Selbsttest

Een Antigène-Selbsttest ass een Test, deen Dir selwer maache kënnt, fir eng méiglech COVID-19-Infektioun ze detektéieren. Fir dësen Test braucht Dir keng speziell Formatioun. Een Antigène-Selbsttest sicht no der Presenz vu SARS-CoV-2-Virus-Proteinnen unhand vun engem Ofstréch an der Nues an erméiglecht et op eng séier Aart a Weis eng Infektioun bannent 15 bis 30 Minutten nozeweisen.

Et gëtt geroden, een Test ze benotzen, deen offiziell zu Lëtzebuerg recommandéiert an unerkannt gëtt. D'Lëscht vun den offiziell recommandéierten Tester fannt Dir ënnert dësem Link (Français, Pdf, 486 Kb).

Liest d'Packungsbäilag zur Uwendung vun dësen Tester genau duerch.

Wéini mécht et Sënn een Antigène-Selbsttest ze maachen?

  • no engem Kontakt (bei Verdacht Kontakt mat enger COVID+ Persoun gehat ze hunn), bei deem d'Geste-barrièren net agehale goufen
  • iert datt e Kontakt stattfënnt, bei deem d'Geste-barrièren net agehale ginn

Wann Dir Symptomer hutt, déi op eng COVID-19-Infektioun hiweisen, da kontaktéiert esou séier wéi méiglech Ären Hausdokter, fir dass dësen Iech ee PCR-Test verschreift. 

Wann Ären Antigène-Selbsttest positiv ass:

  • gitt direkt an Eegen-Isolatioun
  • mellt Äert Resultat op covidtracing.public.lu
  • informéiert Är enk Kontakter fir dass si an Eege-Quarantän ginn

D'Ekipp vum Contact Tracing wäert Iech da kontaktéieren.

Et gëtt recommandéiert, d'Resultat vum Antigène-Selbsttest duerch ee PCR-Test confirméieren ze loossen.

Last update