Ëffentlech a privat Versammlungen

Versammlungen, dobannen an dobaussen, sinn erlaabt. Fir awer d'Risiken déi mat der Ausbreedung vum Virus verbonne sinn ze limitéieren, ass et weiderhi wichteg fir d'Geste-barrièren ze respektéieren. All Versammlung iwwer 100 Persounen ass verbueden. Kanner ginn onofhängeg vun hirem Alter matgezielt.

Och wann de Confinement keng legal Obligatioun méi ass, bleift et weiderhi recommandéiert, seng tëschemënschlech Kontakter an Deplacementer ze limitéieren. 

Verbuet Alkohol am ëffentleche Raum ze konsuméieren

Et ass strengstens verbueden Alkohol op ëffentleche Stroossen oder Plazen ze konsuméieren. Et sief dorun erënnert, dass den Alkoholkonsum nieft der Tatsaach, dass een d'Mask net ëmmer droe kann, eng enthemmend Wierkung huet, déi sech am Zesummenhang mat der aktueller Pandemie als riskant erweise kann, well den Alkohol de sozialen Austausch fërdert an d'Waachsamkeet verréngert.

Maskeflicht an Distanzen

Et muss eng Mask gedroe ginn:

  • ënner allen Ëmstänn bei ëffentlech zougänglechen Aktivitéiten, wou de Public an engem geschlossene Raum zirkuléiert (z.B. ëffentlech Administratiounen, Butteker oder Supermarchéen) oder am ëffentlechen Transport;
  • bei Versammlunge vu méi wéi 4 a bis 10 Persounen (inclus). 

Zousätzlech zu der Mask ass bei alle Versammlunge vu méi wéi 4 a bis zu 10 Persounen (inclus) eng physesch Distanz vu mindestens 2 Meter virgeschriwwen. D'Obligatioun eng Mask ze droen an déi physesch Distanz vu mindestens 2 Meter anzehalen, gëllt net fir Persounen, déi zum selwechte Stot gehéieren oder zesumme wunnen.

Nieft der Flicht eng Mask ze droen an eng physesch Distanz vu mindestens 2 Meter anzehalen, sinn zougewise Sëtzplaze bei Versammlunge vun 11 a bis 100 Persounen (inclus) obligatoresch. D'Obligatioun déi physesch Distanz vu mindestens 2 Meter anzehalen, gëllt net fir Persounen, déi zum selwechte Stot gehéieren oder zesumme wunnen.

Vun dëser Flicht eng Mask ze droe sinn net betraff:

  • Kanner ënner 6 Joer;
  • Leit déi opgrond vun engem Handicap vun der Maskeflicht entbonne ginn;
  • Riedner oder reliéis Acteure wärend der Ausübung vun hire berufflechen Aktivitéiten;
  • Acteuren aus dem Theater- a Filmberäich, Museker, Dänzer wärend der Ausübung vun hire berufflechen Aktivitéiten;
  • Persoune wärend dem Sport.

D'Flicht 2 Meter Distanz anzehale gëllt net fir Mäert am Fräien, sou wéi och net beim Benotze vum ëffentlechen Transport.

D'Obligatioun Sëtzplazen zougewisen ze kréien, gëllt weder am Kader vun der Demonstratiounsrecht, nach bei Begriefnesser, Mäert, nach am Zesummenhang mat sportlechen Aktivitéiten oder dem ëffentlechen Transport.

Privat Versammlungen

Privat Versammlungen oder privaten Evenementer, dobannen oder dobaussen, sinn op folgend Persoune limitéiert:

  • Persounen déi zum nämmlechte Stot gehéieren, oder
  • déi sech op der nämmlechter Wunnplaz befannen am Kader vum Besuchs- an Ëmgangsrecht ("droit de visite et d'hébergement") oder mat alternéierendem Wunnsëtz, an
  • e Maximum un 2 Visiteuren, déi och Deel vun engem selwechte Stot sinn oder zesumme wunnen.

Et ass wichteg déi tëschemënschlech Kontakter ze limitéieren, wéi och d'Unzuel vu Leit déi ee bei sech invitéiert, well all zousätzlech Persoun e weidere Risk um Niveau vun der Transmissioun vum Virus bedeit.

Persounen, déi zum selwechte Stot gehéieren oder zesumme wunnen, souwéi invitéiert Persounen, mussen sech net un d'Distanzreegel halen oder eng Mask droen. Et gëtt allerdéngs geroden, eng Mask ze droen an déi physesch Distanz anzehalen, wann een eng Persoun besicht oder bei sech alued, zemools a Presenz vun enger vulnerabeler Persoun. 

Ëffentlech Versammlungen

All Versammlung vu méi wéi 100 Persounen ass verbueden.

All Versammlung vu méi wéi 4 a bis 10 Persounen (inclus) verlaangt, datt d'Persounen eng Mask droen an d'Distanzreegel vun 2 Meter anhalen.

All Versammlung vun 11 a bis 100 Persounen (inclus) duerf nëmme stattfannen, wann d'Persounen eng Mask droen a Sëtzplaze mat engem Mindestofstand vun 2 Meter zougewise ginn.

Geldstrofen

Bei engem Verstouss géint dës Virschrëfte riskéiert d'Persoun e Protokoll vun 500 bis 1.000 Euro. Wat den Avertissement taxé ubelaangt, leit dësen elo bei 300 Euro. 

FAQ

Däerf ech Leit bei mech heem invitéieren?

Jo, Dir kënnt awer maximal 2 Persounen alueden. Limitéiert awer, esouwäit wéi méiglech, Äre Kontakt mat Leit, déi net bei Iech am Stot liewen.

Wann Dir Leit aluet, da respektéiert d’Geste-barrièren, fir esou mann ewéi méiglech ze riskéieren, vun enger infizéierter Persoun ugestach ze ginn, déi keng oder wéineg Symptomer huet.

Déi Persounen déi alueden zielen net fir de Seuil vu 2 Persounen ze rechnen, wa se zu deem selwechte Stot gehéieren oder zesumme liewen.

Ob Dir also eleng wunnt, an enger Koppel lieft, ouni oder mat Kanner, Dir kënnt an egal wéi engem Fall e Maximum vu 2 Persounen invitéieren.

Wann Dir mierkt, datt ee vun Äre Gäscht krank ass, da sot him/hir, hie/si soll Äert Haus verloossen an direkt en Dokter kontaktéieren.

Denkt och un d'Ausgangsspär, wat bedeit dass tëscht 23 owes a 6 Auer moies keen dierf erausgoen, ausser fir verschidden Ausnamen, wéi eng Urgence, fir mam Hond spadséieren ze goen, oder fir berufflech Deplacementer.

Gi Kanner matgezielt dei der Berechnung vun der erlaabter Unzuel vu Persoune bei Versammlungen?

Jo, Kanner gi bei der Berechnung vun der erlaabter Unzuel vu Persoune bei ëffentlechen a private Versammlungen onofhängeg vun hirem Alter matgezielt. 

Wéi eng Aktivitéite sinn erlaabt, ënner der Konditioun, dass d'Droe vum Mask an déi physesch Distanz respektéiert ginn?

Zousätzlech zu der Mask ass bei Versammlunge vu 4 bis 10 Persounen (inclus) eng physesch Distanz vu mindestens 2 Meter virgeschriwwen. Dës Distanzreegel gëllt net fir Persounen, déi zum selwechte Stot gehéieren oder zesumme wunnen, oder am ëffentlechen Transport.

Nieft der Flicht eng Mask ze droen an eng physesch Distanz vu mindestens 2 Meter anzehalen, sinn zougewise Sëtzplaze bei Versammlunge vu méi wéi 10 a bis 100 Persounen obligatoresch.

D'Bedéngung sech sëtzen ze musse gëllt weder fir Demonstratiounen (Ausübung vum Recht fir ze manifestéieren), nach fir Mäert am Fräien oder Begriefnesser. Dës Bedéngung gëllt och net fir Muséeën, Konschtzentren a Sportsmanifestatiounen, wou de Public zirkuléiert.

Bei Aktivitéiten am Kader vu formaler oder net-formaler Bildung brauch déi duebel Konditioun vu Sëtzplazen a vu Masken net agehalen ze ginn. Och déi reliéis, kulturell a sportlech Acteure sinn net un dës duebel Konditioun gebonnen, wann si hir Aktivitéit ausüben.

Kann ech ëffentlech Evenementer fir méi wéi 10 a maximal 100 Leit organiséieren oder drun deelhuelen?

Dir dierft ëffentlech Evenementer mat méi ewéi zéng Persounen, dobannen oder dobaussen, organiséieren oder dorunner deelhuelen (kulturell oder sportlech Manifestatiounen, Kongresser, asw.), wann Dir dës zwou Reegelen applizéiert:

  • Jiddweree setzt sech op déi Sëtzplaz, déi fir hie reservéiert ass
  • Tëscht de Sëtzplaze mussen 2 Meter Distanz agehale ginn
  • Et muss eng Mask gedroe ginn

Kann ech nach eeler Leit am Alters- oder Fleegeheem besichen??

Déi Responsabel vum Heem si fir d’Sécherheet an hire Strukture responsabel a suergen an deem Zesummenhang dofir, datt d’Gesondheetsrecommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun respektéiert ginn.

Fir weider Informatiounen iwwert den Oflaf vun de Visitten an de Sortien, soll sech déi interesséiert Persoun direkt un d’Heem wenden.

Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun.

Wann ech gären op de Maart ginn, ofgesi vun der Maskeflicht, ginn et do aner Obligatiounen a Limitatiounen un déi ech muss denken?

Nee. D'Verbuet fir d'Versammlungen vu méi wéi 100 Leit zielt net fir d'Mäert. D'Konditioune déi fir Versammlungen vun 10 bis 100 Leit gëllen, wéi fix Sëtzplazen oder d'Flicht eng tëschemënschlech Distanz vun 2 Meter ze respektéieren, zielen an dem Fall och net.  

Last update