beräich verhënneren, ass d'Äntwert Nee. Wann, am Géigendeel, dës Panneauen oder Elementer déi fräi Loftzirkulatioun an déi natierlech Belëftung awer net beanträchtegen, ass d'Äntwert Jo.

Ech si Cafetier/Restaurateur a mäi Lokal befënnt sech an enger Galerie/engem Shoppingzenter. Ech hu mech net fir de CovidCheck-System entscheet. Kann ech Clienten op menger Terrass empfänken?

Jo, wann d'Terrass baussen an am Fräien ass. 

Ech hu mech net fir de CovidCheck-System entscheet. Meng Terrass läit an engem Bannenhaff. Kann ech do Clienten empfänken, wann ee weess dass eng Terrass op mindestens 3 Säite muss op sinn?

D'Ufuerderung, dass Beräicher, déi als Terrass benotzt ginn, op mindestens 3 Säite mussen op sinn, huet als Zil déi fräi Loftzirkulatioun an eng optimal Belëftung ze garantéieren. Esou soll vermeit ginn, dass dës Beräicher mat Panneauen oder anere Schutzdispositiffen zougemaach ginn, wouduerch de Bausseberäich kaum nach oder net méi vun engem Banneberäich ze ënnerscheede wier.

Wann de Bannenhaff esou kleng ass, dass d'Loft schlecht zirkuléiere kann an de Beräich net genuch gelëft ka ginn, ass d'Äntwert Nee.

Dierf een op der Terrass fëmmen?

Jo. Et ass verbueden an engem Restaurant oder Café bannen ze fëmmen, mee net baussen op der Terrass.

Ech si Restaurateur an ech hu mech fir de CovidCheck-System bannen, mee net op der Terrass entscheet. Dierfe Clienten, déi op der Terrass sëtzen, bannen am Restaurant oder Café bezuelen? An dierfen si eragoen, fir en Dësch baussen op der Terrass ze reservéieren?

Am Prinzip gëtt de Clientë recommandéiert baussent dem Lokal ze bezuelen an hir Reservatioune per Telefon ze maachen. Allerdéngs ass et méiglech am Lokal selwer ze bezuelen oder eranzegoe fir een Dësch op der Terrass ze reservéieren oder op d'Toilette ze goen. An deem Fall gëllt d'Maskeflicht bannen am Lokal fir d'Clientë vun der Terrass. D'Personal muss eng Mask ophunn, wann et op der Terrass am Kontakt mam Client ass. 

Ass d'Zerwéiere vun Iessen a Gedrénks als geleeëntlech Aktivitéit oder Niewenaktivitéit méiglech?

D'Zerwéiere vun Iessen a Gedrénks als geleeëntlech Aktivitéit oder Niewenaktivitéit ass verbueden, et sief dann dës Aktivitéite fannen am Kader vu Manifestatiounen oder Evenementer ënnert dem CovidCheck-System statt. 

Mir géife gäre mat eisem Veräin oder eisem Betrib e Grillfest ouni Caterer organiséieren. Ass dat méiglech? An dierfe mir Spiller fir d'Kanner virgesinn?

Jo, awer ënnert der Bedéngung dass Dir mam CovidCheck-System schafft. Mat dësem System kënnt Dir selwer grillen an och Aktivitéite fir d'Kanner organiséieren. De CovidCheck-System erméiglecht Iech Är Veranstaltung ouni Restriktiounen z'organiséieren, och wann dës weiderhi recommandéiert sinn. Kanner ënner 6 Joer brauche keen Test ze maachen a keen negativen Test-Certificat virzeweisen. 

Last update