Accessibilitéit Reklamatioun iwwer d'Accessibilitéit

D'Organ "Service information et Presse (SIP)" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft: https://covid19.public.lu/

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

Dësen Internetsite ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem RGAA v4.1 .

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform

Referéiert Iech op déi franséisch Versioun.

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

Déi op der Websäit disponibel Dokumenter (pdf) entspriechen net zwangsleefeg der Norm EN 301 549 V2.1.2. Allerdéngs beméie mir eis fir déi nei Dokumenter, déi säit dem 23. September 2018 verëffentlecht goufen, konform ze maachen an Dir kënnt, wann néideg, Kontakt mat eis ophuelen, fir datt mir Iech d'Informatiounen zoukomme loosse kënnen.

Inhalter, op déi sech d'Gesetz vum 28. Mee 2019 net applizéieren

  • D'Downloaden, déi vun anere Verwaltunge bereetgestallt ginn, ënnerleien net eiser Kontroll. 
  • All d'Videoen déi um Site disponibel sinn, sinn iwwert e Player verfüügbar, deen d'Accessibilitéitskrittären erfëllt. Mir beméien eis, de Contenu vun de Videoen, déi ab dem 23. September 2020 verëffentlecht goufen, vollstänneg konform ze maachen;
  • D'interaktiv Karte sinn net dobäi abegraff. Mir beméien eis, dës identifizéierbar ze maachen an z'iwwerpréiwen, dass se keng Falen duerstellen.

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 22.6.2022 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vum Internetsite mat den am RGAA 4.1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Evaluatioun duerch e drëtt Organ: Access42.

Kontrollprozess

Internetsitten, déi nom Prinzip vu Renow erstallt ginn, ginn an engem genereschen, zentraliséierte Kader an Architektur entwéckelt, woubäi d'Projektmanagementprozesser befollegt ginn a d'Renow-Checklëscht agehale gëtt. Fir d'Neutralitéit ze garantéieren, gi reegelméisseg Experte fir d'"Accessibilitéit" consultéiert, fir d'Konformitéit vum Internetsite oder neie Funktionalitéiten z'iwwerpréiwen.

All Site gëtt a verschiddenen Etappen evaluéiert:

  1. Wärend der Konzeptioun vun der Struktur vum Contenu.
  2. Wärend der Realisatioun vum grapheschen a funktionelle Layout.
  3. Kuerz ier datt d'Internetsäit online geet.

Wann de Site bis online ass, ginn d'Kontrolle folgendermoossen duerchgefouert:

  • bei all neiem Contenu iwwerpréift d'Redaktioun d'Accessibilitéit vum komplette Contenu ier datt en online geet;
  • all nei Funktionalitéit vum Site gëtt evaluéiert ier se online geet.

Wärend den Evaluatioune gëtt de Site mat de wichtegste Screen Reader, mat Tablets, Handyen an um PC getest. Dëse gëtt zudeem mat verschiddene Webbrowser getest (Kompatibilitéit mat 2 Virleefer-Versioune vun der aktueller Versioun).

Kompetenze vun de Bedeelegten

D'Aarbechtsprozeduren ëmfaassen d'Applikatioun vun den Internet-Direktive wärend den eenzele Phasen zur Realisatioun vun der Internetsäit. (Redaktioun, Management, Entwécklung).

Eis Mataarbechter hunn dat néidegt Wëssen a Kompetenze fir dës Internet-Direktive korrekt z'applizéieren.

Feedback a Kontakt

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, doriwwer z'informéieren, entweder iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun, a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Aktualiséiert