Sport, Kultur, Fräizäitaktivitéiten

CovidCheck

De CovidCheck-System ass ee System, dee fir Privatpersounen a privat an ëffentlech Etablissementer (z.B. Restauranten, Baren, Fitnesszenteren, Butteker, asw.) oder Evenementer (z.B. Sportsevenementer, Concerten, asw.) gëllt, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt nëmme Persounen (Clienten, Gäscht, Spectateuren, Personal, Opsiichtspersonal) virenthalen ass, déi geimpft, geheelt oder negativ getest goufen (Selbsttest* op der Plaz, Certificat mat QR-Code oder certifiéiert vun der Éducation nationale). Kanner vu manner wéi 12 Joer an 2 Méint musse kee COVID-19-Zertifikat virweisen. 

*Opgepasst: Selbsttester op der Plaz ginn ab dem 1. November 2021 net méi akzeptéiert!

Fir méi Informatiounen iwwert de CovidCheck-System an d'Prozedur fir de System ze deklaréieren, besicht eis Säit zum Thema CovidCheck-System.

Sportlech Aktivitéiten

Sportshalen a Sportsanlagen am Fräie sinn erëm fir d'Ëffentlechkeet zougänglech.

D'Ausübung vu sportlechen Aktivitéiten ass ënnert bestëmmte Konditiounen erlaabt:

  • d'Sportaktivitéit duerf eenzel oder maximal zu 10 ausgeüübt ginn, ouni d'Obligatioun eng Mask ze droen oder e physeschen Ofstand vun 2 Meter anzehalen
  • d'Sportaktivitéit a Gruppe vu méi wéi 10 Persounen duerf ausgeüübt ginn, wann eng Distanz vu mindestens 2 Meter tëscht all Participant agehale gëtt oder eng Mask ugedoe gëtt
  • pro Persoun déi un der Sportaktivitéit deelhëlt, mussen d'Sportsinfrastrukturen eng Mindestfläch vun 10m2 virgesinn

An de Piscinnen a Waassersport-Zenteren dierf geschwomme ginn. D'Kapazitéit vun de Basengen ass op 1 Persoun pro 10m2 limitéiert. Hei dierf och ouni speziell dofir ageriichte Couloire geschwomme ginn, an d'Spillbasengen oder aner Basengen an de Waassersport-Zenteren oder Piscinnen, bannen a baussen, dierfe benotzt ginn.

Och den Zougang zu de Vestiairen an Duschen ass streng gereegelt. Et si maximum 10 Persoune pro Vestiär oder Duschberäich zougelooss. An de Vestiaire mussen d'Persounen entweder eng Mask droen oder eng physesch Distanz vun 2 Meter anhalen. An den Dusche muss déi physesch Distanz vun 2 Meter och agehale ginn.

Déi allgemeng Restriktioune vun der maximal zougeloossener Zuel u Persounen déi gläichzäiteg d'Vestiairen oder Dusche benotzen dierfen, sou wéi d'Fläch déi mindestens pro Persoun garantéiert muss sinn, gëllt net fir Sportsgruppen, déi am nämmlechte Stot wunnen oder am Kader vu schouleschen an ausserschoulesche Sportsaktivitéiten.

Dës Restriktioune gëllen net, wann d'Ausübung vun de sportlechen Aktivitéiten ënnert dem CovidCheck-System ofgehale ginn.

Fir Jonker ënner 19 Joer a Veräiner, déi de Sportverbänn ugehéieren, gëllen och speziell Reegelen. Dës Persounen dierfen nees normal trainéieren an u Kompetitiounen deelhuelen, ënnert der Konditioun, dass si en negatiivt COVID-19-Testresultat virweise kënnen.

Sportlech Aktivitéite fir Jonker ënner 19 Joer a Veräiner, déi de Sportverbänn ugehéieren, gi suspendéiert am Fall vun engem Aussetze vun de Presenzcoursen an Aktivitéiten an der Grondschoul oder am Lycée.

Elittesport, Manifestatiounen a sportlech Kompetitiounen

Fir Elittesportler, sou wéi hir Trainingspartner an Trainer, Profi-Sportler, Nationalsportler, Schüler aus dem Sportlycée an de Formatiounszentere vun de Verbänn, Sportler mat enger Lizenz, déi Kompetitiounssport an enger Ekipp maachen, Sportler mat enger Lizenz, déi individuelle Kompetitiounssport maachen, esou wéi hir Trainer a Betreier, gëlle speziell Reegelen. D'Hygiènesreegelen, déi fir d'Allgemengheet gëllen, gëlle fir si net, weder wärend dem Training, nach wärend de Competitiounen.

Fir u sportleche Kompetitioune kënnen deelzehuelen, muss all Sportler an Trainer en Impf-Certificat, e Geheelt-Certificat, oder en negative COVID-19 Test-Certificat virweisen (mat QR Code oder vun der Éducation nationale certifiéiert). D'Sportler ënner 12 Joer an 2 Méint, déi un enger Kompetitioun deelhuelen, brauche kee Certificat virzeweisen.

De Public ass bei Sportsmanifestatiounen zougelooss. Et sinn awer net méi wéi 2.000 Spectateuren erlaabt, ausser en entspriechende sanitäre Protokoll vun der Sportsmanifestatioun gouf vun der Gesondheetsdirektioun acceptéiert.

Kultur

D'Kulturhaiser si fir d'Ëffentlechkeet op. Déi Reegelen déi hei gëllen ënnerleie prezise Recommandatiounen an Direktive vum Kulturministère. 

Musikalesch Aktivitéiten

Musikalesch Aktivitéiten, déi eenzel oder maximal zu 10 ausgeüübt ginn, duerfen ouni d'Obligatioun eng Mask ze droen oder e physeschen Ofstand vun 2 Meter anzehalen ausgefouert ginn.

Maximal 50 Leit duerfe gläichzäiteg eng musikalesch Aktivitéit an enger Museksariichtung oder dobaussen ausüben, virausgesat dass permanent eng Distanz vun 2 Meter tëschent de Museker agehale gëtt.

Dës Restriktioune gëllen net fir Gruppen déi ausschliisslech aus Museker aus engem Stot bestinn, oder am Kader vu schouleschen an ausserschoulesche musikaleschen Aktivitéiten. Se gëllen och net, wann déi musikalesch Aktivitéit ënnert dem CovidCheck-System stattfënnt.

Aner Fräizäitaktivitéiten

D'Gesetz gesäit keng spezifesch Bestëmmunge méi vir, déi sech op Fräizäitaktivitéite bezéien. Et gëllen an deem Fall déi allgemeng Reegele fir Versammlungen.

FAQ

Ka COVID-19 duerch Schweess iwwerdroe ginn?

Bis haut gëtt et keng wëssenschaftlech Beweiser, datt de Virus duerch Schweess iwwerdroe gëtt.

Och wann de Virus net sou iwwerdroe gëtt, kann de Virus a Sportinfrastrukturen duerch Kontakt mat kontaminéierten Objeten (z.B. Fitnessausrüstung) iwwerdroe ginn.

Kann ee sech beim Schwamme mat COVID-19 infizéieren?

Aktuell gëtt et keng Etüd zum Iwwerliewe vum SARS-CoV-2 am Waasser vun enger Schwämm. D'Waaser an der Schwämm schéngt awer keng gutt Plaz fir d'Iwwerliewen an d'Enwécklung vum Virus ze sinn.

Ech hunn en Ticket fir en Evenement kaaft, deen awer opgrond vun der Corona-Epidemie huet missen ofgesot ginn. Wéi eng Méiglechkeeten hunn ech?

Wann een Evenement opgrond vun de Mesurë vun der Regierung am Kader vun der Corona-Epidemie ofgesot gëtt, da kann den Ticket rembourséiert ginn.

Wann een Evenement opgrond vun de Mesurë vun der Regierung am Kader vun der Corona-Epidemie verluecht gëtt, da sinn d'Ticketen a priori net remboursabel, ausser de Keefer vum Ticket huet keng Méiglechkeet um verluechten Evenement deelzehuelen.

 

Ech si Gerant vun engem Bowlingzenter. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Bowling gëllt als Sportaktivitéit. Deementspriechend gëllen och d'Reegele fir d'Ausübung vu sportlechen Aktivitéiten. 

Ech si Gerant vun engem Bowlingzenter an ech hunn eng Horeca-Lizenz. Dierf ech béid Aktivitéiten ausüben a wa jo, ënnert wéi enge Reegelen?

Jo, ënnert der Bedéngung dass béid Aktivitéite strikt vunenee getrennt sinn, well si ënnert verschidde Reegele falen. D'Reegele fir d'Horeca-Aktivitéite gëlle fir d'Restauratioun an d'Zerwéiere vu Gedrénks. Fir de Bowling gëllen awer d'Reegele fir Sportaktivitéiten. Wann Dir ee separate Raum hutt fir d'Bowlingbunn an d'Zerwéiere vun Iessen a Gedrénks, ass dat kee Problem. Wann Är Bowlingbunnen allerdéngs am selwechte Raum sinn, wou Iessen a Gedrénks konsuméiert gëtt, musst Dir iech fir ee System entscheeden:

  • entweder Dir applizéiert kee CovidCheck-System an an deem Fall ass d'Zerwéiere vun Iessen a Gedrénks verbueden
  • oder Dir entscheet Iech fir de CovidCheck-System a kënnt weiderhi souwuel Boliwng-Aktivitéiten, wéi och Iessen a Gedrénks ubidden. 

Mir gehéiert eng Indoor-Spillplaz. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Indoor-Spillberäicher (Trampolin, Laser Game, etc.) gëllen als Sportaktivitéit. Deementspriechend gëllen och d'Reegele fir Sportaktivitéiten. Dir kënnt Iech awer och fir de CovidCheck-System entscheeden. 

Ech si Gerant vun engem Wellnesszenter. Wéi eng Reegele gëlle fir mäi Lokal?

Hei gëllen d'Reegele fir d'Ausübung vu Sport- a Fitnessaktivitéiten. Deementspriechend, muss pro Persoun eng Mindestfläch vun 10m2 vun der Gesamtfläch vun Ärem Etablissement (Saunaberäich, Hammam, etc.) virgesi ginn. Bei méi wéi 11 Persounen, muss eng Distanz vu mindestens 2 Meter tëscht all Persoun agehale ginn oder eng Mask gedroe ginn. Falls Dir och eng Schwämm an Ärem Wellnesszenter hutt, musst Dir och oppassen. Och hei ass d'Kapazitéit vum Baseng op eng Persoun pro 10m2 limitéiert, fir z'evitéieren dass ze vill Leit gläichzäiteg am Waasser sinn. De Wellnesszenter kann sech och fir de CovidCheck-System entscheeden. 

Ech si Gerant vun enger Schwämm. D'Schwämm verfüügt iwwert een Entspanungs- an ee Wellnessberäich, esou wéi eng grouss Terrass/ee Gaart am Bausseberäich, wou d'Leit am Summer d'Sonn genéisse kënnen. Wéi vill Persounen dierf ech empfänken?

Sportsinfrastrukturen, souwuel banne wéi baussen, kënne pro 10m2 eng Persoun empfänken. De Gaart oder d'Terrass am Bausseberäich gi fir d'Zuel un erlaabte Gäscht och matgezielt. Och an de Basengen ass d'Kapazitéit op eng Persoun pro 10m2 limitéiert.

Ech géif gären eng Sport- oder Fitnessaktivitéit am Fräie maachen. Wéi eng Reegele gëllen?

Sport- a Fitnessaktivitéiten (Yoga, Bootcamp, Joggen, Nordicwalking) kënnen am Fräien (am Park oder am Bësch) ouni Mindestofstand oder Maskeflicht ausgeüübt ginn, an dëst individuell oder a Gruppe vu bis zu 10 Persounen.

Bei Gruppe vu méi wéi 10 Leit, muss eng Distanz vu mindestens 2 Meter tëscht all Participant agehale ginn oder et muss eng Mask gedroe ginn.

Wéi eng Reegele gëllen, wann ech spadséiere goe wëll?

Hei muss een ënnerscheeden tëschent Wanderen am Bësch (wéi beim Nordicwalking oder engem Fitnessparcours) oder gemittlech duerch d'Stad spadséieren.

Am 1. Fall, muss een d'Reegelen fir d'Ausübung vu Sportaktivitéiten respektéieren.

Am 2. Fall, gëllen d'Reegele fir Versammlungen. 

Last update