Wéi kann ech mech teste loossen?

Mat Ordonnance

Wann Dir eng Ordonnance vum Dokter hutt, da kënnt Dir Iech ee Rendez-vous bei de folgende Laboratoiren huelen:

Fir Kanner tëschent 2 a 6 Joer, déi eng Ordonnance hunn, offréiert d'Ligue médico-sociale, an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), PCR-Tester fir op COVID-19 ze testen. Huelt Äre Rendez-vous hei.

Fir Kanner ënner 2 Joer ka mat enger Ordonnance e Rendez-vous an der Kannerklinik geholl ginn, iwwer dëse Link.

Wann Dir keng COVID-19 Symptomer a keng Ordonnance hutt, kënnt Dir op eege Käschten en Test bei de Laboratoirë maache loossen.

Invitatioun fir de Large Scale Testing

De Large Scale Testing (LST) ass en Place gesat gi fir engersäits d'Verbreedung vum Virus am Land z'observéieren, mee och fir eng gewësse Flexibilitéit a Viraussiicht ze erméiglechen, wann d'Infektiounen an d'Luucht ginn. Esou kënnen d'Infektiounsketten ënnerbrach an d'Zuel vun den Infektioune niddereg gehale ginn. De Large Scale Testing erlaabt et Residenten a Frontalieren sech mat engem PCR-Test (Ofstréch am Mond) oder duerch e serologeschen Test (Bluttprouf) testen ze loossen. Eng Invitatioun gëtt per Post oder per E-mail mat engem personaliséierte Code geschéckt, deen et jidderengem erlaabt esou een Test gratis ze maachen.

Wann Dir COVID-19 Symptomer hutt, waart net op eng Invitatioun fir den LST. Kontaktéiert Ären Hausdokter fir eng Ordonnance oder adresséiert Iech un de COVID-19-Consultatiounszenter (CCC).

PCR-Tester

Rendez-vous huelen

Wann Dir méi Froen zum Large Scale Testing hutt, kënnt Dir d'Hotline kontaktéieren, déi vu Méindes bis Sonndes vun 08:00 - 19:00 Auer op dëser Nummer ze erreechen ass: +352 247 65533

De PCR Test, dee mat engem Ofstréch am Hals gemaach gëtt, kann op dëse Plazen duerchgefouert ginn: 

  • Bascharage / Parking Z.I. Bommelscheuer
    Rue Heierchen
    4940 Bascharage
    Luxembourg
    Serologesch "DBS" Tester ab dem 3. Mee 2021.
  • Esch (P+R Arcelor-Mittal, Raemerich)
    Route d'Esch
    4310 Raemerich
    Luxembourg
  • Hosingen (Schoul- a Sportzenter "Parc Hosingen")
    Tëschent Schinkert a "Parc Hosingen"
    9841 Walhausen
    Luxembourg
    Den Testzenter ass um Parking vum AquaNat'Our (Richtung "Parc" vum Rond-point Schinkert op der E421, tëschent Poschend an Hosingen-Barrière).
  • Howald P+R (CR231)
    1, Rue In Bouler
    1350 Howald
    Luxembourg
    Route to :  Howald P+R (CR231)
    Serologesch "DBS" Tester ab dem 3. Mee 2021.
  • Luxembourg / Bouillon (walk-/drive-in)
    Rue de Bouillon
    L-1248 Luxembourg-Hollerich
    Luxembourg
  • Machtum / Grevenmacher (N10)
    Rue de Machtum
    6753 Grevenmacher
    Luxembourg
    Serologesch "DBS" Tester ab dem 3. Mee 2021.
  • Miersch
    77, Rue d'Arlon
    7513 Mersch
    Luxembourg
    Route to :  Miersch
    Serologesch "DBS" Tester ab dem 3. Mee 2021.
  • Steinfort P+R (N6)
    Rue Collart
    8414 Steinfort
    Luxembourg
    Route to :  Steinfort P+R (N6)

Serologesch Tester

Rendez-vous huelen

De serologeschen Test, deen duerch eng Bluttanalys gemaach gëtt, ka bei folgenden Teststatiounen duerchgefouert ginn:

Serologesch Tester kënnen nëmme vu Méindes bis Freides vun 12:00 - 15:00 Auer duerchgefouert ginn.

Ab dem 3. Mee 2021 ginn nei serologesch Tester, mam Numm DBS ("Dry Blood Spot"), direkt an den LST-Dirve-In-Statiounen zu Miersch, Gréiwemaacher, Houwald a Nidderkäerjeng duerchgefouert.

Et sief ugemierkt, datt déi serologesch Tester nëmme vu Méindes bis Freides, vu 7- 12 Auer, duerchgefouert ginn. 

Antigen-Selbsttester

Een Antigen-Selbsttest kann een Indice si fir eng COVID-19-Infektioun. Dësen Test ass um fräie Maart ze kréien a ka vu jidderengem benotzt ginn. Eng Lëscht mat den Tester, déi zu Lëtzebuerg zougelooss sinn, fannt Dir op sante.lu.

Liest d'Packungsbäilag zur Uwendung vun dësen Tester genau duerch. Et gëtt iwwerdeems recommandéiert d'Resultat vu sengem Antigen-Selbsttest duerch ee PCR-Test confirméieren ze loossen. Kontaktéiert heivir Ären Hausdokter.

An ëffentleche Schoulen am ganze Land

An Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), goufe mobil Testekippe geschaaft, déi aus administrativem Personal a Gesondheetspersonal bestinn. Dës Ekippe si fir d'Duerchféiere vu COVID-19-Tester an de Schoulen zoustänneg wou Infektiounskette bestinn. Wann ee Kand positiv getest gëtt an um Präsenzunterrecht an der Schoul deelgeholl huet, ginn déi mobil Testekippen de 6. Dag no der Infektioun dohi geschéckt, fir eng eventuell Weiderverbreedung vum Virus ze detektéieren.

Formulairë goufe schonn erausgeschéckt a vun den Elteren ausgefëllt, fir wichteg Informatiounen, wéi d'Zoustëmmungserklärung an d'Telefonsnummer vum Erzéiungsberechtegten ze kréien, wou d'Resultater higeschéckt kënne ginn.

Den Dag vum Test kann de Schüler tëschent engem Ofstréch am Hals oder an der Nues wielen.

Persounen déi reesen

Wann Dir mam Fliger iwwer de lux-Airport areest

All Persoun, déi no enger Rees mam Fliger zu Lëtzebuerg ukënnt, ka vun engem gratis PCR-Test um Flughafen um Findel profitéieren. Et sief preziséiert, dass d'Passagéier sech den Dag selwer vun hirer Arrivée am COVID-19-Testzenter um Lux-Airport mussen teste loossen. Dofir musse si hire Voucher (disponibel mam Gepäck) an hire Fluchbilljee presentéieren. D'Resultater vun de PCR-Tester si bannent 24 Stonne verfügbar.

Et gi Restriktioune wat d'Persounen ugeet, déi op Lëtzebuerg reesen dierfen. Weider Informatiounen zu den Areesbestëmmunge fannt Dir op dëser Säit.

Wann Dir iwwert een aneren Transportwee zeréck op Lëtzebuerg kommt

Wann Dir iwwer een aneren Transportwee op Lëtzebuerg zeréckkommt, wéi z. B. mam Bus oder Zuch, musst Dir keen negativen Test bei der Arees virweisen. Wann Dir zu Lëtzebuerg ukommt, hutt Dir awer d'Méiglechkeet ee gratis Test an enger Teststatioun vum Large Scale Testing ze maachen. Maacht Äre Rendez-vous hei.

Wann Dir als Resident Lëtzebuerg verloosst

Wann Dir aus Lëtzebuerg an e Land reest, wou een negativen Test bei der Arrivée verlaangt gëtt, musst Dir Iech direkt a matzäiten un e Laboratoire fir medezinesch Analyse wenden (Laboratoires Réunis, BioneXt LAB oder Ketterthill), fir Äre Rendez-vous unzefroen. Den Test kann och an der Teststatioun vum Findel duerchgefouert ginn. D'Käschte vum Test si vun där Persoun ze droen, déi d'Analys ufreet.

Wann Dir Student sidd an een negativen Test braucht fir zeréck op d'Uni ze goen, huet d'ACEL Codë fir een Test bei de Large Scale Testing Statiounen ze maachen. Klickt dofir hei.

Wann Dir eng Geschäftsrees maache musst, kënnt Dir bei der Chambre de commerce a beim House of Entrepreneurship Codë fir de Large Scale Testing ufroen:

De lux-Airport huet eng Teststatioun fir Persounen déi reesen an déi op eege Käschten do kënnen een Test maachen. Weider Informatiounen fannt Dir hei.

Last update