Meng COVID-19-Testresultater ofruffen

Mat Ordonnance

D'Testresultater kënne consultéiert ginn iwwer de Laboratoire deen den Test duerchgefouert huet. D'Laboratoirë schécken entweder eng SMS oder kommunizéieren Är Resultater via Ären Account op hirer Internetsäit. Consultéiert d'Internetsäit vum Laboratoire deen Ären Test duerchgefouert huet fir weider Informatiounen.

Ouni Ordonnance

Wéi dir Är Resultater kritt, hänkt vum COVID-Consultatiounszenter (CCC) of an deem Dir de PCR-Test duerchgefouert hutt.

Wann Dir an den CCC op de Kierchbierg waart, kritt dir eng SMS mat engem Code wou Dir Iech um Portal vum LNS musst alogge fir Är Resultater ze consultéieren.

Wann Dir an den CCC op Esch-Uelzecht waart, kritt Dir eng SMS mat Äre Resultater an Dir kënnt se an der Bionext-App consultéieren.

Invitatioun fir de Large Scale Testing

Wann Dir ee PCR-Test gemaach hutt, kritt Dir Är Resultater bannent 48 Stonne via SMS. Samschdes ab 12:00 Auer a Sonndes ginn an dësem Delai vun 48 Stonnen net mat agerechent.

Dir kënnt Är Resultater online via dëse Link ofruffen. Dir braucht dofir Är Matricule an ee Verificatiounscode deen dir op Är Telefonsnummer geschéckt kritt, déi Dir fir de Rendez-vous uginn hat.

Wann dir e serologeschen Test gemaach hutt, kritt Dir Är Resultater direkt via SMS. Dir kritt och eng Bestätegung per Post. Ausserdeem kënnt Dir Är Resultater och iwwer dëse Link ofruffen..

Fir Är Resultater online ofzeruffen, braucht Dir Är Telefonsnummer an Äre Gebuertsdatum. Dir kritt iwwer SMS och e Sécherheetscode geschéckt. Dësen ass indispensabel fir Accès zu Ären Testresultater ze kréien.

Wann Dir positiv getest gouft, gitt dir, onofhängeg vun der Testmethod, vun der Contacttracing-Ekipp kontaktéiert. Wärend Dir op den Uruff waart, kënnt Dir op covidtracing.lu mathëllefen, déi Persounen ze identifizéiert, mat deenen Dir a Kontakt waart.

Wann Dir mat enger Persoun a Kontakt waart, déi positiv getest gouf, kënnt Dir wgl. och dëse Link benotzen.

Tester an den ëffentleche Schoulen

An Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), ginn aktuell mobil Testekippen an déi Schoule geschéckt wou e positive COVID-19 Fall bestätegt ginn ass. Dës Ekippen intervenéieren de 6. Dag no der Infektioun fir eng eventuell Weiderverbreedung vum Virus ze detektéieren.

Dës Tester ginn op Basis vun den Formulairen duerchgefouert, déi d'Erzéiungsberechtegt schonn am Virfeld kritt a mat deene si hir Zoustëmmung fir hir mannerjärege Kanner ginn hunn.

D'Resultater ginn Iech op der Telefonsnummer matgedeelt déi Dir op dësem Formular uginn hutt. Bei engem negativen Testresultat kritt Dir eng SMS geschéckt. Bei engem positive Resultat kritt Dir ugeruff, fir wichteg Informatiounen iwwert déi nächst Etappen ze kréien. D'Resultat kritt Dir bannent 24 Stonnen.

Persounen déi reesen

Wann Dir bei Ärer Arrivée um lux-Airport en Antigen-Schnelltest gemaach hutt, kritt Dir Är Resultater bannent 15 – 20 Minutten.

Wann Dir virun Ärer Rees an d'Ausland en Test iwwert de Large Scale Testing gemaach hutt, kritt Dir Är Resultater iwwer SMS a kënnt se och online ofruffen..

Wann Dir virun Ärer Rees en Test um lux-Airport gemaach hutt, kritt Dir Äert Resultat iwwert den online Account, deen Dir erstallt hutt wéi Dir Iech fir den Test ugemellt hutt. Wann Äert Resultat disponibel ass, kritt Dir et per E-Mail geschéckt. Weider Informatioune fannt Dir op dëser Säit.

Last update