Testing

Dir hut eng Ordonnance fir een COVID-19-Test (PCR-Test) kritt?

Opgepasst: D'Ordonnance kann net an enger Teststatioun vum Large Scale Testing ageléist ginn.

Kontaktéiert wannechglift ee vun dësen Laboratoiren: 

D'Ligue médico-sociale bitt, an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), d'Méiglechkeet Kanner tëscht 2 a 6 Joer unhand vun engem PCR-Test op COVID-19 ze testen. De Rendezvous kann iwwert d'Websäit www.ligue.lu, respektiv op folgendem Link https://ligue.lu/home/tracing-reservation-en-ligne-1 geholl ginn.

Dir hut Symptomer déi op eng COVID-19-Infectioun hindéiten? Evitéiert den Kontakt mat anere Mënschen a rufft Ären Dokter un.  Waart net op Är Invitatioun fir den Large Scale Testing.

Dir hutt en COVID-19 PCR-Test am Kader vum Large Scale Testing gemaach?

Äert Resultat ass bannent 48 Stonnen nom Datum vum Test accessibel. (Den Dag vum Test, de Samschdeg ab 12h an de Sonndeg sinn aus dësem Delai ausgeholl.)

Fir Accès zu Ärem Resultat ze kréien, haalt Är Matricule bereet a klickt op dëse Link: https://www.covid19-test.lu/access

Beuecht dass Dir e Sécherheetscode op déi Handysnummer geschéckt kritt, déi Dir bei der Prise de Rendez-vous uginn hutt. Dëse Code ass indispensabel fir Accès zum Resultat ze kréien.

Dir hutt e serologesche COVID-19 Test am Kader vum Large Scale Testing gemaach?

Fir Accès zu Ärem Resultat ze kréien, klickt op dëse Link: https://rapport.lns.lu/

E strukturéierte, cibléierte a flexibelen Testing

D'Lëtzebuerger Regierung trëtt an eng nei Phas vum Screening an. Zil ass et, representativ Stéchprouwe vun der Bevëlkerung ze testen, fir esou d'Entwécklung ze verfollegen a bei enger Hausse vun de Fäll flexibel reagéieren ze kënnen. Dëst ass dee beschte Wee, fir Infektiounsketten ze duerchbriechen an esou d'Kontakter vun den Infizéierten effektiv zeréckzeverfollegen.

De COVID-19-Test op Invitatioun vun der Lëtzebuerger Regierung betrëfft souwuel Awunner wéi och Frontalieren. Den Test ass gratis.

Wann Dir Symptomer hutt, déi méiglecherweis a Relatioun mat enger COVID-19-Infektioun stinn, da kontaktéiert direkt Ären Dokter fir Iech een Test verschreiwen ze loossen.

D'Strategie an d'Prozedur

Rendez-vouse ginn nëmmen op Invitatioun mat engem eemolegen, fir 2 Woche gëltege Reservatiounscode no folgender Verdeelung verginn:

  • Kontinuéierlech Stéchprouwentester vun der Populatioun
  • Tester vun besonnesch exponéierte Persounen
  • Tester fir Areesender
  • Reaktiv Tester
  • Serologesch Tester

D'PCR-Tester ginn ausschliisslech per Ofstréch am Hals duerchgefouert, déi serologesch Tester per Bluttanalys.

Ab elo ginn Invitatioune fir de Large Scale Testing och per E-Mail verschéckt.

Fir dass Dir Är Invitatioun per E-Mail kritt, musst Dir bei der nächster Reservatioun vun engem Rendez-vous op guichet.lu confirméieren, dass Dir an Zukunft léiwer per E-Mail invitéiert wëllt ginn.

Et sief drop higewisen, dass Dir Iech aktuell net fir d'E-Mail-Invitatiounen umelle kënnt, wann dir keng Invitatioun per Post kritt hutt. Dat, well déi entspriechend Demande am Kader vun der Reservatioun vum Rendez-vous gemaach muss ginn. D'E-Mail-Adress, vun där aus d'Invitatioune schéckt ginn, ass noreply-covidtesting@etat.lu.

Teststrategie (Deutsch, Pdf, 562 Kb)

D'Helpline

Fir Froen zum Large Scale Testing steet d'Helpline Iech Méindes bis Sonndes vun 8:00 bis 19:00 Auer zur Verfügung.

  • Aus Lëtzebuerg: 8002 19 19 (Festnetz an Handy)
  • Aus der Belsch: 0800 14 3 75 (Festnetz an Handy)
  • Aus Däitschland: 0800 18 09 028 (Festnetz an Handy)
  • Aus Frankräich: 0805 321 023 (Festnetz an Handy)

FAQ

Firwat gëtt de Large Scale Testing gemaach?

De Large Scale Testing huet d'Zil, d'Entwécklung vun der COVID-19-Infektioun an der Bevëlkerung z'iwwerwaachen. D'Zil ass dobäi net de Virus auszerotten, mee éischter en anzedämmen an den Infektiounstaux op engem ganz niddregem Niveau ze halen. Dëst gëtt duerch reegelméisseg Tester a representativ Stéchprouwe vun der Populatioun erméiglecht.

Firwat krut ech keng Invitatioun?

D'Strategie vum Large Scale Testing deelt d'Populatioun a representativ Gruppen an, zum Beispill no Branche, Alter a Wunnuert. Dëst bedeit, datt Membere vum nämmlechten Haushalt, Bewunner aus der nämmlechter Noperschaft oder Aarbechtskolleegen hir Invitatiounen, je no Grupp, där se zougeuerdent goufen, absichtlech ëm e puer Woche versat kréien. Dës Demarche erméiglecht et och weiderhi kontinuéierlech ze testen. D'Strategie berout deemno op enger grouss ugeluechter Stéchprouwenprozedur. Dës organiséiert Duerchféierung erméiglecht et, den Infektiounstaux kontrolléiert op ganz nidderegem Niveau ze halen a sou de Schutz vun Allen ze garantéieren. Den Test gëtt zu enger Geste vun der Solidaritéit, déi ons alleguer schützt. 

Firwat soll ech mech teste loossen, wann ech ageluede ginn, och wann ech keng Symptomer hunn?

D'Zil vu Large Scale Testing ass et, d'Gesondheet vun alle Leit wärend der Pandemie esou gutt wéi méiglech ze schützen. Nom Prinzip: Mir sinn all Deel vun der Léisung.

Mam Large Scale Testing sollen infizéiert Persounen, déi keng Symptomer opweisen (asymptomatesch) an déi onwëssentlech aner Leit ustieche kéinten, detektéiert an isoléiert ginn. Mam Deelhuelen um Large Scale Testing erméiglecht Dir also, asymptomatesch Fäll z'identifizéieren an d'Infektiounsketten z'ënnerbriechen. Dëst geschitt, andeems Persounen, mat deenen Dir viru kuerzem a Kontakt waart, séier detektéiert an isoléiert kënne ginn.

Opgepasst: Déi meescht infizéiert Persounen, déi wéineg oder guer keng Symptomer hunn, si schonns ustiechend ier dass se Symptomer opweisen. Dofir ass et méiglech, Träger vum Virus a soumat ustiechend ze sinn, ouni datt een sech däers bewosst ass.

Well och elo PCR-Tester fir Persounen ouni Symptomer zur Verfügung stinn, ass et méiglech, méi infizéiert Persounen z'identifizéieren an sou schnell wéi méiglech déi noutwendeg Moossnamen z'ergräifen, fir d'Ustieche vun aneren z'evitéieren. Op dës Aart a Weis dreet all Test dozou bäi, d'Pandemie ënner Kontroll ze halen a verhënnert, dass weider Andämmungsmoossnamen ergraff musse ginn, déi dat soziaalt a wirtschaftlecht Liewe staark aschränke géifen.

Wat geschitt wann den Test negativ ass an d'Persoun e puer Deeg méi spéit infizéiert gëtt?

Een negative PCR-Test heescht net, datt d'Persoun immun ass. Si ka sech spéider infizéieren. Dofir soll jiddereen, och Persoune mat engem negativen Testresultat, weiderhin déi üblech Geste-barrièrë respektéieren. Well de Large Scale Testing allerdéngs zäitlech gestaffelt ass, stellen d'Tester net nëmmen eng Momentopnam duer. D'Tatsaach, datt ëmmer eng Persoun aus enger bestëmmter Grupp getest gëtt, erméiglecht et, zu all Zäitpunkt Infektiounsketten z'identifizéieren, zu deenen dës Persoun gehéiere kéint. Och wann net all Neiinfektioune verhënnert kënne ginn, kann déi kollektiv Participatioun un den Tester eng nei Well verhënneren.

Wéi gi meng perséinlech Donnée verschafft?

Vum Echantillonnage bis zu de Statistiken déi et erlaben de Verlaf vun der COVID-19 Infektioun an der Populatioun z'iwwerwaachen, berout de Large Scale Testing op dem Sammelen an dem Traitéiere vu perséinlechen Donnéeën. D'Notiz iwwert Dateschutz kann hei  (Pdf, 69 Kb)consultéiert ginn. Sie erkläert wéi déi perséinlech Donnéeë vun den invitéierte Persounen an de Persounen déi matmaache genotzt ginn an u wien ee sech mat Froen zum Dateschutz wende kann.

Wéi ginn ech mäi Resultat vum COVID-19-Test gewuer?

D'Inspection sanitaire, d'Laboen an d'Spideeler iwwermëttelen d'Testresultat entweder per SMS, per Post oder iwwer Telefon (am Fall wou Dir positiv getest gouft).

Verloosst Iech also net op Noriichten, déi Dir per E-Mail oder iwwert sozial Netzwierker wéi z. B. Facebook Messenger geschéckt kritt. Dës Kommunikatiounsmëttel ginn net vun den offiziellen Instanzen, déi dofir zoustänneg sinn Iech Äert Testresultat zoukommen ze loossen, genotzt. 

Firwat gëtt een 2. Test no der Isolatioun net ugeroden?

D'Ustiechungsgefor ass bei enger Persoun, déi keng Symptomer méi opweist, nom 10. Dag immens reduzéiert. Allerdéngs kann d'Persoun awer och iwwer déi Period eraus positiv sinn.

Dëst ass de Grond firwat d'Gesondheetsdirektioun keen 2. Test no der Isolatiounsphas recommandéiert.

Ech hunn eng Ordonnance, wou kann ech mech op COVID-19 teste loossen?

Wann Dir eng Ordonnance vum Dokter hutt, da kënnt Dir Iech am Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester LNS zu Diddeleng teste loossen:
Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester LNS
1, rue Louis Rech
L-3555 Dudelange

Méindeg bis Samschdeg vun 10 bis 17 Auer op Rendez-vous, fir Persounen ab 6 Joer. De Rendez-vous kann online um Site www.lns.lu geholl ginn.   

Oder a private Laboratoiren:

Wéi eng Zorte vun Test gëtt et?

1.      Diagnostesch Tester (qRT-PCR)

Dës Tester hëllefen, eng Infektioun festzestellen an d'Fro ze beäntwerten "Sinn ech ustiechend?"

D'Zil vun dësen Tester ass d'Ermëttlung vu geneteschem Material vum Virus. Konkret gëtt een Ofstréch duerch d'Nues (Nasopharyngeal) oder de Mond (Oropharyngeal) geholl. Den Test gëtt dono an engem Laboratoire analyséiert.

2.      Serologesch Tester

Mat serologeschen Tester ka festgestallt ginn, ob Dir jee a Kontakt mam Virus waart an Antikierper géint d'Krankheet gebilt hutt. Dës Tester kënnen d'Fro beäntwerten "Hat ech jeemols COVID-19?"

Dës Tester ginn unhand vun enger Bluttanalys duerchgefouert a sollen Antikierper am Blutt noweise kënnen, déi duerch eng Infektioun zu engem fréieren Zäitpunkt gebilt goufen. Dës sinn net fir d'Diagnos vun enger akuter Infektioun geduecht.

Opgepasst: Ee positiivt serologescht Testresultat heescht net, dass Dir immun sidd oder dass Dir net méi ustiechend kënnt sinn.

3.      Antigen-Schnelltester

Schnelltester kënnen eng Coronvirus-Infektioun bannent 15 bis 30 Minutten noweisen, ouni datt eng Analys an engem Labo erfuerdert ass. D'Prouwe ginn iwwert d'Nues geholl a vu speziell dofir ausgebiltem Personal gemaach.

Well d'Resultater manner zouverlässeg sinn, wéi déi vun engem "klasseschen" PCR-Test, gëtt den Asaz vun de Schnelltester just a bestëmmten Ausnamefäll ugeroden.

Kann ech mech och op eege Käschten op COVID-19 oder op Antikierper teste loossen?

Verschidde privat Laboratoirë bidden esou ee Service un. Renseignéiert Iech bei deene verschiddene Laboratoirë fir weider Informatiounen dozou.

Last update