Applikatioun CovidCheck Accessibilitéitserklärung CovidCheck

D'Organ "Centre des technologies de l'information de l'État" verflicht sech dozou seng mobil Applikatiounen accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft:

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi een Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, schiel Persounen oder mat engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

Déi folgend mobil Applikatiounen sinn en partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem RAAM v1 .

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform

Mir engagéieren eis, dës Punkten esou séier ewéi méiglech ze verbesseren:

  • D'App ass net am Queeschformat disponibel (ausser fir ze scannen).
  • D'Logoen (CovidCheck a Regierung) hu keng relevant Alternativ.
  • Op verschiddene Säiten ass d'Titel-Struktur ongenügend.
  • D'Lëschten hunn eng irrelevant Struktur, d'Punkte si vun hirem Item lassgeléist oder schlecht strukturéiert.
  • Am Menü ass dat grad opgeruffent Element nëmmen u senger Faarf z'erkennen.
  • Verschidden dekorativ Biller (z.B. svg-Biller) gi vun Assistenz-Technologien net korrekt ignoréiert.
  • D'Navigatiounsläischt an d'Sproochauswiel hu keng entspriechend semantesch Elementer.
  • Verschidden Notifikatioune ginn net korrekt vun Assistenz-Technologien erëmginn.
  • D'Modaler ginn net korrekt vun Assistenz-Technologien erëmginn.
  • D'Piktogramm-Alternative sinn net ëmmer relevant genuch. Besonnesch: D'Scan-Resultater weise sech a Form vu Biller un a sinn net relevant. "Status error" heescht, datt de Certificat net gülteg ass. "Status success" heescht, datt de Certificat gülteg ass.
  • No 2 Minutten op der Certificatssäit gëtt de Notzer ouni Virwarnung op d'Startsäit weidergeleet.

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

D'App erfuerdert d'Benotze vun engem QR-Code-Scan (an domat enger Kamera), wéi et an der europäescher Legislatioun festgeluecht ass. Alternativ kann d'Persoun och d'Pabeierversioun vum Certificat virweisen.

Virbereedung vun der folgender Accessibilitéitserklärung

Déi folgend Erklärung gouf den 21.9.2021 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vu folgende mobillen Applikatiounen mat den am RAAM 1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Evaluatioun duerch e drëtt Organ: Témésis.

Feedback a Kontakt

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren zum Sécherstellen vum Anhalen vun den Dispositiounen

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer z'informéieren.


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag ass © Europäesch Unioun, 1998-2020 a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Last update