Rechtlech Aspekter

Wien op dësem Portal ugebueden Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Softwareprogrammer an eenzel Servicer (allgemeng d'"Servicer") benotzt, hëlt domat déi virleiend Allgemeng Notzungsbedéngunge mat all hire Bestëmmungen zur Kenntnes a stëmmt dësen zou.

Flichte vum Benotzer

Op dëst Portal gëtt iwwer Internet zougegraff. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.

De lëtzebuergesche Staat kann net fir Schied verantwortlech gemaach ginn, déi de Benotzer direkt oder indirekt a Verbindung mat senger Navigatioun op dësem Portal an der Benotzung vu senge Servicer sou wéi vun den Internetsäiten, op déi verwise gëtt, ausstoe géif.

Verwaltung vun de Cookien

Dëst Portal ka Cookien, d.h. kleng Textfichiere fir d'Analys vun den Informatiounen iwwert d'Navigatioun vum Benotzer (Heefegkeet vun de Besich, Dauer vun de Besich, ofgeruffe Säiten, Sproochastellungen, asw.), benotzen. Si gi vun dësem Portal an en heifir virgesinnene Repertoire op dem Computer vum Benotzer ofgeluecht. Si enthalen den Numm vum Server, deen si geschaaft huet, en Identifiant a Form vun enger eendeiteger Nummer an en Oflafdatum. Den eendeitegen Identifiant erméiglecht dësem Portal, de Computer vum Benotzer bei all Besuch erëmzerkennen.

De Benotzer ka selwer entscheeden, ob de Webserver vun dësem Portal autoriséiert ass oder net, Cookien op sengem Computer ze späicheren. Hien huet jidderzäit d'Wiel, d'Astellunge vu sengem Browser esou festzeleeën, dass Cookien net acceptéiert oder gespäichert ginn. Ausserdeem kann hien déi scho gespäichert Cookien a sengem Browser jidderzäit läschen.

D'Benotzung vu bestëmmte Funktioune vun dësem Portal ka limitéiert oder desaktivéiert sinn, wann de Benotzer d'Cookien ofleent. Dem Benotzer gëtt also recommandéiert, säi Browser esou anzestellen, dass d'Cookië vun dësem Portal acceptéiert ginn.

Ännerungen um Portal

De lëtzebuergesche Staat behält sech d'Recht vir, wéinst Maintenanceaarbechten, Aktualiséierungsmoossnamen oder aus aneren noutwennege Grënn ouni Ukënnegung Weiderentwécklungen, Ännerungen oder Ënnerbriechunge vun dësem Portal auszeféieren. De lëtzebuergesche Staat kann ënner anerem zu all Moment existent Informatiounen a Servicer vun dësem Portal ganz oder deelweis ewechhuelen, dobäisetzen, ergänzen oder präziséieren. Dem lëtzebuergesche Staat ka keng Responsabilitéit zougewise gi fir Schied an direktem oder indirektem Zesummenhang mat dësen Ännerungen.

Responsabilitéitsaschränkungen

De Staat Lëtzebuerg garantéiert déi bescht méiglech Disponibilitéit vun dësem Portal.

De Staat Lëtzebuerg garantéiert déi bescht méiglech Sécherheet vum Datesystem. Allerdéngs kann hien am Fall vun engem Cyberugrëff oder der zäitweileger oder vollstänneger Indisponibilitéit vum Portal net verantwortlech gemaach ginn.

De Staat Lëtzebuerg garantéiert déi bescht méiglech Genauegkeet vun den Informatiounen oder Servicer op dësem Portal. Ausgeschloss ass allerdéngs seng Responsabilitéit virun allem am Fall vun ausgeloossenen Aktualiséierunge vun enger Informatioun oder vun engem Formulaire, vu Feeler bei Systemmanipulatiounen oder Verschlësselungen, vun ongeneeën oder onvollstännegen Angaben a feelerhaften, ongeneeën oder onvollstännegen Informatiounen. D'Zil besteet zwar doran, richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mä de Staat Lëtzebuerg kann allerdéngs net all Risiko vun engem sachlechen Iertum ausschléissen. Keng vun den op dësem Portal verëffentlechten Informatiounen huet Usproch op Vollstännegkeet oder ass dem lëtzebuergesche Staat géigeniwwer verflichtend.

Hyperlinken a verbonne Websäiten

Dëse Portal ka Linken op aner Websäiten enthalen, déi fir de Benotzer nëtzlech oder interessant kënne sinn. De Staat Lëtzebuerg kontrolléiert den Inhalt vun dëse Säiten net systematesch. Hie kann also net fir den Inhalt vun dëse Säite verantwortlech gemaach ginn, weder a Bezuch op hir Legalitéit nach op d'Richtegkeet vun den do enthalenen Informatiounen.

Geeschtegt Eeegentum

Dëst Portal, all seng Komponenten (och de Layout) esou wéi d'Informatiounen an d'Servicer sinn duerch d'Gesetzer iwwert d'geeschtegt Eegentum an d'Auteursrechter geschützt.

Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Staat Lëtzebuerg keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eeegentumsrechter, déi hien op dëst Portal, seng Komponenten oder Servicer huet.

Textdokumenter

Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, ouni prealabel Ufro, all d'Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder ze drécken.

Aner Inhalter

Souwäit net anescht uginn, ass d'Reproduktioun vun aneren Inhalter (Fotoen, Videoen, Audiofichieren, digital Animatiounen, Grafiken, asw.) ënner Angab vun der Quell autoriséiert.

Dës Inhalter däerfen op kee Fall fir Sue verkaaft oder verlount ginn.

All vollstänneg oder partiell Ännerung, Transformatioun oder Upassung vun de genannten Inhalter ass verbueden.

D'Benotzer, déi Inhalter vun dësem Portal reproduzéieren, verflichte sech, dat am Respekt vun der Mënschewürd an der Persoun ze maachen.

Ausser mat ausdrécklecher Erlaabnis vum Editeur ass déi vollstänneg oder partiell Integratioun vum Portal gouvernement.lu an en anert Portal oder an eng Internetsäit verbueden.

D'Rechter, déi Iech uewen implizit oder explizit accordéiert goufen, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Proprietéit oder Anerem am Zesummenhang mat dësem Portal.

Ännerung vun den Allgemengen Notzungsbedéngungen

Déi virleiend Allgemeng Notzungsbedéngunge kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung, wéinst Ännerunge vun dësem Portal, vun der Legislatioun oder aus aneren noutwennege Grënn, geännert oder ergänzt ginn. Et ass d'Aufgab vum Benotzer, sech iwwert d'Allgemeng Notzungsbedéngunge vun dësem Portal z'informéieren, vun deenen nëmmen d'Onlineversioun gëlteg ass.

Ze applizéierend Gesetz

Sträitfäll am Zesummenhang mat dësem Portal a senge Servicer ënnerleien dem lëtzebuergesche Gesetz a falen ausschliisslech an den Zoustännegkeetsberäich vun de lëtzebuergesche Geriichter.

Dateschutz

Perséinlech Daten, déi de Benotzer iwwermëttelt, ginn am Aklang mam geännerte Gesetz vum 2. August 2002 iwwert de Schutz vu physesche Persoune bei der Beaarbechtung vu perséinlechen Date behandelt.

Déi op dësem Portal gesammelt Date stamen nëmmen aus fräiwëlleg agedroene perséinlechen Daten, z.B. beim Abonnéiere vun enger Newsletter, beim Benotze vun engem Kontaktformulaire oder beim Bestelle vu Publikatiounen.

Dem Dateschutzgesetz no huet de Benotzer d'Recht, op Daten, déi hie selwer betreffen, zouzegräifen, dës Daten ze änneren oder sech der Beaarbechtung vun dësen Daten ze widdersetzen. Wann de Benotzer dëst Recht an Usproch huele wëll, muss hien eng schrëftlech Demande un den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) maachen:

Centre des technologies de l'information de l'Etat 1, rue Mercier B.P. 1111 L-1011 Lëtzebuerg

Aktualiséiert