Perséinlechen Dateschutz

D'Identifizéierung vu positive Fäll an d'Zréckverfollege vu Persoune mat héijem Infektiounsrisiko ass eng Schlësselaktivitéit bei der Bewältegung vun der Pandemie. Se gehéiert zu de Missioune vun der Gesondheetsdirektioun, déi dofir zoustänneg ass fir déi ëffentlech Gesondheet sécherzestellen, dat souwuel wat d'Ëmwelthygiène ubelaangt, wéi och d'Lutte géint iwwerdrobar Krankheeten. Dozou gehéiert och d'Ergräife vun Noutfallmesuren, déi de Schutz vun der Gesondheet garantéiere sollen.

Parallel dozou, a fir d'Entwécklung vun der Pandemie ze kontrolléieren, huet d'Regierung mam Ufank vun der Kris de Large Scale Testing, e Programm vu grouss ugeluechten Tester, op d'Been gestallt. Mat den éischten Impfstoffer géint de COVID, ass dës Teststrategie duerch een ambitiéisen Impfprogramm vervollstännegt ginn. Am Kontext vun deene Programmer ginn eng Rei perséinlech Donnéeë gesammelt a veraarbecht.

D'Sammelen an d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë spillen eng wichteg Roll am Kampf géint d'COVID-19-Pandemie an am Kader vun der Impfstrategie. Dës Aktivitéite si vun allgemengem Notze fir déi ëffentlech Gesondheet an hëllefen den Entscheedungsträger dobäi, appropriéiert Mesuren ze huelen. Ouni d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë wier et net méiglech, d'Pandemie wierksam ze bekämpfen an de Matbierger de beschtméigleche Schutz géint de SARS-CoV-2-Virus ze bidden, souwuel wat d'Iwwerwaachung vun der Verbreedung an d'Entwécklung vum Virus, wéi och wat de Suivi vun der Impfkampagne betrëfft. An deem Kontext ass et wichteg dass des Donnéeë gesammelt ginn, fir dono analyséiert, erfuerscht an evaluéiert kënnen ze ginn. Doduerch kann d'Populatioun geschützt an déi appropriéiert sanitär Politik definéiert ginn. 

Contact Tracing

D'Identifizéierung vu positive Fäll an d'Zréckverfollege vu Persoune mat héijem Infektiounsrisiko ass eng Schlësselaktivitéit bei der Bewältegung vun der COVID-19-Pandemie. D'Zil ass et, (i) positiv Fäll z'identifizéieren, fir si an Isolatioun ze setzen a sécherzestellen, datt si déi noutwenneg medezinesch Betreiung kréien an iwwert den Iwwerdroungsrisk informéiert ginn; an (ii) hir Kontaktpersoune mat héijem Infektiounsrisiko z'identifizéieren, fir datt si sech selwer iwwerwaachen a Preventiounsmesuren huele wéi d'Droe vum Mask, d'Aschränkung vun de Kontakter an d'Benotze vu Selbsttester.

Déi vun der Gesondheetsinspektioun vun der Gesondheetsdirektioun duerchgefouert Tracing-Aktivitéiten ëmfaassen d'Sammlung an d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, esouwuel vu Leit, déi positiv op COVID-19 getest goufen, wéi och vu Persoune mat engem héijen Infektiounsrisiko. Dëst déngt dozou, d'Kontaktpersoune vun enger Persoun, déi positiv getest gouf, z'identifizéieren si doriwwer z'informéieren, datt si ee Risikokontakt haten an hinnen d'Dokumenter iwwert d'Moossnamen, déi no sou engem Kontakt recommandéiert ginn a fir de Risk vun enger weiderer Iwwerdroung ze reduzéieren, zoukommen ze loossen.

D'Gesondheetsdirektioun benotzt déi gesammelt Donnéeën och zum Erstelle vun entspriechende anonymen Statistiken zur Auswäertung, Iwwerwaachung a Bekämpfung vun der Pandemie, besonnesch fir baséierend dorobber Entscheedungen am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheets ze treffen, déi un d'Ausbreedung an d'Entwécklung vun der Pandemie ugepasst sinn.

Dës Aktivitéite ginn duerch dat modifizéiert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesure am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 gereegelt.

Déi Iech betreffend Donnéeën, déi besonnesch mat Hëllef vun den zwee Tracing-Formulairen erhuewen a veraarbecht ginn, si folgend:

  • perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Adress, E-Mail-Adress, Telefonsnummer, Referenznummer);
  • Identifikatiounsdonnéeën vun ëffentlechen Instanzen (CNS-Matricule)
  • Donnéeën iwwert den Impfstatus;
  • Datum vum Kontakt mat der Persoun, déi positiv op COVID-19 getest gouf;
  • wann een op der Aarbecht oder an der Schoul war: Aarbechtsplaz/Schoul, Numm vum Employeur/vun der Schoul an de Beruff;
    • Just bei positive Leit: Gebuertsdatum
    • Choix vun der Sprooch fir d'Kommunikatioun mat der Administratioun
    • Erlabnis, datt seng Identitéit mat de Kontaktfäll gedeelt gëtt
    • Gesondheetsdonnéeën: Presenz vu schwéiere Symptomer, Datum vun den éischte Symptomer (wann zoutreffend), Besoin u medezinescher Versuergung a Zougang zu medezinescher Versuergung, Datum vum Test
    • Startdatum vun der Autoisolatioun
    • Angab vun Kontaktpersoune mat héijem Infektiounsrisiko, déi an de leschten 48 Stonne stattfonnt hunn
  • Informatiounen iwwer Reesen, déi bannent 14 Deeg virum Optriede vu Symptomer / dem positiven Test stattfonnt hunn,
    • d'Demande fir eng Kontaktopnam vum Contact Tracing zousätzlech zur Autodeklaratioun, falls zoutreffend.

Är perséinlech Donnéeë ginn u folgend Instanz iwwermëttelt:

  • d'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung, déi den ëffentleche Fuerschungsinstituter déi pseudonymiséiert Donnéeën zur Verfügung stellt fir datt dës Projektioune maache kënnen, déi et erméiglechen e Suivi vun der Pandemie, souwéi ëmfaassend Analysen zum Verständnis vun der Iwwerdroung, de Risikofakoren an d'Suitte vun der Infektioun ze maachen.
  • De Laboratoire National de Santé (LNS) bedeelegt sech nieft der Gesondheetsdirektioun un der Bekämpfung vun der COVID-19 Pandemie, andeems se en Echantillon vum virale Genom analyséieren, an esou en Iwwerbléck iwwer d'Varianten, déi zu Lëtzebuerg zirkuléiere kréien.

Dës Instanz muss sech un déi legal Obligatiounen halen, déi den Dateschutz, souwéi och d'Beruffsgeheimnis oder aneren Obligatioune betreffend vertraulechen Donnéeën, betreffen.

Är perséinlech Donnéeë gi vun der Gesondheetsinspektioun vun der Gesondheetsdirektioun entspriechend den am modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 festgeluechten Delaie konservéiert.

Ënner Berécksiichtegung vun de Limitten a Konditiounen, déi am modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 an am allgemengen Dateschutzreglement virgesi sinn, hutt Dir d'Recht Accès op Är perséinlech Donnéeën ze froen an eng Kopie ze kréien, esou wéi, am Fall wou dës perséinlech Donnéeën onkomplett oder falsch wieren, dës Donnéeë verbesseren ze loossen. Dir hutt ausserdeem d'Recht d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën anzeschränken, d'Recht Iech der Veraarbechtung z'opposéieren, esou wéi d'Recht dorop, dass dës geläscht ginn.

Et ass méiglech d'Ausféiere vun dësen opgelëschte Rechter unzefroen, andeems Dir eng schrëftlech Demande un d'Gesondheetsdirektioun maacht, déi ënnerschriwwe gouf an Är Identitéit beleet - info_donnees@ms.etat.lu - 13a, rue de Bitbourg, L-1273 Luxembourg

Dir hutt och d'Méiglechkeet, eng schrëftlech Reklamatioun bei der nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) u folgend Adress anzereechen: 15, boulevard du Jazz, L - 4370 Belvaux oder andeems Dir den Online-Formulaire ausfëllt, deen Iech ënnert der Rubrik "Particuliers" um Internetsite vum der CNPD zur Verfügung steet -> Maacht Är Rechter geltend.

Impfung

D'Impfcampagne berout op der Sammlung an der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën.

Den Zougang zu engem sécheren an héichwäertegen Impfstoff géint COVID-19 ass een entscheedende Bestanddeel vun der nationaler Pandemiebekämpfung.

A Kombinatioun mat deenen aneren Elementer vun der ëmfaassender Virusbekämpfungspolitik, nämlech d'Preventioun, d'Diagnos an d'Tester, d'Isolatioun vun infizéierte Persounen, den Tracing an d'Quarantän vu Kontaktpersounen, den Traitement vu COVID-19-Patienten, souwéi d'Sensibilisatioun an d'Informatioun, wäert d'Impfung eng entscheedend Roll beim Rette vu Mënscheliewen, der Andämmung vun der Pandemie, dem Schutz vum Gesondheets- a Fleegesystem spillen an zur Relance vun eiser Ekonomie bäidroen.

An deem Kader ginn déi perséinlech Donnéeë vun de Persounen, déi ageluede ginn, sech impfen ze loossen, a vun de geimpfte Persounen, vu de Dateschutzbeoptraagten gesammelt a verschafft (d.h. vun der Instanz, déi den Zweck an d'Mëttel zur Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë festleet):

  • D'Gesondheetsdirektioun, well se responsabel ass fir d'Organisatioun an d'Gestioun vun der Impfcampagne, awer och fir d'Iwwerwaachung vun der Sécherheet a Qualitéit vun den Impfstoffer, souwéi der Impfstoffopnam (Undeel vu Persounen, déi an engem bestëmmten Zäitraum mat enger bestëmmter Impfdosis geimpft goufen) an dem Duerchimpfungstaux (Undeel vun der Populatioun, deen als duerch d'Impfung geschützt gëllt, um Enn vun engem bestëmmten Zäitraum) am ganze Land
  • D'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung, well dës d'Persounen op Basis vun der Impfstrategie identifizéiert, déi ageluede ginn, sech impfen ze loossen

Dës Intervenanten traitéiere perséinlech Donnéeë konform zum Reglement 2016/679 vum Europäesche Parlament an dem Conseil vum 27. Abrëll 2016 am Zesummenhang mat der Protektioun vu physesche Persoune betreffend der Beaarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën an der fräier Zirkulatioun vun dësen Donnéeën, an dat d'Direktiv 95/46/CE annuléiert (Allgemengt Reglement zum Dateschutz, heirënner "Reglement").

D'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën am Kader vun der Impfcampagne gëtt ausgefouert fir (i) Persounen zur Impfung alueden ze kënnen, (ii) Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, et z'erméigleche sech impfen ze loossen, (iii) d'Sécherheet vum/vun den Impfstoff/er, souwéi d'Qualitéit z'iwwerwaachen, besonnesch duerch d'Iwwerwaachung vun der Wierksamkeet, an (iv) d'Impfstoffopnam an den Duerchimpfungstaux ze suivéieren.

Déi rechtlech Grondlag fir dës Veraarbechtung baséiert op:

  • Dem ofgeännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19
  • Dem Gesetz vum 24. November 2015, iwwert d'Ofännerung vum ofgeännerte Gesetz vum 21. November 1980 iwwert d'Organisatioun vun der Gesondheetsdirektioun a vum ofgeännerte Gesetz vum 16. August 1968 iwwert d'Schafung vun engem "Centre de logopédie et de services audiométrique et orthophonique"
  • Dem Gesetz vum 4. Juli 2000 iwwert d'Responsabilitéit vum Staat a Saachen Impfung
  • Dem ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 15 Dezember 1992 iwwert d'Aféiere vu Medikamenter op de Marché

D'Kategorië vun de perséinlechen Donnéeën, déi vu de Dateschutzbeoptraagten am Kader vun der Impfcampagne veraarbecht gi, si folgend; si hänke vun der Participatioun vun de Persounen of:

  • Perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnimm, Gebuertsdatum, Geschlecht)
  • Kontaktdonnéeën (Telefonsnummer an E-Mail-Adress)
  • National Identifikatiounsnummer (Matricule)
  • Den Impfstoff-Zouuerdnungskrittär, wéi en an der d'Impfstrategie definéiert ass
  • Donnéeën, fir déi méiglech Presenz vu Konterindicatiounen, der Presenz vu Gesondheetsproblemer oder anere Risikofacteuren, souwéi d'Optriede vu Niewewierkungen z'ermëttelen
  • D'Impfung (Choix, Datum, d'Plaz wou d'Impfung stattfonnt huet)
  • D'Charakteristike vun der Impfung (d'Injektiounsplaz, d'Mark vum Impfstoff, d'Seriennummer, d'Administratiounsnummer an den Oflafdatum)

Perséinlech Donnéeë kënnen vun de Dateschutzbeoptraagten un déi folgend Destinatären iwwermëttelt ginn:

  • De Staatlechen Zenter vun den Informatiounstechnologien (CTIE), deen zoustänneg ass fir d'Verschécke vun den Invitatiounen, deen d'Plattform fir d'Huele vun engem Rendez-vous zur Verfügung stellt, an deen den informatesche System geréiert, iwwert deen déi perséinlech Donnéeën am Zesummenhang mat der Impfung traitéiert ginn
  • Den nationale Service fir Immunologie an Allergologie vum CHL fir den dréngenden allergologeschen Avis wa Persoune mat engem groussen allergesche Risiko op d'Impfung an den Impfzenter kommen
  • Am Fall wou een Dossier iwwert d'Pharmacovigilance opgemaach gëtt, un de Centre régional de pharmacovigilance de Lorraine an eventuell un déi Europäesch Medikamentagence, déi mat der Gesondheetsdirektioun zesummeschaffen, fir d’Registréierung vu Pharmakovigilance-Meldungen an der europäescher Datebank EudraVigilance z’erméiglechen. Et sief unzemierken, dass de Centre régional de pharmacovigilance de Lorraine standardméisseg Accès op Dossiere vu schwangere Fraen kritt, um Moment wou si geimpft ginn, fir dës esou bis zum Schluss vun hirer Schwangerschaft iwwert d'Sendung vun zwou E-Maile suivéieren ze kënnen
  • D'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung, déi d'Donnéeë kritt, fir dës deene verschiddenen ëffentleche Fuerschungsinstituter a Form vu pseudonymiséierten Donnéeë fir wëssenschaftlech Fuerschungszwecker zur Verfügung ze stellen

Déi perséinlech Donnéeë vun all Intervenant ginn, konform zu de respektive legalen Obligatiounen, just esou laang gehale wéi et fir de verfollegten Zweck néideg ass an net doriwwer eraus. Beispillsweis hält d'Gesondheetsdirektioun perséinlech Donnéeën op Basis vum ofgeännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19.

All physesch Persoun, där hir Donnéeë veraarbecht ginn, huet d'Recht Accès op seng perséinlech Donnéeën ze froen an eng Kopie ze kréien, sou wéi, am Fall wou dës perséinlech Donnéeën inkomplett oder falsch sinn, dës Donnéeën verbesseren ze loossen. Se huet ausserdeem d'Recht d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën anzeschränken, d'Recht sech der Veraarbechtung z'opposéieren, sou wéi d'Recht drop dass dës geläscht ginn, ënnert der Konditioun a bannent de Limitten, déi am allgemengen Dateschutzreglement festgeluecht sinn.

Et ass méiglech d'Ausféiere vun dësen opgelëschte Rechter unzefroen, andeems Dir eng schrëftlech Demande maacht, an där Dir Är Identitéit beleet.

  • Fir d'Veraarbechtung am Kader vun der Organisatioun a Gestioun vun der Impfcampagne an der Iwwerwaachung vun der Sécherheet, Qualitéit an dem Duerchimpfungstaux, un d'Gesondheetsdirektioun - info_donnees@ms.etat.lu - 13a, rue de Bitbourg, L-1273 Luxembourg
  • Fir d'Veraarbechtung am Kader vun den Impf-Invitatiounen, un d'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung - igss@igss.etat.lu - 26, rue Zithe, L-2763 Luxembourg

Dir hutt och d'Méiglechkeet, eng schrëftlech Reklamatioun bei der nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) u folgend Adress anzereechen: 15, boulevard du Jazz, L - 4370 Belvaux oder andeems Dir den Online-Formulaire ausfëllt, deen Iech ënnert der Rubrik "Particuliers" um Internetsite vum der CNPD zur Verfügung steet -> Maacht Är Rechter geltend.

FAQ

Wat sinn d'Objektiver vum Informatiounssystem?

D'Objektiver vum Informatiounssystem sinn déi folgend:

  1. d'COVID-19-Pandemie ze detektéieren, z'evaluéieren, z'iwwerwaachen an ze bekämpfen
  2. wichteg Kenntnisser iwwert d'Ausbreedung an d'Entwécklung vun der Pandemie sammelen (Statistiken, Etüden, Fuerschung)
  3. de Matbierger en Accès zu de Schutzmoossnamen an zu enger adäquater medezinescher Betreiung garantéieren
  4. kontinuéierlech d'Wierksamkeet an d'Sécherheet vun den Impfungen, an de Gesondheetszoustand vun de geimpfte Persoune suivéieren an evaluéieren
  5. de Suivi an d'Auswäertung vum Large Scale Testing a vum Impfprogramm garantéieren

De System huet ausserdeem d'Zil de Kommunikatiounsobligatiounen an Informatiounsufroen vun europäeschen oder internationale Gesondheetsinstanze gerecht ze ginn, un déi Lëtzebuerg gebonnen ass. 

Wien ass zoustänneg fir d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën?

Verschidden Entitéite sinn zoustänneg fir d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën:

1. D'Gesondheetsdirektioun, déi am Kader vun hire Missiounen d'Entwécklung vun der aktueller Pandemie verfollegt, déi epidemiologesch Strategie definéiert an déi verfügbar Dispositiffe koordinéiert.

D'Gesondheetsdirektioun ass ausserdeem verantwortlech fir d'Organisatioun an d'Gestioun, esouwéi vum Suivi an dem Auswäerte vun der Impfcampagne. Se ass virun allem verantwortlech fir d'Sécherheet an d'Qualitéit vun den Impfstoffer.

Dës zwee Programmer erfuerderen d'Sammelen an d'Veraarbechtung vun enger Rei perséinlechen Donnéeën.

2. D'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (Inspection générale de la sécurité sociale), déi och am Large Scale Testing an am Impfprogramm intervenéiert. Si ass zoustänneg fir d'Identifizéierung vun de Kategorië vu Persounen, déi am Kader vun dëse Programmer invitéiert solle ginn.

Am Kontext vun de Large Scale Tester, ginn déi perséinlech Donnéeën och nach vun de verschiddene Laboratoirë fir medezinesch Analysen a vum nationale Gesondheetslabo (LNS) veraarbecht. Déi verschidde Laboratoirë sinn zoustänneg fir d'Organisatioun vun de Prouwen, d'Prouwe selwer, d'Duerchféiere vun den Tester an d'Verschécke vun de Resultater, wougéint den LNS déi selwecht Analysen am Kader vun de serologeschen Tester duerchféiert. 

Wéi eng perséinlech Donnéeë gi veraarbecht?

Donnéeë vun infizéierte Persounen a Persoune mat héijem Infektiounsrisiko (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Adress, Telefonsnummer, Sozialversécherungsnummer, Kontaktdate vum behandelnden Dokter, Daten déi doriwwer informéieren ob eng Persoun infizéiert ass, wéi d'Testresultat, d'Diagnos, oder fir Persoune mat héijem Infektiounsrisiko, den Datum vum leschte Kontakt, déi méiglech Symptomer an den Ufanksdatum vun de Symptomer).

Donnéeën, duerch déi een déi verschidde Kategorië vu Persounen identifizéiere kann, déi am Kader vum Large Scale Testing a vum Impfprogramm invitéiert solle ginn (sozio-demografesch Donnéeën, Informatiounen zur Aarbechtsplaz, Historique vun den Tester, an am Kontext vum Impfprogramm, den Datum vum Rendez-vous fir d'Impfung an Donnéeën zum Impfstoff).

Am Fall vu vulnerabele Persounen, ginn déi perséinlech Donnéeën op Ufro vum Patient, dee geimpft wëll ginn, direkt vu sengem Dokter un d'Gesondheetsdirektioun weidergeschéckt. Vertraulech Informatiounen zur Pathologie vum Patient ginn ausschliisslech vun sengem Dokter veraarbecht. D'Gesondheetsdirektioun kritt keng Detailer, mee gëtt just doriwwer informéiert dass de Patient opgrond vu sengem Gesondheetszoustand als vulnerabel Persoun gëllt.

Donnéeën, déi am Kader vum Impfprogramm gesammelt ginn (Identifikatiounsdonnéeën a Kontaktdaten, awer och Informatiounen zur Impfung, Informatiounen iwwer méiglech Konterindicatiounen, Gesondheetsproblemer oder aner Risikofaktoren). Et ginn och Donnéeën zur Entscheedung am Fall vun enger Impfung, esou wéi zu den Eegenschafte vum Impfstoff (Impfstoff, Impfplaz, Lousnummer, Nummer vun der Impfung, Oflafdatum) oder zum Impfdokter gesammelt.

 

Ënnert wéi enger Form ginn déi gesammelt Donnéeë konservéiert?

Déi nominal perséinlech Donnéeë ginn an der Reegel pseudonymiséiert éier se anonymiséiert ginn. Heiansdo ginn déi gesammelt Donnéeën allerdéngs direkt anonymiséiert, ouni virdru pseudonymiséiert ze ginn. Dat ass zum Beispill de Fall bei den Donnéeë vu vulnerabele Persounen, déi am Kader vun den Invitatioune fir d'Impfung gesammelt ginn. Dës Informatioune gi spéitstens dräi Wochen nom Verschécke vun der Invitatioun fir d'Impfung anonymiséiert.

Bei enger Pseudonymiséierung ginn déi gesammelt Daten esou veraarbecht, dass déi perséinlech Donnéeën net méi ouni zousätzlech Informatiounen enger Persoun zougeuerdent kënne ginn. Am Géigesaz zu der Anonymiséierung kann dës Prozedur réckgängeg gemaach ginn. Et handelt sech heibäi em eng Sécherheetsmesure, déi de Persounen, vun deenen d'Donnéeë gesammelt goufen, eng gewësse Vertraulechkeet garantéiert, a gläichzäiteg d'Veraarbechtung vun den Daten am Kader vun enger spezifescher sanitärer Strategie erméiglecht. Heibäi gëtt de Prinzip vun der Proportionalitéit respektéiert, deen d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë guidéiert.

An der Praxis besteet esou eng Prozedur doran, déi direkt identifizéierend Donnéeën (Numm, Virnumm, ...) duerch indirekt identifzéierend Informatiounen (Nummer vum Klassement) z'ersetzen, fir d'Sensibilitéit vun den Donnéeën esou ze reduzéieren.

Dono ginn d'Donnéeën anonymiséiert. Heibäi gëtt den Inhalt oder d'Struktur vun de perséinlechen Informatiounen esou geännert, dass et ganz schwéier oder onméiglech ass déi betraffe Persounen erëm ze identifizéieren. An der Reegel, ginn d'Donnéeën eréischt no engem méi laangen Delai anonymiséiert, wéi dat bei der Pseudonymiséierung de Fall ass. 

Wéi laang ginn d'Donnéeë konservéiert?

Fir dem Prinzip vun der Proportionalitéit gerecht ze ginn, an ofhängeg dovun zu wéi engem Zweck d'Donnéeë veraarbecht ginn, kann d'Konservéierungsdauer variéieren.

(i) Perséinlech Donnéeën, déi am Kampf géint d'Pandemie gesammelt a veraarbecht ginn

Dës Donnéeë gi spéitstens no engem Delai vu sechs Méint pseudonymiséiert, an dëst fir eng Period vun dräi Joer. No dësen dräi Joer, gi se dann anonymiséiert.

Dës Konservéierungsdauer verfollegt d'Zil den Impakt vun der Epidemie op Basis vun den neisten Erkenntnisser zum SARS-CoV-2-Virus ze suivéieren, besonnesch wat d'Immunitéit vun den infizéierte Persoune betrëfft. Esou weisen des Erkenntnisser zum Beispill, dass eng Persoun, déi mam COVID-19 infizéiert war, an der Reegel am Duerchschnëtt sechs Méint laang immun ass. Dobäi kënnt, dass eng nei Infektioun generell mat saisonale Coronaviren erfollegt, an dëst bannent enger relativ kuerzer Zäit, meeschtens innerhalb vun zwielef Méint.

Fir déi ëffentlech Gesondheet ze schützen, ass et noutwendeg dës nei Reinfektioune genau ze suivéieren. Esou kann ënnert anerem festgestallt ginn, op eng nei a méi ustiechend Variant vum Virus am Ëmlaf ass, an d'sanitär Strategie kann entspriechend ugepasst ginn. Dofir ass et wichteg déi perséinlech Donnéeën zu der éischter Infektioun ze halen, fir eng nei Reinfektioun bei enger selwechter Persoun kënnen z'identifizéieren. Allerdéngs muss esou eng eventuell Reinfektioun bannent kuerzer Zäit identifizéiert ginn, fir dass déi noutwendeg sanitär Mesurë rechtzäiteg ëmgesat kënne ginn. Ze laang Delaie sinn deemno net virgesinn.

D'Konservéierung vu pseudonymiséierten Donnéeë wärend enger Dauer vun dräi Joer stëmmt mat der kompletter Dauer vun enger Pandemie iwwereneen, déi oft aus e puer successive Welle besteet. Dës Konservéierungsdauer erméiglecht e komplette Suivi.

(ii) Perséinlech Donnéeën, déi am Kader vum Impfprogramm gesammelt a veraarbecht ginn 

Déi perséinlech Donnéeën déi

  • fir den Impfdokter gesammelt ginn, gi spéitstens zwee Joer no hirer Sammlung anonymiséiert.
  • fir den Impfpatient gesammelt ginn, gi spéitstens zwanzeg Joer no hirer Sammlung anonymiséiert, ausser verschidde spezifesch Donnéeën. Heizou zielen Identifikatiounsdonnéeën a Kontaktdaten, déi sech am Laf vun der Zäit ännere kënnen, an dofir spéitstens zwee Joer no hirer Sammlung anonymiséiert ginn. Donnéeën déi iwwert d'Presenz vu méigleche Konterindicatiounen oder anere Risikofaktore renseignéiere kënnen, ginn no engem Delai vun zéng Joer anonymiséiert.
    Dass verschidden Donnéeë wärend zwanzeg Joer konservéiert ginn, ass aus Grënn vun der Pharmakovigilanz wichteg. Heibäi geet et dorëm, onerwënschten Niewewierkunge vu Medikamenter oder och Impfstoffer ze dokumentéieren an z'evaluéieren. Et ass am Interessi vun de Patienten, dass dës Donnéeën esou laang konservéiert ginn. An der Praxis weise sech Niewewierkunge vu Medikamenter oder Impfstoffer effektiv oft eréischt no e puer Joer, heiansdo esou guer no méi wéi 10 Joer nodeems de Patient se kritt huet. Dofir ass et wichteg, Informatiounen doriwwer wéini ee spezifescht Medikament oder Impfstoff agi gouf, direkt mat den Niewewierkungen associéieren ze kënnen. Dës Associatioun gëtt duerch esou eng méi laang Konservéierungsdauer vu verschiddenen Donnéeën erméiglecht.
  • Am Fall wou den Impfdokter d'Impfindicatioun widderleet, ginn déi perséinlech Donnéeën, déi eventuell gesammelt goufen, spéitstens 2 Joer no hirer Sammlung anonymiséiert. Am Fall wou den Impfpatient seng Zoustëmmung fir d'Impfung zeréckhëlt, ginn d'Donnéeën no engem Delai vun 3 Méint anonymiséiert. 

Wien huet Accès op d'Donnéeë vun infizéierte Persounen oder Persoune mat héijem Infektiounsrisiko?

Folgend Leit hunn Accès zu de perséinlechen Donnéeë vun infizéierte Persounen oder Persoune mat héijem Infektiounsrisiko: d'Dokteren, d'Gesondheetspersonal, d'Fonctionnairen, Employéeën oder Salariéeën déi vum Gesondheetsministère zur Verfügung gestallt ginn, oder all aner Persoun déi vum Direkter vun der Santé designéiert gëtt an esou un déi national Autoritéite rattachéiert ass.

Dës Persoune kënne just dann op d'Donnéeë mat gesondheetlechem Charakter zeréckgräifen, wann dësen Accès fir d'Ausféierung vun hire legalen a konventionelle Missiounen am Kader vun der Lutte géint d'Pandemie noutwendeg ass. Ausserdeem sinn dës Persounen un d'Schweigeflicht gebonnen an all Verletzung vun dëser Flicht gëtt laut Artikel 458 vum Code pénal sanktionéiert.

Et sief allerdéngs dorop higewisen, dass dës Donnéeë vun de verschiddene Persoune, déi fir d'Veraarbechtung vun den Donnéeën zoustänneg sinn, un Drëttpersoune kënne weidergeleet ginn. Zu den Empfänger vun dësen Donnéeën zielen:

  • den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), als informatesche Sous-traitant vun der Gesondheetsdirektioun;
  • d'Agence eSanté, déi zoustänneg ass fir den techneschen Transfert vun de PCR- a serologeschen Testresultater un d'Gesondheetsinspektioun als Deel vun der Gesondheetsdirektioun;
  • d'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung, déi laut hire Missiounen fir d'Pseudonymiséierung vun de perséinlechen Donnéeën zoustänneg ass, déi am Kader vun der Pandemie gesammelt a veraarbecht ginn, fir se dono den ëffentleche Fuerschungsinstituter zur Verfügung ze stellen;
  • de Prestataire deen d'Hotline geréiert an op Ufro d'Rendez-vouse fir de Large Scale Testing an d'Impfungen duerchféiert, fir Persounen déi keen Accès zu den entspriechenden Internetsäiten hunn. 

Kënnen d'Donnéeën zu wëssenschaftlechen, geschichtlechen oder statistesche Fuerschungszwecker veraarbecht ginn?

Jo. D'Donnéeë kënne fir esou Zwecker veraarbecht ginn, esou wéi et am europäeschen Dateschutzreglement an am Gesetz vum 1. August 2018 virgesinn ass, dat déi national Dateschutzkommissioun an déi allgemeng Dateschutzreegelung organiséiert. D'Viraussetzung fir eng Veraarbechtung vun den Donnéeën ass dass se pseudonymiséiert sinn, dat heescht esou verschafft, dass eng Identifizéierung vun enger physescher Persoun ouni zousätzlech Informatiounen net méi méiglech ass. 

Ass et méiglech sech der Veraarbechtung vun den Donnéeën ze widdersetzen?

Infizéiert Persounen oder Persoune mat engem héijen Infektiounsrisiko kënne sech enger Veraarbechtung vun hiren Donnéeën am informatesche System, deen als Zil de Kampf géint d'Pandemie huet, nëmmen da widdersetzen, wa si e negatiivt Testresultat virweise kënnen. Am Sënn vun der ëffentlecher Gesondheet, ass et dréngend noutwendeg d'Donnéeë vun infizéierte Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, ze halen.

Wat sinn d'Rechter vun enger physescher Persoun am Kader vum Dateschutz?

All physesch Persounen, deenen hir Donnéeë veraarbecht ginn, hunn d'Recht Accès op hir perséinlech Donnéeën ze froen an eng Kopie ze kréien, sou wéi, am Fall wou dës perséinlech Donnéeën onkomplett oder falsch sinn, dës Donnéeën verbesseren ze loossen. Se hunn ausserdeem d'Recht d'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën anzeschränken, sou wéi d'Recht sech hirer Veraarbechtung z'opposéieren an d'Recht drop dass dës geläscht ginn, ënnert de Konditiounen a bannent de Limitten, déi am ofgeännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie an am allgemengen europäeschen Dateschutzreglement (2016/679) festgeluecht sinn.

Et ass méiglech d'Ausféiere vun dëse Rechter unzefroen, andeems Dir eng schrëftlech Demande maacht, an där Dir Är Identitéit beleet:

  • fir d'Veraarbechtung am Kader vum Suivi vun der Pandemie an der Organisatioun an der Gestioun vun der Impfung, un d'Direction de la santé (Gesondheetsdirektioun): info_donnees@ms.etat.lu - 13a, rue de Bitbourg, L-1273 Luxembourg
  • fir d'Veraarbechtung am Kader vun der Identifizéierung vun de Kategorië vu Persounen, déi am Kontext vum Large Scale Testing a vum Impfprogramm sollen invitéiert ginn, un d'Inspection générale de la sécurité sociale (Generalinspektioun vun der Sozialversécherung): igss@igss.etat.lu - 26, rue Zithe, L-2763 Luxembourg
  • fir d'Veraarbechtung am Kader vun de PCR-Tester vum Large Scale Testing un d'Laboratoires Réunis: dpo@labo.lu - 38, rue Hiehl, Z.A.C. Laangwiss, L-6131 Junglinster
  • fir d'Veraarbechtung am Kader vun de serologeschen Tester, un de Laboratoire national de santé (Nationale Gesondheetslabo): dpo@lns.etat.lu - 1, rue Louis Rech, L-3555 Dudelange

Dir hutt och d'Méiglechkeet, eng schrëftlech Reklamatioun bei der nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données - CNPD) u folgend Adress anzereechen: 15, boulevard du Jazz, L - 4370 Belvaux, oder andeems Dir den Online-Formulaire ausfëllt, deen Iech ënnert der Rubrik "Particuliers - Faire valoir vos droits" um Internetsite vum der CNPD zur Verfügung steet. 

Play Youtube video, see caption below

COVID-19-Impfung & Dateschutz

Aktualiséiert