Bonge fir certifiéiert Antigène-Selbsttester

Ab dem 15. Januar 2022 trëtt op der Aarbechtsplaz de CovidCheck-System a Kraaft. Am Kontext vun der COVID-19-Pandemie, soll dëst zu engem méi sécheren Aarbechtsëmfeld bäidroen.

An dësem Zesummenhang stellt déi Lëtzebuerger Regierung alle Persounen, déi fir d'éischt geimpft ginn (d. h. déi hir éischt Impf-Dosis kruten) eng Serie personaliséiert Coden zur Verfügung, fir dass si sech bis zum kompletten Impfschutz gratis teste loosse kënnen.

Säit dem 10. Januar 2022, ass et méiglech iwwert folgende Link ee Rendez-vous ze huelen:

Rendez-vous huelen iwwer guichet.lu

Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen a sech an hirem Heemechtsland impfe loossen, kënnen ufroen, fir personaliséiert Codë per E-Mail zougestallt ze kréien. D'Demande dofir muss u follgend Adress geschéckt ginn: codes-testing-armee@ms.etat.lu.

Plazen an Ëffnungszäiten

D'Testzentere sinn op follgende Plazen a Betrib:

  • op dem Parking Luxexpo-Süd um Kierchbierg
  • um P&R Süd um Houwald
  • um Parking beim Rond-point Rammerech
  • an der Industriezon ZANO um Fridhaff
  • beim Centre polyvalent zu Jonglënster

D'Testzenteren sinn tëschent dem 15. Januar an 28. Februar 2022 op:

  • Vu Méindes bis Donneschdes, vu 06:00 bis 20:00 Auer
  • Freides, vu 06:00 Auer bis 13:00 a vu 16:00 bis 20:00 Auer
  • Samschdes, vu 06:00 Auer bis 10:00 a vu 16:00 bis 20:00 Auer
  • Sonndes, vu 06:00 Auer bis 10:00 a vun 13.00 bis 20:00 Auer

Et sief drop higewisen, dass all Persoun, déi sech teste losse wëll, en obligatoresche Rendez-vous muss huelen. Virum Test, muss déi betraffe Persoun d'Bestätegung vum Rendez-vous printen an zesumme mat hiren Identitéitspabeiere virweisen. D'Antigène-Selbsttester si 24 Stonne gülteg.

Last update