Testaarten

Am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie gëtt et vill verschidden Testméiglechkeete fir eng méiglech Infektioun mam Coronavirus festzestellen. Folgend Tester ginn aktuell zu Lëtzebuerg agesat:

  • PCR-Test
  • Antigène-Test (Schnelltest a Selbsttest)
  • Antikierper-Test (Serologeschen Test)

PCR-Test

D'Ofkierzung PCR steet fir Polymerase Chain Reaction oder Polymerase-Kettereaktioun a gouf 1983 vum Kary Mullis entwéckelt. De PCR gëtt an der medezinescher Diagnostik ënnert anerem zum Ofkläre vu verschiddenen Infektiounskrankheeten agesat.

De PCR-Test ass dee wuel bekanntsten an och gängegsten Test säit dem Ufank vun der Pandemie fir eng Infektioun mam Coronavirus SARS-CoV-2 festzestellen. De PCR-Test gëllt als Goldstandard ënnert de Corona-Tester an ass soumat déi zouverlässegst Method fir bei symptomateschen an asymptomatesche Persounen eng Infektioun mam Virus festzestellen.

Wéi funktionéiert en?

Mam PCR-Test kënne spezifesch DNA- oder RNA-Sequenzen ausserhalb vum liewenden Organismus amplifiéiert ginn. D'Ierfmaterial vum Virus gëtt vervillfältegt (amplifizéiert), wouduerch een d'Presenz vum Virus noweise kann, och wann nëmmen eng geréng Viruslaascht virläit.

Fir d'Duerchféiere vun engem PCR gi folgend Komponente gebraucht:

  • Analysmaterial (z.B. Geweebeprouwen)
  • bestëmmt Reagenzien (Nukleotide (DNA- a RNA-Bausteng)) a Labosapparater
  • een Erkennungssytem fir d'PCR-Produiten

Den Ofstréch gëtt an der Reegel an der Nues oder am Hals gemaach. Hei kann Ierfmaterial (RNA) vum SARS-CoV-2-Virus geholl ginn. Am Labo gëtt d'Ierfmaterial a verschiddenen Zyklen amplifiéiert. Duerno komme sougenannte fluoreszéierend Moleküllen an den Asaz, déi sech um Ierfmaterial festsetzen. Sou ka festgestallt ginn, ob déi gesichte Gensequenze vum Virus virleien oder net. Doriwwer eraus kann d'Viruslaascht, also d'Konzentratioun vum viralen Ierfmaterial, bestëmmt ginn.

CT-Wäert

Den CT-Wäert ass ee Begrëff deen oft am Zesummenhang mat PCR-Tester benotzt gëtt. CT steet fir Cycle Threshold (Däitsch: "Schwellenwert-Zyklus") a seet aus, wéi héich d'Viruslaascht an enger bestëmmter Prouf ass. E bezeechent d'Zuel vun Zyklen, déi e "real-time PCR" gelaf ass, ier eng Fluoreszenz, also eng Virusdetektioun, miessbar ass. Een héije CT-Wäert deit op eng niddereg Viruslaascht an der Prouf hin. Dës seet allerdéngs net onbedéngt eppes iwwert d'Infektiositéit vun der betraffener Persoun aus.

Fir de PCR-Test bewäerten ze kënnen, brauch ee vill verschidden Informatioun, wéi:

  • de Verlaf vun der Krankheet
  • den Ufank an d'Aart vun de Symptomer
  • méiglech Kontakter zu infizéierte Persounen
  • Openthalt a Risikogebidder
  • méiglech Virusmutatiounen

Weiderféierend, wëssenschaftlech Informatiounen zum PCR-Test fannt Dir op folgender Websäit (op Englesch): https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/33595397/

Wéini a vu wiem gëtt de PCR-Test gemaach?

De PCR-Test soll gemaach ginn, wann Dir

  • Symptomer hutt, déi op eng COVID-19-Infektioun hindeiten
  • Kontakt mat enger Persoun waart, déi noweislech u COVID-19 erkrankt ass
  • am Kader vum Contact Tracing oder Large Scale Testing kontaktéiert gouft

De PCR-Test gëtt vu Fachpersonal an enger dofir virgesinner Ariichtung duerchgefouert. Heizou gehéieren zum Beispill déi verschidde Laboratoiren, d'Statioune vum Large Scale Testing oder d'Spideeler. Den Nationale Gesonheetslabo (Laboratoire national de santé, LNS) huet ausserdeem d'Méiglechkeet eng Prouf ze sequenzéiere fir esou d'Aart vum Coronavirus (Mutatioun) festzestellen.

D'Auswäertung vum PCR-Test dauert an der Reegel 24-48 Stonnen. Dëst hänkt allerdéngs vun der Kapazitéit vum Labo an der Unzuel un Tester, déi am Dag gemaach ginn, of. 

Antigène-Test

Schnelltest iwwert een Ofstréch an der Nues oder am Hals

Säit November 2020 sinn dës Schnelltester zu Lëtzebuerg ze kréien. D'Sensitivitéit vun dësen Tester ass e bësse méi geréng wéi déi vun engem PCR-Test, well bei dëser Prozedur keng Amplifikatioun vum Ierfmaterial stattfënnt, mee viral Proteinnen direkt identifizéiert musse ginn. Se läit jee no Test a Patientegrupp bei 70-90%. Dës Tester dénge virun allem der Detektioun vun héich ustiechende Persounen.

De Schnelltest bitt am Géigesaz zum PCR-Test de Virdeel, datt ee säi Resultat bannent 15 Minutte kritt. Soumat kënnen déi betraffe Leit bei engem positive Resultat direkt an Eegen-Isolatioun an hir Kontaktpersounen an Eege-Quarantän goen. Aneschters wéi beim PCR-Test gi beim Antigène-Test Proteinne vum Erreeger gesicht.

Et gëtt verschidde Variante vun Antigène-Schnelltester. D'Schnelltester, déi iwwert een Ofstréch an der Nues oder am Hals gemaach ginn, kënnen nëmme vu forméiertem Personal duerchgefouert ginn, wärend Selbsttester och vu Privatleit gemaach kënne ginn. An all de Fäll gëtt no virale Proteinne gesicht, déi entweder aus dem Hals, vir oder hannen an der Nues oder souguer aus dem Spaut geholl kënne ginn.

Wéini a vu wiem gëtt de Schnelltest iwwert een Ofstréch an der Nues oder am Hals gemaach?

Dës Tester (Ofstréch an der Nues oder am Hals) gi just vu medezineschem Fachpersonal oder speziell dofir forméiertem Personal gemaach. E positiivt Resultat sollt an dësem Fall als Verdacht op eng COVID-19-Infektioun ugesi ginn an duerch ee PCR-Test bestätegt ginn. Am Fall vun engem negative Resultat kann eng héich Ustiechungsgefor aktuell ausgeschloss ginn, allerdéngs déngt d'Resultat nëmmen als Momentopnam. D'Hygiènes- a sanitär Mesurë musse weiderhin agehale ginn.

Dësen Test déngt der schneller Erfaassung vun enger erkrankter Persoun mat Symptomer, kann awer och als Kontroll agesat ginn, wéi zum Beispill bei Visiteuren an engem Fleegeheem.

Wann ee positiivt Testresultat virläit, muss d'Persoun, déi getest gouf, dëst dem Contact Tracing iwwert den dofir virgesinne Formulaire mellen.

Antigène-Selbsttest (Nasal)

Säit kuerzem gëtt et déi sougenannten Antigen-Selbsttester, déi iwwert een Ofstréch an der Nues gemaach kënne ginn, ouni dass een dofir eng spezifesch Formatioun brauch. Dës Tester kënnen also vu jiddwerengem gemaach ginn.

D'Genauegkeet ka staark opweechen. Jee no Test a Persoun läit se bei symptomatesche Persounen tëscht 80 a 95% a bei asymptomatesche Persounen tëschent 50 a 60%.

D'Genauegkeet vum Test ass optimal tëschent dem éischten a véierten Dag nom Optriede vu Symptomer, als wärend dem Héichpunkt vun der Infektioun.

Bei engem negativen Testresultat sollt ee PCR-Test gemaach ginn, wann d'Symptomer méi schlëmm ginn oder unhalen. Kontaktéiert an deem Fall Ären Hausdokter.

Huet d'Persoun allerdéngs keng Symptomer an hat se och kee Kontakt mat enger infizéierter Persoun, da kann dat negatiivt Testresultat als negativ verstane ginn.

Bei engem positiven Testresultat muss een dovunner ausgoen, datt déi betraffe Persoun infizéiert ass, besonnesch wa se Symptomer opweist. Déi positiv geteste Persoun muss an Eegen-Isolatioun goen an dat positiivt Resultat iwwert dëse Formulaire un d'Gesondheetsdirektioun iwwermëttelen. Duerno muss si all Persounen, mat deen si ee Kontakt mat héijem Risiko hat, informéieren, sou datt dës an Eege-Quarantän goe kënnen.

D'Gesondheetsdirektioun wäert déi betraffe Persounen da sou schnell wéi méiglech kontaktéieren.

D'Resultat vum PCR-Test konfirméiert just dat initiaalt positiivt Resultat vum Antigène-Selbsttest. 

Wéini a vu wiem gëtt een Antigène-Selbsttest an der Nues gemaach?

Dës Aart vun Test ka vu jiddwerengem gemaach ginn. Se déngt als reegelméisseg Kontroll awer och beim Optriede vu Symptomer zum séieren Erkenne vun enger Infektioun mat SARS-CoV-2. Dat positiivt Resultat vun engem Antigène-Selbsttest muss iwwert dës Säit gemellt ginn.

Opgepasst: Net all Schnelltest ass als Selbsttest zougelooss! Eng Lëscht mat den Antigène-Selbsttester, déi zu Lëtzebuerg recommandéiert sinn, fannt Dir hei.

Een Antigène-Selbsttest deen an der Schoul, am Sport oder an enger Entreprise ënnert der Opsiicht vun der heivir designéierter Persoun gemaach gouf, muss iwwer MyGuichet gemellt ginn.

Wichteg: Liest onbedéngt virum Benotze vun den Tester d'Packungsbäilag. 

Spauttest

Dës Aart vun Test funktionéiert nom selwechte Prinzip wéi den Ofstréch an der Nues.

Dës Tester, wann se op der Lëscht vun de Selbsttester opgelëscht sinn, kënnen ouni Weideres gemaach ginn. 

Antikierper-Test (Serologeschen Test)

Antikierper sinn en Deel vun der Immunäentwert an déngen der Neutralisatioun vum Virus am Kierper.

Den Antikierper-Test, net ze verwiessele mam Antigène-Test, weist, ob eng Persoun Antikierper géint de Coronavirus huet oder net. Duerch dësen Test kann een erausfannen, ob eng Persoun sech an der Vergaangenheet, och onbewosst, mam SARS-CoV-2 ugestach huet, oder ob no enger Impfung Antikierper géint de Virus gebilt goufen.

Antikierper-Schnelltest

Antikierper-Schnelltester fir Amateure sinn um fräie Marché ze kréien, allerdéngs sinn dës aktuell manner zouverlässeg wéi d'Tester am Labo.

Wéini a vu wiem gëtt een Antikierper-Test gemaach?

Een Antikierper-Test gëtt iwwert eng Bluttanalys an engem heivir virgesinne Labo, awer och unhand vun enger Bluttdrëps aus dem Fanger (DBS – Dry Blood Spot) gemaach. Ee Blutttest kann zu all Moment och op eege Käschte gemaach ginn.

Dësen Test mécht virun allem Sënn, wann de Verdacht besteet, eng länger Zäit mat enger positiv getester Persoun a Kontakt gewiescht ze sinn oder wann een no enger COVID-19-Erkrankung wësse wëll, wéi héich den Undeel un Antikierper a sengem Kierper ass. Een héijen oder nidderege Wäert un Antikierper heescht net onbedéngt, datt een immun ass, well Antikierper nëmmen een Deel vun der gesammter Immunäentwert vum Kierper duerstellen.

Am Kader vum Large Scale Testing gëtt all Woch eng representativ Grupp aus der Lëtzebuerger Bevëlkerung agelueden, opgrond vu Wunnuert, Alter a Stot, fir ee kontinuéierleche Bléck op d'Evolutioun vun der Pandemie ze hunn. 

D'Teststrategie, souwéi d'Impfstrategie si Schlësselelementer zur Bekämpfung vun dëser Pandemie. Sollt Dir d'Méiglechkeet hunn ee vun de genannten Tester ze maachen, da maacht dat an hëlleft esou d'Verbreedung vum Virus anzedämmen.

Last update