PCR-Tester a Selbsttester

Mat Ordonnance

Wann Dir eng Ordonnance vum Dokter hutt, da kënnt Dir Iech ee Rendez-vous bei de folgende Laboratoiren huelen:

Fir Kanner tëschent 2 a 6 Joer, déi eng Ordonnance hunn, offréiert d'Ligue médico-sociale, an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), PCR-Tester fir op COVID-19 ze testen. Huelt Äre Rendez-vous hei.

Fir Kanner ënner 2 Joer ka mat enger Ordonnance e Rendez-vous an der Kannerklinik geholl ginn, iwwer dëse Link.

Ouni Ordonnance

Wann Dir keng COVID-19 Symptomer a keng Ordonnance hutt, kënnt Dir op eege Käschten en Test bei de Laboratoirë maache loossen.

Gratis Tester

Verschidde Persoune kënne vu "Bonge fir COVID-19 PCR-Tester" profitéieren:

  • Kanner tëschent 6 an 11 Joer inklusiv. Dës Bonge ginn eemoleg per Post verschéckt an all Kand kritt 5 Bongen.
  • Persounen, déi opgrond vu gesondheetleche Problemer keng Impfung géint COVID-19 kënne kréien, an déi a Lëtzebuerg wunnen. Déi concernéiert Persoune mussen een E-Mail, zesumme mat engem Attest vum Dokter, un d'Gesondheetsdirektioun u folgend Adress schécken: covid19-pcr@ms.etat.lu
  • Studenten, déi zu Lëtzebuerg wunnen a geimpft goufen, an déi een negatiivt Resultat vun engem PCR-Test brauche fir zeréck op d'Universitéit am Ausland ze reesen. Déi concernéiert Persoune musse sech bei der ACEL mellen.

Dës Bonge kënnen an de folgende Laboratoiren ageléist ginn:

Dës Tester si gratis, mee just bis den 31.12.2021 gülteg.

Bei Symptomer

Wann Dir COVID-19 Symptomer hutt, kontaktéiert Ären Hausdokter fir eng Ordonnance.

Selbsttester

Een Antigène-Selbsttest ass een Test, deen Dir selwer maache kënnt, fir eng méiglech COVID-19-Infektioun ze detektéieren. Fir dësen Test braucht Dir keng speziell Formatioun. Een Antigène-Selbsttest sicht no der Presenz vu SARS-CoV-2-Virus-Proteinnen unhand vun engem Ofstréch an der Nues an erméiglecht et op eng séier Aart a Weis eng Infektioun bannent 15 bis 30 Minutten nozeweisen.

Et gëtt geroden, een Test ze benotzen, deen offiziell zu Lëtzebuerg recommandéiert an unerkannt gëtt. D'Lëscht vun den offiziell recommandéierten Tester fannt Dir ënnert dësem Link (Français, Pdf, 128 Kb).

Liest d'Packungsbäilag zur Uwendung vun dësen Tester genau duerch.

Wéini mécht et Sënn een Antigène-Selbsttest ze maachen?

  • no engem Kontakt (bei Verdacht Kontakt mat enger COVID+ Persoun gehat ze hunn), bei deem d'Geste-barrièren net agehale goufen
  • iert datt e Kontakt stattfënnt, bei deem d'Geste-barrièren net agehale ginn

Wann Dir Symptomer hutt, déi op eng COVID-19-Infektioun hiweisen, da kontaktéiert esou séier wéi méiglech Ären Hausdokter, fir dass dësen Iech ee PCR-Test verschreift. 

Wann Ären Antigène-Selbsttest positiv ass:

  • gitt direkt an Eegen-Isolatioun
  • mellt Äert Resultat op covidtracing.public.lu
  • informéiert Är enk Kontakter fir dass si an Eege-Quarantän ginn

D'Ekipp vum Contact Tracing wäert Iech da kontaktéieren.

Et gëtt recommandéiert, d'Resultat vum Antigène-Selbsttest duerch ee PCR-Test confirméieren ze loossen.

An de Schoulen

Schüler am Lëtzebuerger Fondamental an am Secondaire gi reegelméisseg mat Antigène-Schnelltester getest. Fir méi Informatiounen dozou, besicht de Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Last update